Poterkëscht vum INLL

Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:


Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich 

 

A: Moien! 

B: Moien! Wéi geet et dir ? 

A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt! 

B: O! Gutt Besserung! 

A: Merci! Wéi geet et dir ? 

B: Mir geet et ganz gutt! 

A: Super! Wéi heeschs du? 

B: Ech heesche Raïda. An du? 

A: Ech heesche Fabio. 

B: Et freet mech! 

A: Mech och! Vu wou kënns du? 

B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du? 

A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener. 

B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin. 

A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? 

B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du? 

A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare. 

B: Wéi al bass du? 

A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer.  

B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer. 

A: Wat fir Sprooche schwätz du?  

B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du? 

A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch. 

B: Flott! Wat bass du vu Beruff? 

A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du? 

B: Ech sinn Informatikerin. 

A: Wou schaffs du? 

B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg. 

A: Ech schaffen och um Kierchbierg. 

B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet? 

A: Nee, ech sinn net bestuet.  

B: Hues du Kanner? 

A: Nee, ech hu keng Kanner. An du? 

B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al. 

A: Wat sinn deng Hobbyen? 

B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen. 

A: Wéi oft gees du schwammen? 

B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer. 

A: Méchs du gär Sport? 

B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit? 

A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär. 

B: Wéini lies du? 

A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen. 

B: Ech liesen och all Owend am Bett! 

A: Flott! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

296 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

315 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,764 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

266 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

201 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

105 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

226 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

189 Listeners