Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!!
Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles, "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster.
De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").
Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?