RTL - Trendmag (Small)

RTL - Trendmag (Small)

By RTL Télé LëtzebuergSociety & Culture
Download on the App Store

RTL - Trendmag (Small) episodes

  • De Magazin - Trendmag, 09/03/2017
    Haut am Trendmag hëlt d'Sandie iech nees mat an d'Schoul. 65.000 Aarbechtsstonnen hunn d'Architekten bis ewell domat verbruecht de Kolléisch um Geesseknäppchen der Zäit unzepassen. Donieft verrode mer iech di neisten Coiffuren an mir huelen iech mat an eng Senioren WG.
    16 min
  • De Magazin - Trendmag, 16/02/2017
    D'Auberge de la Klauss krut Gesellschaft. Zenter dem leschte Joer gett et direkt nieft dem bekannte Restaurant zu Montenach e charmante 4 Stären Spa Hotel am Schlasslook, wou een och gastronomesch Iesse kann. Mir kucken awer och wéi een sech mat Faszientraining a Form hale kann a wou een di beschte Kamelle kritt.
    0 min
  • De Magazin - Trendmag, 26/01/2017
    Vum Januar 2017 un ass et zu Letzebuerg Standard fir passiv ze bauen. Mir kucken wat et bréngt. Dann huele mer iech mat op en Hausboot wou ee kaum nach mierkt datt ee kee feste Buedem enner de Féiss huet. A mir sinn um Moudedefilé vun den Fashion Design Studenten zu Tréier.
    19 min
  • De Magazin - Trendmag, 22/12/2016
    Mir huelen iech mat an eng Galerie, déi den Designer Jean-Claude Lazard komplett a sengem Stil ageriicht huet.
    Da wore mer dobai bei der Inauguratioun vun der neier Louboutin Boutique an der Stad a mir presentéieren iech de prestigiéise Bauprojet Infinity an der Entrée vum Kierchbierg.
    16 min
  • De Magazin - Trendmag, 01/12/2016
    Op Initiative vun der ierfgroussherzoglecher Koppel ass vum 1.-4.Dezember an deem neie Spuerkeess Gebai um Rousegärtchen eng ganz aussergewéinlech Ausstellung iwwer d'Konschthandwierk gelaf. Mir hunn d'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog bei hirer éischter Visite begleed.
    16 min
  • De Magazin - Trendmag, 20/10/2016
    Mir huelen iech mat a Schweden, wou di beschte Better vun der Welt gemaach ginn. Donieft presentéiere mer eng exklusiv Brellemarque, déi am Eisléck produzéiert gett a mir weisen iech wéi ee mam Solarium och ka schéi ginn.
    17 min
  • De Magazin - Trendmag, 29/09/2016
    Mir huelen Iech mat an di nei Valentiny Foundation zu Remerschen,wou vun elo un dem Architekt seng Zeechnungen, Skulpturen an Maquetten ausgestallt sinn. Da stelle mer iech di nei Boutique vun der Bijou Designerin Fabienne Belnou vir a mir weisen Iech e Luxus Bauprojet zu Buerschent.
    16 min
  • Trend Mag, 07/07/2016
    Mir hunn de fréieren daitsche Fernsehstar bei sech doheem zu Eupen besicht a ginn Iech Abléck an hir Miwwelkollektioun Crazy Art Deco. Donieft presentéiere mer Iech eng Rei Methdoden fir méi schlank ze ginn a méi jugendlech auszegesinn.
    0 min
  • Trend Mag, 09/06/2016
    De chateau d'Urspelt huet ausgebaut. Donieft gouf elo zu Letzebuerg eng agence de conciergerie gegrennt, déi am Haut de Gamme schafft. D'Moudehaus Cressance invitéiert op en Defilé am Cercle Cité. An zu Bartréng ass eng Plaz opgaang, wou Indoor Golfen am Mettelpunkt steet.
    0 min

About RTL - Trendmag (Small)

From the publisher's feed

Trends, Design, Architektur, schéin Haiser, Miwwelen an Tipps fir Decoratioun.