Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era.
De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen.
Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit).
Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch?