Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Wat lauschters du? episodes

  • «L’avenir leur appartient»
    «L’avenir leur appartient» ass e Podcast vun der Sport-Dageszeitung L’Équipe deen sech mat de groussen Talenter am franséische Fussball beschäftegt. Och e Lëtzebuerger Nationalspiller gouf hei scho portraitéiert.
    8 min
  • Um Bols vun der Zäit
    Dëse Podcast vun der Partei Fokus, deen als Slogan „De politesche Podcast zu Lëtzebuerg. Riicht eraus, ongefiltert, aktuell.“ huet, ass am November 2024 gestart ginn.
    8 min
  • MIKROSKOP
    An dësem Podcast vun der CSV Fraktioun ginn déi aktuell 21 CSV-Deputéiert an der Chamber ënnert d’Lupp geholl.
    5 min
  • Oppositioun - E Podcast vun déi Lenk
    E Podcast vun der Lëtzebuerger Partei. Déi zwee Deputéiert David Wagner a Marc Baum beschäftegen sech hei mat der politescher Aktualitéit hei zu Lëtzebuerg. Et gëtt do och mol gären e Bléck hannert d'Kulissen an si erklären wéi d'Aarbecht an der Chamber funktionéiert.
    7 min
  • Was bisher geschah
    E Geschichtspodcast, dee sech ëmmer nees aner Episoden aus der Weltgeschicht ukuckt, vum Dschinghis Khan, iwwer d'Réimesch Räich an den Napoleon bis zu de leschten Deeg vum Nazi-Regimm an Däitschland. De Cedric Reichel stellt eis de Podcast vir.
    9 min
  • Muss dat esou?
    Deen eenzege Lëtzebuerger Pappe-Podcast. An 18 Episode schwätzen de Mike Winter an den Ayko Pletsch iwwer hir Erliefnesser, Erfarungen an Erausfuerderungen als Papp. Si begleeden eis duerch déi spannend Zäit vun der Gebuert bis op déi éischt Schrëtt an doriwwer eraus.
    8 min
  • SchwarzRotGold: Mesut Özil zu Gast bei Freunden
    De Podcast “SchwarzRotGold” erzielt d'Geschicht vum Mesut Özil - vu sengem Opstig als e gefeierten internationale Spiller bis zu senger kontroverser Demissioun aus der däitscher Fussballnationalekipp am Joer 2018 no enger Foto mam tierkesche President Erdoğan. Eng Podcast-Serie vun aacht Deeler, produzéiert vum Khesrau Behroz. Et geet net nëmmen ëm dem Mesut Özil seng Karriär, mee och ëm sozial Debatten iwwer Integratioun, Identitéit a Zougehéieregkeet.
    10 min
  • Strangers on a Bench
    Wat geschitt, wann Dir ufänkt mat enger onbekannter Persoun op enger ëffentlecher Bänk an engem Londoner Park ze schwätzen? Dës charmant Serie vu flüchtege Gespréicher geet genee dëser Fro no. Produzéiert gëtt dësen engleschsproochege Podcast, vun deem bis elo 30 Episoden eraus sinn, vum Singer-Songwriter Tom Rosenthal.
    7 min
  • Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood
    “Kaulitz Hills” ass e Podcast vun den Zwillinge Bill an Tom Kaulitz, bekannt vun der Band Tokio Hotel. An dësem Podcast schwätze si oppen iwwer hiert Liewen, hir Karriär, Promi Klatsch, Bezéiunge, perséinlech Anekdoten an hir Meenung zu aktuellen Theemen. Et gi schonn iwwer 180 Episoden an all Mëttwoch kennt eng nei eraus.
    9 min

About Wat lauschters du?

From the publisher's feed

Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner