
Sign up to save your podcasts
Or


Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen.
Vill Spass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend?
B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung.
A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn.
B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen?
A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen.
B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen.
A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool.
B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht?
A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung.
B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg.
A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen.
B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen.
A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress.
B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren.
A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng.
B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt?
A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer.
B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat?
A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt.
B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch.
A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone.
B: Dat kléngt wierklech alles excellent.
A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet.
B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen.
A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen.
B: Ganz gär. Ech libe Yoga.
A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend.
B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Wat méchs du de Weekend ?
B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag!
A: Wow! 10 Joer! Felicitatiounen!
B: Merci! D’Zäit vergeet...
A: Wéi hutt dir iech dann deemools kenne geléiert?
B: Mir hunn eis iwwer eng Dating-App kenne geléiert.
A: Wierklech? Ech kennen nëmmen Horrorgeschichte vun Onlinedating. Vill Leit soen, datt een do just iwwerflächlech Kontakter fënnt oder d’Leit oft an hirem Profil léien. Ech hätt Angscht, eng béis Iwwerraschung ze kréien.
B: Jo, mee bei eis huet dat immens gutt geklappt. Bei aneren huet et den Onlinedating och gutt fonctionéiert. Ech kenne Leit, déi bestuet sinn a Kanner hunn. Et gëtt dat Eent an dat Anert.
A: Jo, ok. Trotzdeem hunn ech d’Gefill, datt Dating-Apps net immens romantesch sinn. Et gesäit een eng Foto vun enger Persoun an da swipet een no riets oder no lénks. Dat ass iergendwéi wéi e Spill. Mir gefält dat net.
B: Ech verstinn, wat s de mengs. Ech perséinlech fannen awer Discoen, wou haart Musek leeft ass an eventuell Alkohol gedronk gëtt, onromantesch.
Wat ech bei eis schéi fannen, ass, datt de Lino an ech zwou Woche laang geschriwwen hunn, éier mir eis fir d’éischt getraff hunn. Ech wousst vu Fotoen natierlech wéi en ausgesäit, mee ech hu mech wärend där Zäit a säi Charakter, säin Humor, säi Wësse verléift. A bei eisem éischten Date hate mir schonn direkt vill Gespréichtheemen.
A: Hm...ok...ech verstinn. Anerersäits gesäit een am reale Liewen direkt, ob d’Chimie passt an et verléiert ee keng onnéideg Zäit. Has de da guer keng Bedenken?
B: Vläicht e bëssen. Virum Lino hunn ech och mat anere Männer geschriwwen. Verschiddener ware fuerchtbar. An ech gouf och vun engem no eisem éischten Date geghost.
A: Geghost?
B: Ghosting ass, wann eng Persoun ouni Erklärung de Kontakt ofbrécht. Mir haten eist éischt Date an am Fong war et wierklech flott. Ech hat e gutt Gefill. Wéi ech mech nach eng Kéier treffe wollt, huet hie mir net méi geäntwert... am Plaz ze soen, datt en net interesséiert ass.
A: Ee, wéi feig vun him!
B: Gell! Mee e puer Wochen drop hunn ech schonn de Lino kenne geléiert!
A: Dir hat wierklech Chance. Ech denken trotzdeem, datt een immens gutt oppasse muss. Et weess een net ëmmer, wie sech hannert de Fotoen an Informatioune verstoppt.
B: Am reale Liewe muss een och oppassen...
A: Ech perséinlech wënsche mer, datt ech mäi Partner zoufälleg treffen, zum Beispill an engem Café oder bei Frënn.
