Poterkëscht vum INLL

E Wellness-Weekend (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen.

Vill Spass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend? 

B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung. 

A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn. 

B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen? 

A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen. 

B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen. 

A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool.  

B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht? 

A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung. 

B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg. 

A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen. 

B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen. 

A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress. 

B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren. 

A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng. 

B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt? 

A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer. 

B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat? 

A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt. 

B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch.  

A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone.  

B: Dat kléngt wierklech alles excellent. 

A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet.  

B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen.  

A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen.  

B: Ganz gär. Ech libe Yoga. 

A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend. 

B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners