Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Wat lauschters du? episodes

  • Lëtzmeditate
    14 guidéiert Meditatiounen op Lëtzebuergesch, ageschwat vun der Aline Nowacki, der Rosanna Pacchioli an dem Mathieu Nowacki.
    6 min
  • "On the Record“
    All Freideg invitéiert d’Redaktioun vu Reporter.lu an d’Kulisse vun hirer journalistescher Aarbecht a liwwert an dësem Podcast Hannergrënn zu engem aktuelle Sujet.
    7 min
  • Das Lederhosen Kartell
    A siwen Episode versicht de Journalist a Rikschachauffer Alexander Gutsfeld de Phänomeen Oktoberfest historesch an aktuell ze beliichten an aus verschiddene Perspektiven ze analyséieren. Wéi huet sech dëst Fest verännert, wat ass dat legendäert Käferzelt a firwat ginn um hallwer 11 d’Luuchten an den Zelter aus?
    6 min
  • Talking Bodies
    E Wëssenschaftspodcast vun der Dr. Jana Bressem vun der TU Chemnitz an der Dr. Silva Ladewig vun der Europa-Universität Frankfurt Oder, deen an 48 Episoden tëschent November 2021 a Mäerz 2024 gelaf ass. Déi zwou Wëssenschaftlerinne beschäftegen sech hei mat alle Froe ronderëm déi verbal an non-verbal Kommunikatioun.
    7 min
  • Ein Mensch verschwindet - Daniel Küblböck
    Den Daniel Küblböck, dee sech kuerz virdrun als transgender geout huet a Lana Kaiser wollt genannt ginn, verschwënnt den 9. September vun der AIDAluna um Wee fir op New York a gëtt 2021 fir dout erkläert.
    An engem 10-deelege Podcast an der App Podimo geet den Tom Ehrhardt ville Froen no, fir dësen extreem mediatiséierte Personnage besser verstoen ze kënnen, ouni en ze verurteelen oder ze bewäerten.
    14 min
  • Ulle und Rick
    De Jan Ullrich an de Rick Zabel, Jong vum Sprinter Erik Zabel, hunn zënter Mee 2025 e gemeinsame Vëlopodcast. Hei schwätze si humorvoll a kompetent iwwer Vëloscourssen an iwwer de Profivëlossport allgemeng.
    9 min
  • It’s Reigning Men
    Op der Welt ginn et aktuell 40 Monarchien an dovunner gëtt aktuell keng vun enger Fra ugeféiert. An dësem englesche Podcast vum Daniel Rosney ginn déi kinneklech Famillen a Monarchië virgestallt an hir aktuell politesch Roll an de jeeweilege Gesellschafte mat Experten an Expertinne beschwat. Och de Grand-Duc Henri war schonn Theema vun enger Episod.
    11 min
  • Die Peter Thiel Story - Deutschlandfunk
    De Peter Thiel gëllt als ee vun de Mastermindehannert dem kulturelle Wandel no riets an den USA an ee vun de wichtegsten Unhänger vum Donald Trump. Hie gouf mat Paypal a Facebook räich. An dësem sechsedeelege Podcast vum Deutschlandfunk gëtt de Wee vum Peter Thielretracéiert.
    10 min

About Wat lauschters du?

From the publisher's feed

Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner