D'Mobilitéit war ee vun de grousse Sujeten an de Walprogrammer vun de Parteien. D'Marie Gales huet sech och do Gedanke gemaach, allerdéngs e puer anerer an zwar iwwert d'Motosfuerer
Haut schwätzt d'Magali Paulus eis, kuerz virun de nationale Wahlen, iwwer eist klengt Land an seng Impakter. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei Etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Nach 3 Deeg bis d'Wahlen...all Stëmm zielt. Wierklech? freet sech de Moien d'Carine Lemmer a sengem Commentaire, well déi eng Stëmme si méi wäert wéi déi aner.
D’Wahlen 2018 sti virun der Dir, an am Land herrscht zum Deel eng beonrouegend Stëmmung. Puer Gedanken dozou vum Dr. Laurent Schley, President vun AHA, a senger Carte blanche vun haut, mam Titel „Solidaritéit statt Haass“.
Mir sinn den 27. Abrëll 2054. Am ‘natur musée’ kënnt et wéinst enger Surcharge an de Leitungen zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer. A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely déi ganz Geschicht. Et ass keng mat Happy End!
Bal 9 Milliarden Tonne Plastik hu mir Mënschen zanter Ugangs de 50er Jore weltwäit produzéiert. E grousse Problem sinn déi sëlleche Verpackungen, och a grad am Bioberäich. E puer Gedanken dozou vum Josiane Hoffmann:
D’Fuerschung huet hire Wee an d’Parteiprogrammer fonnt. Eng Entwécklung déi den Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche begréisst. Wéi eng Roll gesinn d’Parteien fir d’Recherche zu Lëtzebuerg an wat kann eng zukünfteg Regierung nach maachen, fir dësen Atout vum Land nach weider ze stäerken? Eng Carte Blanche vum Marc Schiltz.