B: Dat ass natierlech immens romantesch, mee bei mir huet dat leider net geklappt...
A: Hues du dech dowéinst op der Dating-App ugemellt?
B: Genee. Ech sinn Enn 2014, no mengem Studium, zeréck op Lëtzebuerg komm. 2015 hunn ech eng Aarbecht fonnt an hat immens vill ze dinn. Ech si guer net méi erausgaangen an hat och kaum Zäit fir Hobbyen, duerfir hunn ech keng nei Leit kenne geléiert...
Ouni d’Dating-App hätt ech de Lino ni kenne geléiert. Mir schaffen zwar allen zwee an der Stad, mee mir wieren eis vläicht ni iwwer de Wee gelaf.
A: Jo, ok. Vläicht soll ech meng Meenung e bëssen änneren. Béid Weeër hunn hir Vir- an Nodeeler. Är Geschicht weist jo, datt Onlinedating fonctionéiere kann.
B: Genee.
A: Vläicht probéieren ech et iergendwann och.
B: Ech drécken der d’Daumen!
A: Merci! Ech wënschen iech zwee Léiwen e schéinen Anniversaire!
B: Merci!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwou Persounen eng Vakanz mam Camper plangen. Am zweeten Deel héiere mir, wéi zwou aner Persounen e Weekend op engem Museksfestival plangen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis e bëssen iwwer d'Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef op der Aarbecht iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzt.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir vun zwou Persounen, déi iwwer vegan a vegetaresch Ernärung schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer verschidde Beruffsweeër zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen.
Vill Spaass!
-
Transkript:
E Filmowend
Bob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott!
Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes?
Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes streamen.
Babsi: Ech weess net, dat ass esou oniwwersiichtlech ginn. Bis de iwwerall gekuckt hues, wat et gëtt, ass den Owend schonn erëm an du hues nach näischt fonnt.
Bob: Jo, an europäesch Filmer sinn do rar. Ech fannen et jo ganz schlëmm, datt et struppevoll mat amerikanesche Filmer ass. Dat ass dach ëmmer dat selwecht!
Babsi: Villäicht bei den neie Filmer. Wa se da méi Pärelen aus de 70er oder 80er Joren hätten, dat wier et der Wäert.
Bob: A wa mer an d’Bibliothéik oder an d’Mediathéik vun der Stad ginn? Do kriss de dach vill!
Babsi: Elo, de Sonndeg? Do huet dach alles zou, dat kanns de vergiessen.
Bob: A meng DVD-Sammlung hu mer och schonn dräi Mol duerch, do gi mer net glécklech.
Babsi: Gëtt et do net Streaming-Déngschter vun der Nationalbibliothéik? Ech mengen, do eppes héieren ze hunn.
Bob: Ajo, effektiv, lo wou s de et sees. Do kann ee mol e Bléck drop geheien.
Et héiert een de Bob eppes um Laptop tippen.
Bob: Hm, wat solle mer dann... o kuck mol hei: si hunn eng Fantasy-Februar-Sammlung!
Babsi: Effektiv... O, wéi wier et mam Film “The Beastmaster”?
Bob: Boah nee, deen ass mir ze laang.
Babsi: Dat si jo mol keng zwou Stonnen! Kuck hei, Hellboy! Deen ass zwar méi rezent, mä ech hunn deen ëmmer nach net gesinn.
Bob: Wat heescht hei rezent, deen ass jo scho groussjäreg.
Babsi: Egal wat...
Bob: Ok ok, wéi wier et da mat engem richteg ale Film? The Bishop’s Wife, deen ass vu 1947.
Babsi: E Film iwwert e Paf, dee sech an en Engel verléift? Nee Merci!
Bob: Dat kléngt dach ganz léif! Du hues et dach mat romantesche Geschichten.
Babsi: Naja, mä dat kléngt mir e bëssen ze dréchen a steif. Du hues dach europäesch Filmer léiwer, solle mer dann no esou engem kucken?
Bob: Zwar, ech gesinn hei e puer gutt italieenesch Klassiker! Suspiria a Phenomena zum Beispill.
Babsi: Ëm wat geet et dann?
Bob: Ma kuck, hei ass eng kuerz Beschreiwung...
Babsi: Eng jonk Fra, déi mat Insekte schwätze kann an e Mord probéiert opzeklären? Do sinn ech dobäi.
Bob: Da lass... ech maachen alt de Popcorn prett.
Eis cinephil Koppel kuckt sech de Film un a verdréckt dobäi eng grouss Portioun Popcorn. Den Ofspann leeft grad.
Bob: Also mir huet dat richteg gutt gefall. D’Mise en scène war nees ganz typesch fir dee Regisseur. Hie spillt ëmmer richteg flott mat de Kamerastellungen a Perspektive.
Babsi: Jo, mä ech muss awer soen, datt dee Soundtrack e bësse komesch war. Scho bal ze rockeg fir dee Film, oder?
Bob: Ech fannen, dat hieft dat ganzt nach op e ganz aneren Niveau. E bëssen trasheg eben. An d’schauspilleresch Leeschtung war e bëssen duerchwuess.
Babsi: Dat läit villäicht och um Dréibuch an un den Dialoger. Ech froe mech, ob de Film sech am italieeneschen Original net anescht ufillt. Well den Haaptpersonnage wierkt ëmmer esou distanzéiert.
Bob: Hatt ass iwwerhaapt e Komescht... an ech soen dat net nëmme, well et mat Insekte schwätze kann...
Babsi: Ech mengen, dee Film wäert eis nach eng ganz Zäitchen am Gediechtnes bleiwen...
Bob: Jo... a wat kucke mer muer?
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!
-
Transkript:
Vun engem Tennismatch erzielen (B1)
Nadine: Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter?
Vanessa: Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun.
Nadine: Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee ech hunn d’Terrainen net fonnt. Sinn déi net an der Rue du Près?
Vanessa: Dach, vis-à-vis vum Fussballsterrain.
Nadine: Mee do ass dach déi grouss Sportshal.
Vanessa: Jo, do hues Recht. D’Terraine sinn hannert der Sportshal. Du muss lénks laanscht d’Sportshal goen an da gesäis du d’Terraine riets.
Nadine: A sou! Da weess ech et fir d’nächst Kéier.
Vanessa: Wann et eng nächst Kéier gëtt! Ech hunn am Moment esou d’Flemm mam Tennis, ech weess net, ob ech nach eng Kéier spillen.
Nadine: Dat sees du ëmmer, wann s du e Match verluer hues. An ausserdeem wollte mir dach e Freideg zesumme spille goen!
Vanessa: A jo, dat wollt ech der nach soen. Do kann ech awer net, well ech mat mengem Meedchen dréngend bei d‘Hautdoktesch muss. Hatt huet en Ausschlag um Aarm an ech wëll awer léiwer, dass d’Doktesch sech dat emol ukuckt.
Nadine: An der Rei, hues du dann e Samschdeg de Moien Zäit?
Vanessa: Jo, wéi wier et um 10 Auer?
Nadine: Jo, dat geet. Da kënne mer bis hallwer 12 spillen.
Vanessa: Tipptopp, ech reservéieren den Terrain.
Nadine: Gesäis de, elo hues de awer erëm Loscht, spillen ze goen. Dann erziel emol, wat war dann de Problem bei dengem Match? War deng Géignerin esou staark?
Vanessa: Ma eeben net. Ech hätt misse gewannen. Mee ech hat erëm dermoosse Problemer mat mengem Service. Ech hunn elauter Double-fautë gemaach.
Nadine: Ech weess, dass du domadder Problemer hues. Du gehäis de Ball ze vill hannert dech. Du muss en e bësse riets virun dech geheien an en héich siche goen.
Vanessa: Ech kréien et einfach net hin, de Ball anstänneg ze geheien.
Nadine: Du kanns dat doheem um Kannapee üben, zum Beispill, wann s de owes bei der Tëlee sëtz.
Vanessa: Wa just dat de Problem gewiescht wier… Wann ech attackéiert hunn, ass meng Virhand och ëmmer an d’Netz gaangen.
Nadine: Du leefs ze no un de Ball erun. Du muss méi Plaz tëscht dir an dem Ball loossen an dech méi säitlech zum Ball stellen.
Vanessa: An da sinn ech bei engem Match och ëmmer esou opgereegt.
Nadine: Jo, doduerch bass de blockéiert an deng Beenaarbecht ass net gutt. Du solls dech op deng Bee konzentréieren, fir dass de dech gutt beweegs a gutt an d’Knéie gees.
Vanessa: Du hues Recht. Mir kënnen e Samschdeg jo dann dorunner schaffen. An och un denge Voléeën.
Nadine: Wat ass da mat menge Voléeën?
Vanessa: Du brauchs keen esou e grousse Gest ze maachen.
Nadine: Ech wëll de Ball awer séier zeréckschéissen.
Vanessa: Du muss méi roueg bleiwen. Du kanns vun der Vitess vum Ball profitéieren an einfach d’Rackett dohinner halen. Dat geet schonn duer. Net all Ball muss e Winner sinn. Et ass besser, du méchs kee Feeler.
Nadine: Jo, dat mécht Sënn. Da looss eis dat och e Samschdeg üben.
Sproochnoriicht:
Vanessa: Hallo Rafael, ech muss dir elo awer fir muer ofsoen. Ech komme grad mat mengem Meedche vun der Hautdoktesch. Si huet eis e Rendez-vous fir muer de Moien an der Kannerklinick ginn. Si wëll, dass sech en Expert deen Ausschlag eng Kéier ukuckt. Et deet mer immens leed. So mer, wéini s du den nächste Weekend Zäit hues, da reservéieren ech en Terrain fir eis.
