E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn.
Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht.
Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Dikec) ginn et o nach Film- a Serientipps vum "Fuß der Zeit" – diet culture an tätowéiert Beebeeën inklusive. An dat alles op engem Mëttwoch!