Ze spéit fir Halloween, mee nach ze fréi fir Chrëschtdag… dofir gëtt Paus. haut kuerzerhand zum Prime Time Crime Podcast! Move over, "Zeit Verbrechen", well de Sherlock Yåkz an d'Jīll Marple beschäftege sech mat engem glamouréis-mysteriéise Mordfall op Marbersbuedem. Ass een automatesch schëlleg, wann een en Jeanshierm an e wäisse Rollcoll unhuet? Misst ee fir schlecht Wuertwitzer an de Prisong a wa jo, ween géing da mam Yannick weidermoderéieren? A wat der Däiwel huet de Stevie Wonder an dëser Episod verluer? Taucht mat of a ganz elitär Kreesser voller dramatesch Virnimm, exotesch Hausdéieren a Next Level Ghosting.