Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Wat lauschters du? episodes

  • Ceci, do you love me?
    E Podcast vun der Cecilia Said Vieira deen als Ënnertitel huet: „Komm raus aus denger Bubble! Lëtzebuerg ass net sou kleng wéi dir mengt“. E Podcast fir d’Generatioun Z an d'Invitéë sinn dacks Lëtzebuerger Kënschtler:innen, Musiker:innen an Aktivisten an Aktivistinnen.
    9 min
  • Choses à Savoir - Culture générale
    Kuerz a knackeg Podcaste fir deeglech säi Wëssen ze vergréisseren. Et geet ëm allméiglech Froen: Firwat kënnt den Téi a Sacheten? Firwat ass d'Toilettëpabeier heiansdo rosa? Oder firwat ginn d'Japaner:innen Chrëschtdag gäre Fast Food iessen?
    6 min
  • Cut - Das Silvester das uns verfolgt
    Zu Köln war Silvester 2015 en Dag, deen e Cut an der Däitscher Gesellschaft hannerlooss huet. Dausende vu Leit hunn de Joreswiessel op der Plaz tëschent der Kölner Kathedral an der Gare gefeiert. Awer op eemol huet d'Stëmmung geännert. Méi wéi 600 Frae waren Affer vu sexuellen Iwwergrëff ginn. Meeschtens vu jonke Männer, déi deemools nach net laang an Däitschland gelieft hunn. Dëst huet déi politesch Debatt iwwer Migratioun an Däitschland geännert. Dëse Podcast ass deenen Evenementer op der Spuer.
    6 min
  • Alles gesagt?
    E Podcast vun der däitscher Zeitung Die Zeit, deen esou laang geet, bis d'Invitéen näischt méi ze soen hunn. Esou kann eng Episod nëmmen e puer Minutten daueren, oder awer och e puer Stonnen.
    7 min
  • Call Her Daddy
    2024 dee weltwäit zweetgréisste Podcast op Spotify. Gehost vun der Alexandra Cooper geet et hei ëm Bezéiungen, Female Empowerement, Sex, Comedy, Rotschléi a villes méi. Zu Gaascht ware schonn Nimm wéi Christina Aguilera, Miley Cyrus oder d’Kamala Harris.
    7 min
  • D’Hoffnungsdréier
    Dëse serielle Podcast huet Lëtzebuerger Sportler:innen, déi vun de Paralympics 2024 zu Paräis gedreemt hunn an d'Hoffnung vun eisem Land op hire Schëllere gedroen hunn, wärend engem Joer begleet. D’Protagonisten a Protagonistinne sinn de Philippe Hein (Dëschtennis), de Matteo Scuto (Dëschtennis), de Joël Adams (Vëlo), mee och déi zwee Participanten, déi schlussendlech bei de Paralympics 2024 derbäi waren: d'Katrin Kohl (Liichtathleetik) an den Tom Habscheid (Kugelstoussen).
    10 min
  • Minett Mashup
    All Mount hëlt de Minett Mash-Up-Podcast mat op eng Rees. Zesumme mat Gäscht leiere mir vill Sitte vun der Industriekultur kennen, awer net nëmmen. Dofir gëtt de Podcast och ëmmer anzwousch anescht opgeholl.
    Produzéiert vu Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI an dem Musée vun der Aarbecht.
    7 min
  • Les couilles sur la table
    All zweet Woch schwätzt d'Victoire Tuaillon mat engem oder e puer Invitéen iwwer verschidden Aspekter vun der Männlechkeet an eiser Gesellschaft. Ganz nom Motto: Et gëtt een net als Mann gebuer, mee et gëtt ee Mann."
    8 min
  • Das Klima-Update
    En däitsche Podcast, deen en Iwwerbléck iwwer Klimapolitik gëtt. All Woch ginn hei déi dräi Top-Noriichten zur Klimapolitik presentéiert an ageuerdent, dat Ganzt an enger Véierelstonn. En Noriichte-Podcast fir jiddwereen, dee wëllt wëssen, wat aktuell an der Fuerschung lass ass.
    7 min

About Wat lauschters du?

From the publisher's feed

Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner