Tempo - De Lafpodcast

Tempo - De Lafpodcast

By Andy Pawlikowski, Christine Delvaux, EldoradioSportsHealth & FitnessLeisureFitnessRunningHobbies
Download on the App Store

Tempo - De Lafpodcast episodes

  • Episod 7 - D'Motivatioun
    All Ufank ass schwéier! Grad als Lafufänger kënnt ee just lues virun. D’Motivatioun riskéiert ze verschwannen, an sou munch een lant no e puer Wochen nees op der Couche. An dëser Episod gi mir iech Tipps, déi Loscht maache Lafen ze goen a mir verroden iech, wéi mir eis selwer motivéiert kréien.
    30 min
  • Episod 6 - Lafen, iessen an dat léift Ofhuelen
    Wëllt dir mam lafen ofhuelen? Oder duerch déi richteg Ernierung är Leeschtung verbesseren? Da sollt der onbedéngt an eis nei Episod era lauschteren. Vrun allem dann, wa sech ëmmer nach näischt deet op der Wo.
    Mir zwee sinn zwar kee Virbild a Saachen Ernierung. Dofir hu mir d'Ernierungsberoderin Conny Pertl mat dobäi. Hatt verréit eis, wéi dee perfekten Iessplang fir Leefer soll ausgesinn, a wéi eng Mythen ee getrouscht vergiesse kann.
    31 min
  • Episod 5 - Verhalensreegele fir Leefer
    Mënschen, déi lafen, dierfe sech heiansdo e bësse méi erlabe wéi anerer. Zum Beispill de Chef duzen, wann si hie bei enger Course begéinen. Et ass awer wichteg, dass Leefer och wësse wat sech net gehéiert. An der 5. Episod kucke mir, wéi eng Verhalensreegelen een als Leefer respektéiere soll.
    30 min
  • Episod 4 - Lafverletzunge ft. Dr. Jean-Marc Weber
    All 2. Leefer huet eemol d'Joer eng Verletzung. Héich Zäit also, sech mat deem Thema auserneen ze setzen. Invitéiert hu mir dofir een absolutten Expert hei zu Lëtzebuerg, den Traumatolog a Sportsdokter Dr. Jean-Marc Weber. Mir kucke mat him, wat ee géint di heefegst Lafverletzunge ka maachen, a wéi ee ka lafen, ouni sech ze verletzen.
    26 min
  • Episod 3 - Lafequipement
    Lafschong, Lafstrëmp, Stierluuchten, Bauchposchen, Lafaueren, an an an. Et gëtt mëttlerweil onwarscheinlech vill Lafequipement ze kafen.
    An dëser 3. Episod gi mir iech Tipps, wat Dir iech fir de Lafsport sou zouleeë kënnt a soen iech, wat mir un Equipement benotzen.
    38 min
  • Episod 2 - Motivatioun bei guddem a bei schlechtem Wieder
    Et reent. Et ass ze kal. Et ass ze waarm. Et ass ze däischter. Ech hu keng Zäit. Ech muss nach botzen, léieren, telefonéieren,… Fir net lafen ze goen, gëtt et dausend Excusen. Sou eng Excuse hëlleft zwar dee Moment, wou mir de Sport ausfale loossen, mee dono plot eis dat schlecht Gewëssen.
    D’Motivatioun ass immens wichteg beim lafe, an zum Gléck gëtt et e sëllegen Tipps, déi engem hëllefen laangfristeg motivéiert ze bleiwen. Wéi eng dat sinn, kucke mir an der 2. Episod mam laangjärege Leefer a Grënner vun der Lafgrupp FatBetty.Run, Guido Kröger.
    26 min
  • Episod 1 - 3,2,1 lass!
    Den Dag ass do. D’Decisioun ass gefall. Dir wëllt endlech ufänken a lafe goen. Exzellent! Mee wat kann ee machen, fir dass d’Lafen och gläich richteg Spaass mécht? An dëser Episod ginn d’Christine an den Andy Tipps, déi iech dobäi hëllefen!
    25 min

About Tempo - De Lafpodcast

From the publisher's feed

Et gi Leit, déi soen: "Näischt ass méi langweileg wéi Lafen."