So, ech kucke grad d’Finall vun den Australian Open. Den Djokovic huet grad den éischte Saz gewonnen. Ech gleewen awer trotzdeem drun, dass den Alcaraz nach gewënnt. Dréck d’Daumen! Bis geschwënn!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen.
Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu
-
Transkript:
Sangen a baken
M: houscht
C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues?
M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Festival. Do ware ganz vill Chorallen an Ensemblen aus ganz ville verschiddene Länner, an natierlech och vu Lëtzebuerg. Si hunn all esou schéi gesongen an do konnt ech et mir net huele loosse fir e bësse matzesangen. Du weess jo, ech sange selwer och immens gär.
C: Bass du dann an enger Chorall?
M: Nee, leider net méi. Mee ech sangen an enger Museksschoul an huelen och eemol d’Woch eenzel Gesangscoursen. Dodernieft hunn ech och ugefaange Gittar ze léieren an ech sangen dobäi. An elo war ech de ganze Weekend zu Ettelbréck Concerte lauschteren.
C: O wow, du has awer eng décke Programm dëse Weekend! Hätt ech dat gewosst, dann hätt ech mäi Brout eréischt e Méindeg gebak a wier bis op Ettelbréck komm. Mee erziel: Kann een dann do och eemol kucke kommen, wat s du proufs?
M: Nee, dat geet leider net, well et guer net dofir geduecht ass. Et mécht mir Spaass a bréngt Freed, wann ech sangen.
C: Vläit soll ech dat dann och eng Kéier probéieren, mee ech wëll mech net laangfristeg engangéieren.
M: Ma kenns du dann net d’INECC?
C: D’INECC? Nee. Wat ass dat?
M: Dat ass den “Institut Européen de Chant Chorale”. Si organiséiere ganz flott Atelieren a Workshops. Du muss net reegelméisseg dohinner goen, mee just esou wéi s de Zäit a Loscht hues.
C: A wat fir Atelieren oder Workshops sinn dat?
M: O do gëtt et vu bis. Zum Beispill Jazz, Circle Songs oder Wellness Sangen. Wann s de wëlls, kuck einfach op hirem Site. Dat ass einfach inecc.lu. Déi meescht Coursë sinn an der Stad, no bei der Gare. An dat Flottst ass, datt dat Ganzt relativ flexibel ass. Du kanns owes, de Weekend oder esouguer heiansdo an der Mëttegpaus dohi goen. ... Mee elo zu dir! Du hues erzielt, datt s du de Weekend gebak hues?
C: Jo, mäi Weekend war am Verglach zu dengem e bësse méi roueg. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, mäi Brout selwer ze baken, a maachen dat mëttlerweil 1 bis 2 Mol d’Woch. An de Weekend war et dann nees esouwäit.
M: Wéi bass du dann dozou komm?
C: O dat ass leider aus engem net esou schéine Grond geschitt. Ech hunn nämlech virun e puer Joer ugefaangen Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel z’entwéckelen. A säitdeem ech ënnert anerem mäi Brout a villes Aneres selwer baken, hunn ech dat besser an de Grëff kritt.
M: ... An ech ka mir virstellen, datt s de doduerch och e bessert Gefill fir d’Liewensmëttel kritt hues?
C: Jo, genee. Säit ech weess, wéi vill Zäit een investéiere muss, fir e fäerdegt Brout um Teller ze hunn, wäertschätzen ech dat Ganzt vill méi. A gläichzäiteg kann ech och op den Zocker an d’Zutaten oppassen...
M: Wéi gesäit et mat leckere Kuchen aus? Oder Taarten?
C: Joooooo, och do toben ech mech gär aus! Leider bleift bei eis doheem awer ëmmer esou vill iwwreg, well mäi Mann a meng Kanner ëmmer just ee Stéckche schmaachen an op hir Linn oppasse wëllen. Du weess jo, d’Virsätz am Neie Joer sinn ëmmer déi selwecht... An e ganze Kuch packen ech och net eleng.
M: Jo, du sees et! Bei eis doheem gesäit et d’selwecht aus. Ech baken och gär. Dat heescht: Ech hu fréier gär gebak.
C: A firwat dann elo net méi?
M: Majo, d’selwecht ewéi bei dir. Wie soll de Kuch dann iessen? Meng Frëndinne passen op d’Kalorien op, mäi Meedchen ësst nëmme vegan...
C: Jo... Wéi et ausgesäit muss ech mir en neit Hobby sichen...
From the publisher's feed

230 Listeners

1 Listeners

316 Listeners

1,761 Listeners

7 Listeners

266 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

23 Listeners

204 Listeners

96 Listeners

0 Listeners

223 Listeners

5 Listeners

167 Listeners