Mir presentéieren Iech eng Moudebloggerin, déi eis hire léifste Summer Outfit zesumme stellt. Ee Mann, dee weist wéi een einfach -mat sengen eegenen Hänn- zur Nohaltegkeet beidroe kann. A mir kucke wat et mam Spinner a mat de letzebuerger Design Awards op sech huet.
Mir kucken ween alles hannert der Konzeptioun an der Architektur vun deem neien RTL Group Site stécht. Da gi mer iech Tipps fir einfach zu enger Top Figur ze kommen a mir presentéieren eng Websait, op där een d'Kanner kann dru kréien fir Pflichten am Haushalt ze iwwerhuelen.