RTL - Lecture vun heiheem

"Das Gangrän" vum Maxime Weber, 18/12/2021


Listen Later

Am Maxime Weber sengem Débutroman geet et ëm en onerkläerlecht Naturphänomen dat riskéiert all Liewen op der Äerd auszeläschen

4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, nees zeréck a säin Heemechtsduerf kënnt. Dass an Indien en onerkläerlecht Naturphänomen eng Rei Mënscheliewe gefuerdert huet, ass fir hat eng Newsstory déi awer keen Afloss op säin eegent Liewen huet. Ongeféier esou wéi mir 2019 d’Nouvellë vu Wuhan héieren hunn…

Wéi dann d’Gangrän sech awer ëmmer méi séier iwwer de Globus ausbreet, ginn och déi Pardenger mat de Konsequenze vun enger globaler Katastroph konfrontéiert. Zesumme mat senge Frënn Caroline a Jean-Paul muss och d’Jeanne decidéieren wéi hat an der Situatioun reagéiere wëll. Solle si einfach nokucken, wéi d’Welt ronderëm si ëmmer méi am Chaos ënnergeet, an hu si iwwerhaapt nach esou eppes wéi en Handlungsspillraum?

Am Interview erzielt de Maxime Weber wéi hien d’Welt ronderëm déi fiktiv Uertschaft Pardeng konstruéiert huet a wéi eng Roll Theme wéi Muecht a Muechtmëssbrauch, awer och Hoffnung an Engagement a sengem Roman spillen.

De Roman "Das Gangrän" vum Maxime Weber ass bei Kremart Edition erauskomm. An: Dir kënnt den Auteur deen iwwregens och Museker ass, live erliewen. E Mëttwoch 22sten Dezember ass hien Owes um 8 Auer am Kader vu "Musik und Literatur" am "Gudde Wëllen" an der Stad, mat sengem Buch "Das Gangrän" a sengem Musek-Projet "Death was a Mistake" .
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheemBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Lecture vun heiheem

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners