RTL - Lecture vun heiheem

RTL - Lecture vun heiheem

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

All RTL - Lecture vun heiheem episodes

  • "Das Gangrän" vum Maxime Weber, 18/12/2021
    Am Maxime Weber sengem Débutroman geet et ëm en onerkläerlecht Naturphänomen dat riskéiert all Liewen op der Äerd auszeläschen

    4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, nees zeréck a säin Heemechtsduerf kënnt. Dass an Indien en onerkläerlecht Naturphänomen eng Rei Mënscheliewe gefuerdert huet, ass fir hat eng Newsstory déi awer keen Afloss op säin eegent Liewen huet. Ongeféier esou wéi mir 2019 d’Nouvellë vu Wuhan héieren hunn…

    Wéi dann d’Gangrän sech awer ëmmer méi séier iwwer de Globus ausbreet, ginn och déi Pardenger mat de Konsequenze vun enger globaler Katastroph konfrontéiert. Zesumme mat senge Frënn Caroline a Jean-Paul muss och d’Jeanne decidéieren wéi hat an der Situatioun reagéiere wëll. Solle si einfach nokucken, wéi d’Welt ronderëm si ëmmer méi am Chaos ënnergeet, an hu si iwwerhaapt nach esou eppes wéi en Handlungsspillraum?

    Am Interview erzielt de Maxime Weber wéi hien d’Welt ronderëm déi fiktiv Uertschaft Pardeng konstruéiert huet a wéi eng Roll Theme wéi Muecht a Muechtmëssbrauch, awer och Hoffnung an Engagement a sengem Roman spillen.

    De Roman "Das Gangrän" vum Maxime Weber ass bei Kremart Edition erauskomm. An: Dir kënnt den Auteur deen iwwregens och Museker ass, live erliewen. E Mëttwoch 22sten Dezember ass hien Owes um 8 Auer am Kader vu "Musik und Literatur" am "Gudde Wëllen" an der Stad, mat sengem Buch "Das Gangrän" a sengem Musek-Projet "Death was a Mistake" .
    20 min
  • En Tour iwwer d'Walfer Bicherdeeg 2021, 26/11/2021
    20 Stonne fir d'Buch iwwer 2 Deeg verdeelt, dat waren d'Walfer Bicherdeeg 2021.

    D'Bea Kneip huet sech op de Walfer Bicherdeeg net nëmmen mat e sëllechen Auteuren ënnerhalen, mä hat huet och d'Frettchen Frieda kennegeléiert, war bei engem Ausfluch op d'île Maurice dobäi an hat huet souguer e gudden Tipp kritt, wéi een aus senger Léift zu Bicher e Beruff maachen kann. Dat alles an nach vill weider Interviewen an Andréck fannt Dir am Podcast "Lecture vun heiheem"
    26 min
  • Kannerbicher op de Walfer Bicherdeeg 2021, 24/11/2021
    Von Zauberworten und Zukunftsmut, dat war d’Motto vun de Walfer Bicherdeeg 2021.

    Dës 26ste Editioun stoung ganz besonnesch am Zeeche vun der Kannerliteratur. Am Centre Prince Henri, dee ganz fir d’»Books for Kids” reservéiert war, gouf et villes z’entdecken. E puer Beispiller hunn ech fir Iech erausgepickt.
    Vun dëse Bicher geet (ënner aneren) am Podcast rieds:
    "Taz den Draach an de Mr Smiff/Taz the Dragon and Mr Smiff" vum Jeremy Pendle (Op der Lay)
    "Man d'Frënn der Mutt, gëtt alles gutt" E Projet vun der Walfer Schoul
    "De Muxfux huet Gebuertsdag" Sally Weiland a Corinne Wirion, mat der Musek vum Kathrin Trierweiler (FGIL)
    "Dem Stinki seng Oueren" vun der Lydie Develter (Ernster éditions)
    14 min
  • "Lapsuus" vum Joseph Kayser, 15/11/2021
    "Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser.

    Nodeems e sech mat Romaner an Novellen op Lëtzebuergesch en Numm gemaach hat, ass elo dem Joseph Kayser säin éischte Roman op Däitsch erauskomm

    "Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. "Lapsuus", sou den Titel, ass dat finnescht Wuert fir "Kandheet" an de Pit, en éischter mëttelméissege Journalist, dem säi Liewen ëmmer méi ausser Kontroll geréit, gëtt bei de Recherchen fir e Reportage mat sengen eegene Kandheetserënnerunge konfrontéiert. Dëse Reportage féiert en nämlech ausgerechent a säin Heemechtsduerf, en isoléiert Nascht an dat just eng Strooss eraféiert, awer keng méi eraus, well et, ganz einfach op der anerer Säit näischt méi gëtt. Déi Erënnerungen déi dobäi héichkommen, kann de Protagonist net méi steieren,
    Dobäi ass Erënneren a Vergiessen fir jiddereen eppes aneschtes. Fir den André zum Beispill, e fréiere Schoulkomerod vum Pit, deen näischt vergiesse kann. A fir de Pit selwer, deen sech ëmmer manner op seng Erënnerung verloosse kann. Gëtt et en Auswee? Kann een einfach esou fortlafen, an alles hannert sech loossen, d'Erënneren grad esou gutt wéi d'Vergiessen?
    Am Interview erzielt de Joseph Kayser wat een a sengem villäicht bis elo beschte Roman, esou alles tëscht den Zeile liese kann.
    24 min
  • Kannerbicher héich 4, 18/10/2021
    Sandmeedchen, Rabbelkapp, Bellibimbam a Waking the Mountain

    Kannerbicher kënnen alles sinn: si hëllefen deene Jéngsten d’Welt ronderëm si ze verstoen, si sensibiliséieren op Alles dat wat an eiser Gesellschaft schiifleeft, si sinn awer och an haaptsächlech eng Spillwiss fir d’Fantasie. Am beschte Fall begeeschteren si nët nëmmen déi kleng, mä och erwuesse Kanner. 4 ganz ënnerschiddlech Beispiller hu mir fir Iech erausgepickt:
    "Waking the Mountain" (Text: Marina Fonseca Biller: Lisa Junius Verlag: Zoom éditions )
    "D'Sandmeedchen - Eng Posch voller Dreem" (Text: Yorick Schmit Biller: Dirk Kesseler Verlag: Kremart Edition an Zesummenaarbecht mat de Rotonden )
    "De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru" (Text: Roland Meyer Biller: Thimoty Jenon Verlag: Op der Lay)
    "De Rabbelkapp" (Text a Lidder: Romy Grandgenet Biller: Annick Sinner Verlag: SNE)
    27 min
  • "Daisy Fiedler" vun der Margret Steckel, 09/10/2021
    Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt

    D’Margret Steckel, Joergang 1934, ass an der Géigend vu Rostock am heidege Bundesland Mecklenburg-Vorpommern opgewuess. 1955 huet si déi deemoleg DDR verlooss, an huet als Dolmetscherin an Iwwersetzerin ënner anerem an der Filmindustrie geschafft. Iwwer Irland an England huet hire Wee si schlussendlech op Lëtzebuergesch gefouert, wou si zënter 1983 lieft a schreift. 1997 gouf si fir hir Erzielung «Der Letzte vom Bayrischen Platz» mam Servaispräis ausgezeechent, an ass zënterhir aus der Lëtzebuerger Literatur net méi ewechzedenken.

    No hirer Novell «Jette, Jakob und die anderen» déi 2017 erauskoum, verschafft si och an hirer neister Erzielung mam Titel «Daisy Fiedler» hir eege Kandheet a Jugend. Am Interview erzielt si wéi si dat echt Daisy Fiedler kennegeléiert huet, vun hirer Jugend an der DDR a wéi di jonk Frau, déi eigentlech eng talentéiert Sportlerin war, progressiv vun enger misteriéiser Lähmung befall gouf. Trotz allem huet d’Daisy ëmmer dat Bescht aus hirem Liewe gemaach. Bis enges Dages e Pak den un d’Daisy addresséiert war, zeréckkënnt, mam Vermierk «verstuerwen» . Dat trauregt Enn vun hirer Frëndschaft, mat dem d’Erzielung ufänkt…
    20 min
  • "De Leo an den Oktopus" vun der Isabelle Marinov, 21/08/2021
    Dee klenge Leo frënnt sech mat engem aussergewéinlechen Déier un. Mä de Leo ass och en aussergewéinleche Jong.

    "Leo and the Octopus" dat ass den Originaltitel vun engem englesche Kannerbuch dat elo an der lëtzebuergescher Iwwersetzung (iwwersat vun der Isabelle Marinov an der Martine Schoellen) bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. Dat Besonnescht dodrun? D'Autorin Isabelle Marinov ass eng Lëtzebuergerin.
    D’Welt war ze grell fir de Leo. An ze haart.
    „Villäicht liewen ech jo um falsche Planéit?“ huet hien sech gefrot.
    D’Kanner wollten net mat him spillen. Si hunn hien net verstanen. An hien huet si net verstanen.

    D’Liewen um falsche Planéit war ustrengend.
    Et huet hie midd gemaach.
    An hien huet sech dacks eleng gefillt.

    Bis en d’Maya kenne geléiert huet.

    D'Maya ass en Déier. Allerdéngs keng Kaz a keen Hond. Och keen Hamster a kee Mierschwéngchen. An och kee Papagei. D'Maya ass en...Oktopus. Dass de Leo sech ausgerechent mat him ufrënnt, huet e Grond. De Leo ass Asperger-Autist an huet Schwieregkeeten d'Stëmmung vu Mënschen aus hirem Gesiichtsausdrock erauszeliesen. Beim Maya ass dat kee Problem. Hat wiesselt seng Faarf je nodeems wéi hat gelaunt ass. A wann hat de Leo gesäit, ass hat ëmmer gutt gelaunt!
    20 min
  • 2 Kannerbicher: "An du koumen d'Capybaraen" a "Pantastesch", 27/07/2021
    De Panda Teo ass den Held an dem faarwege Kannerbuch "Pantastesch". "An du koumen d'Capybaraen" vum Alfredo Soderguit gëtt et elo och op Lëtzebuergesch

    An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm 2 Kannerbicher. „Pantastesch“ vum Gilles Kolbet mat Illustratiounen vum Marcel Morbé, an: „An du koumen d’Capybaraen“ vum Alfredo Soderguit

    "Si waren zu vill. Si ware buuschteg. Si waren naass. Si ware vill ze grouss."

