Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Wat lauschters du? episodes

  • 1000 Deeg
    En Interviewpodcast am Beräich Famill an Zesummeliewen. Gespréicher mat Hiewannen, Psychomotriciennen, Kannerpsychologen, Pediateren, oder nach spezialiséiert Pädagogen a Pädagoginnen.
    7 min
  • Unter Pfarrerstöchtern
    Zwou Schwëstere resuméieren a sezéieren hei d'Bibel a setzen d'Texter an en aktuelle Kontext. Et soll awer hei kee bekéiert ginn, mee si schwätzen iwwer déi Geschichten, mat deene si opgewuess sinn. E Podcast vun der däitscher Zeitung Die Zeit
    7 min
  • Une semaine dans leurs vies
    E Podcast, bei dem all Woch, en anert Theema beliicht gëtt. Ënnert anerem gouf et eng Serie, an där et ëm d'Situatioun vu franséische Frontaliere gaangen ass, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen. De Cédric Reichel stellt eis de Podcast vir.
    6 min
  • Machtwechsel
    E Podcast, deen de politeschen Alldag an Däitschland behandelt an dobäi éischter engem méi konservativ-biergerleche Spektrum zouzerechnen ass. D'Hosts sinn d'Journalist:innen Dagmar Rosenfeld a Robin Alexander.
    7 min
  • Der Pendler Club
    E Podcast, dee sech, wéi den Numm et seet, u Pendler riicht, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen. Et geet hei ëm Theeme wéi Steieren, Pensiounen, Congé Parental oder neierdéngs och Grenzkontrollen.
    6 min
  • Apokalypse und Filterkaffee
    Gutt informéiert an den Dag goen, dat ass d'Iddi hanner “Apokalypse und Filterkaffee”. All moies kritt een hei e puer vun de wichtegsten News presentéiert. Ganz eescht ass et jee no Konstellatioun vun Host a Gaascht awer och net.
    6 min
  • Méi wéi Sex
    De Cédric Reichel, de Podcastophil vum radio 100,7, huet e Podcast aus Lëtzebuerg matbruecht: Méi wéi Sex. Et geet hei awer, wéi de Numm et scho seet, net nëmmen ëm Sex, mee och ëm alles wat domadder ze di kéint hunn. De Claim vum Podcast: E Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
    6 min

About Wat lauschters du?

From the publisher's feed

Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner