Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Wat lauschters du? episodes

  • CUT - Das Virus das uns trennt
    Fënnef Joer nom Ausbroch vun der Corona Pandemie beschäftegt sech de WDR Podcast "CUT" mat de gesellschaftleche Konsequenzen. Déi zweet Saison heescht "Das Virus, das uns trennt“ an ass am Mäerz 2025 erauskomm. Fir "CUT", hunn d’Journalisten zwee Geschwëster portraitéiert, déi wärend der Pandemie op ganz verschidde Manéieren op d’Mesure reagéiert hunn. Déi éischt Saison "Das Silvester, das uns verfolgt“ huet 2024 den däitsche Radiopräis an der Kategorie "Beste Reportage" gewonnen.
    8 min
  • Cultures Monde - Norouz, un printemps politique
    Norouz ass en traditionellt Fest, dat de Retour vum Fréijoer an den Ufank vum neie Joer markéiert. Gefeiert gëtt et vun 300 Millioune Leit an a méi wéi 15 Länner. De Podcast geet der Fro no, wéi politesch dëst Fest haut ass, wéi eng Symbolik et fir déi verschidde Bevëlkerungsgruppen och a Froe vun der Identitéit oder der Rebellioun, Emanzipatioun spillt.
    9 min
  • "Where Should We Begin" mam Esther Perell
    D’Psychotherapeutin Esther Perell beréit Koppelen oder eenzel Leit an enger eemoleger Therapiestonn bei hire Problemer. Et handelt sech hei Ëm real Geschichte mat reale Leit, liicht anonymiséiert. Meeschtens geet et ëm Konflikter an der Bezéiung, am Sexualliewen, an der Famill oder op der Aarbecht. E Podcast op Englesch, deen engem hëlleft eege Konflikter ze verschaffen.
    10 min
  • Friedrich Merz: "Sein langer Weg zur Macht"
    A sechs Episode gëtt dem Friedrich Merz seng Biografie opgeschafft, säi Wee nogezeechent, deen hien zum warscheinlech nächste Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Deutschland bruecht huet. Mam Friedrich Merz selwer gëtt hei net geschwat, mee mat Begleeder an Experten, déi de Politiker iwwer all déi Joren an der Politik begleet hunn.
    12 min
  • Gëlle Fro
    De Philippe Biberich an den Tom Bosseler produzéieren zanter November 2000 de Podcast “Gelle Fro“, den Number 1 Podcast zu Lëtzebuerg, wéi si selwer behaapten.
    En Interviewpodcast mat enger oder e puer Perséinlechkeeten aus de Beräicher Sport, Business oder Politik zu Lëtzebuerg. All zweet Woch kënnt en neit Gespréich eraus. De Podcast gëtt am Cafe Gruppetto opgeholl a finanzéiert sech iwwer de Sponsoring vu feste Partner.
    D’”Gëlle Fro” huet als ultimatiivt Zil eng Kéier kënne mam Grand-Duc ze schwätzen.
    11 min
  • Winnetou ist kein Appache
    De Ben Hänchen steet zanter senger Kandheet op enger Karl May-Bün. Et sinn seng schéinste Kandheetserënnerungen. Awer elo freet hie sech: Ass dat nach passend am Joer 2022? De Winnetou ass ee vun de bekanntsten Abenteuer-Charakteren an de Karl May ee vun de beléiftsten däitschen Auteuren. Mee de Winnetou huet näischt mat echten Apachen ze dinn. Ass dat fir jidderee kloer?
    Eng Podcast-Serie a sechs Deeler vum MDR aus dem Joer 2022, déi der Fro nogeet, ob d'Karl-May-Spiller nach zäitgeméiss sinn.
    10 min
  • Soleil noir, autopsie dʹune secte
    De 5. Oktober 1994 goufen 53 Leit vergëft a mat Aschosswonnen an zwee brennende Chaleten an der Schwäiz an an enger Villa am Québec fonnt. D'Affer waren all Unhänger vum ‚Ordre du Temple Solaire‘, enger Sekt mat internationale Vernetzungen, déi bis dohin den Autoritéiten an d'Allgemengheet onbekannt war.
    E True-Crime an Doku-Podcast an zéng Episoden, vum Schwäizer Sender RTS.
    11 min
  • Das Corornavirus-Update
    E Podcast vun NDR Info mam Virolog Christian Drosten, deen um Ufank vun der Corona-Pandemie gestart ginn ass. Hei goufen et reegelméisseg Updates zu der Pandemie an dem Virus. E Podcast, deen änlech wéi de Coronavirus iwwert d’Joren evaluéiert huet. De Cédric Reichel kuckt zréck.
    11 min
  • Fest & Flauschig
    Dëse Podcast ass net méi aus der däitscher Podcastzeen ewechzedenken. De Jan Böhmermann an den Olli Schulz schwätzen all Sonnden iwwert dat wat si beschäftegt. Dëse Podcast gelt och e bëssen als Pionéier vun der däitscher Laberpodcastzeen a war ee vun den éischtemat engem Exklusivvertrag bei Spotify.
    10 min

About Wat lauschters du?

From the publisher's feed

Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner