Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer!
B: Waars de op engem Fuesbal?
A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden!
B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet?
A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalkaden hunn ech en Äisbierekostüm ugedoen, well et esou kal war.
B: Witzeg!
A: Waars de och op engem Fuesbal?
B: Nee, dat ass net esou menges... Ech hunn d’Fuesmusek iwwerhaapt net gär.
A: Mee Kavalkade sinn awer flott! Do ass ëmmer eng gutt Stëmmung. D’nächst Kéier gees de mat eis!
B: Nee, ech verkleede mech net gär. Als Kand hat ech et gär, mee elo seet dat mir näischt méi.
A: A ok! Häss de da Loscht den nächste Mëttwoch op Réimech ze fueren? Da gëtt de Stréimännche verbrannt! Ech war d’lescht Joer do. Dat ass och flott! An do ass keng Fuesmusek!
B: Wat ass dat?
A: Zu Réimech gëtt traditionell op Äschermëttwoch de Stréimännche verbrannt, fir der Fuesent an dem Wanter äddi ze soen.
B: Oho! Dat kléngt extra! Kanns de mer dat méi genee erklären?
A: De Stréimännchen, eng Figur aus Stréi, gëtt an engem Danz-Cortège duerch d’Stroosse vu Réimech bis op d’Muselbréck gedroen. Op der Bréck gëtt de Männche mat Feier ugefaang an an d’Waasser geheit. An de Schaltjoren gëtt eng Stréifräche verbrannt.
B: E Fräsch?
A: Nee, eng Frächen. Dat ass eng vereelzt an ëmgangssproochlech Diminutivform vu “Fra”. Dat seet een elo net méi, mee dann erkenns de d’nächst Kéier d’Wuert, wann s de et héiers oder lies.
B: Ok! Wat mécht een do nach?
A: Si zerwéiere gebakene Fësch a Gromperekichelcher, an et kritt ee Glüwäin ze drénken.
B: Hm. Wéini ass dann Äschermëttwoch?
A: Dëst Joer fält en op de 5. Mäerz.
B: Waart, ech kucken a mäin Agenda...Nee, do kann ech net, ech hunn deen Dag zwou wichteg Reuniounen. Ech ka mer net fräi huelen.
A: Schued! Vläicht hues de d’nächst Joer Zäit.
B: Jo! Gëtt et net nach e Fest, wou mir dem Wanter äddi soen? Déi Traditioun kënnt mir bekannt vir.
A: Genee! D’Buergbrennen!
B: A jo! Dat hunn ech schonn héieren. Ass dat iwwerall oder just an deenen Uertschaften, wou eng Buerg steet?
A: Nee, dat ass a ville Gemengen uechter d’Land. Lokal Veräiner këmmere sech ëm d’Organisatioun. Si bauen d’Buerg an zerwéieren och Iessen a Gedrénks. D’Buerg besteet aus Holz, aus alen Äscht, aus Stréi, aus den ale Chrëschtbeemercher, asw. D’Form vun der Buerg ka variéieren. Oft ass se a Form vun engem Kräiz.
B: Mee firwat ass d’Buerg dann net a Form vun enger Buerg? Firwat heescht et da Buerg?
A: Jo, dat ass e bësse witzeg. “Buerg” kënnt vu Latäin “burere”, dat heescht “brennen”.
B: Wéi? Dann heescht “Buergbrennen” eigentlech “Brennenbrennen”?
A: Jo!
B: Wat kann een dann do iessen an drénken?
A: Oft gëtt et Ierzebulli, dat ass eng Zopp aus Ierbessen, et gëtt Grill- a Mettwurschten, Bouneschlupp, eng Zopp mat Bounen, Glüwäin an anert Gedrénks.
B: Wéini ass dat? Och op Äschermëttwoch?
A: Nee, e puer Deeg duerno. Buergbrennen ass ëmmer den éischte Sonndeg oder och Samschdeg no der Fuesent. Dëst Joer ass et den 8. an 9. Mäerz.
B: Dat ass gutt! Ech hunn de Weekend besser Zäit. Duer kann ech matkommen!
A: Super! Da kënns de bei eis! Dat gëtt flott!
B: Ech freeë mech drop! Ech wëll onbedéngt all d’Lëtzebuerger Traditioune kenne léieren!