    Wéi d’Capybaraen um Hingerhaff ukommen, si se alles mä net wëllkomm. Eréischt wéi e klenge capybara an jippelchen Frënschaft schléissen, léieren d’Hénger an d’Capybaraen sech besser kennen.

    "Los carpinchos" ass en erfollechräicht Kannerbuch vum uruguayeschen Auteur an Illustrateur Alfredo Soderguit. Ënnert dem Titel "An du koumen d'Capybaraen" ass et elo an enger lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Sébastian Thiltges erauskomm. Am Verlag...capybarabooks. Wéi de Verlag u säin Numm komm ass, a firwat déi südamerikanesch Waasserschwäin esou sympatesch sinn, dat a villes méi verréit d'Editrice Susanne Jaspers am Interview

    "Wat hunn ech d'Flemm! Fir déi aner Déieren sinn ech ëmmer nëmmen dee léiwe Panda. Deen dee kenger Méck eppes zuleeds deet. Een deen déi ganzen Zàit näischt aneres mécht, wéi iessen a schlofen...Mee ech kann och anescht!" reegt de Panda Teo sech op"

    De Panda Teo huet vill Frënn, an awer ass en net zefridden! E fillt sech net esou richteg eescht geholl, ganz anescht wéi säi grousst Virbild de Léiw...Firwat en sech fir säin éischt Kannerbuch mam Titel "Pantastesch" grad esou en häerzegt Déierchen erausgesicht huet, dat erzielt den Auteur Gilles Kolbet am Interview
    22 min
  • "Miroir ambulant" vum Tom Reisen, 16/07/2021
    2019 krut den Tom Reisen de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Kuerzgeschichtesammlung „Les bulles“. „Miroir ambulant“ ass säin éischte Roman

    Eng Summernuecht zu Paräis, d’Läich vun engem Mann gëtt an der Seine fonnt. Kuerz drop schellt bei engem Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade, dem Maurice Vankoff ,den Telefon. Et huet sech nämlech erausgestallt, dass den Doudegen e Lëtzebuerger war. Net nëmmen dat, mä den Numm vum Verstuerwenen ass: Maurice Vankoff! Kee Wonner, dass dee liewegen Maurice Vankoff méi iwwer säin Homonym wëll erausfannen…Et ass den Ufank vun engem Parcours bei dem hien souzesoen de Spigel virgehale kritt…Eng Reflexioun am duebele Sënn…
    De Roman spillt zu Paräis, verschidde Flashbacke féieren de Lieser an d’Vergaangenheet déi sech zu Lëtzebuerg, awer och an den USA ofspillt. Dobäi hunn déi verschidde Plaze ganz ënnerschiddlech Bedeitungen.
    Am Interview erzielt den Tom Reisen ausserdeem wéi ee Kinosfilm am Roman eng grouss Roll spillt an e geheit e klenge Clin d’oeil op déi lëtzebuerger Medien a Literaturzeen.
    11 min
  • "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer", 13/06/2021
    D'Bea Kneip huet sech mam Jemp Schuster iwwer seng Familljechronik ënnerhalen.

    Mat « Bluttsëffer, deem éischten Deel vu senger Familljechronik, hat de Jemp Schuster direkt e Rise-Succès. Wien et gelies huet, huet wuel och schon ongedëlleg op den zweeten Deel gewaart!
    Et si 5 Generatioune vun enger Famill déi de Jemp Schuster iwwert ee Jorhonnert begleet, vun 1905 bis 2005. Direkt op den éischte Säite begéine mir hinne bei enger Gebuertsdagsfeier, an do gëtt ee schonn esou munches iwwer déi Familljegeschicht gewuer déi op den nächsten dausend Säiten am Detail verzielt gëtt. Eng, natierlech, erfonnte Familljegeschicht, déi awer esou, oder esou ähnlech, hätt kéinten oflafen, an der ee villes erëmerkennt, wat ee séngerzäit vu Bomi a Bopa erzielt krut, oder wat ee selwer erlieft huet.
    Den zweeten Deel, Ouereschlëffer, fänkt do un wou den éischten Deel opgehalen huet. Mir sinn ugangs der 50er Joren, de Krich ass eriwwer, an awer ännert d’Welt sech villäicht nach méi séier a méi radikal wéi an dem hallwe Jorhonnert virdrun.
    Wat hien dozou bewegt huet, säin éischte Roman ze schreiwen, a wat déi ongewéinlech Titelen ze bedeiten hunn, op dës an aner Froen äntwert de Jemp Schuster am Interview.
    22 min