Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert.
Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "Mister Bear"-Gossip a Fässer, déi ni zou sinn.
An dëser Folg ginn et ausserdeem nach FOMO bei der "Luxlait", Fächeren am Kaffi an dat anert coolt Claire, mee och K-Pop Demon Hunters, e Mäerder bei der Police, eng Männerkleeder-Moudenikon an de sixpackegste Musikvideo vun allen Zäiten.