Willkommen, bienvenue, welcome! Ass et nach Pech oder scho Brujeria? Haut gëtt et e Pride-Special, deen anescht ass, ewéi geduecht. Et gëtt fléissend Spuenesch, "dei Aal vun haut", Drag Queen Witzer an d'Rocky Horror Hippo Show. D'queer vibes sinn dës Kéier esou staark, dass d'Jill Popstar-Wife gëtt an de Yannick ni méi heem wëll. De Podcast géint de niddrege Bluttdrock bréngt iech #justiceforWill, onhéiflech Fosien a Kanner, déi einfach emol mussen de Fanger gewise kréien.