Ganz nom Motto "Alle Enden haben zwei Würste" schléisse mir d'Paus.-Summertour mat enger kuerzer knackeger "on the road"-Folge of: D'Bibi an Tina aus dem Podcast-Game huelen iech mat an den Hotel Royal op d'Blogger Awards! Virdrun gëtt et e klengen Update mat Peffermënztéi (oder Kamill?), feuilletonräifer Theaterkritik an enger Luxair journey. Sëtzt ee plakeg op engem Päerd? Spréngt een aus der Fënster? Hei gitt dir et gewuer! Loosst iech Momenter am Kapp am Auto zerwéieren a gönnt iech the real tea aus der Lëtzebuerger Bloggerszeen.