Merry Crisis! Wann dir es haut scho genuch hutt mat der Feierdagsbesinnlëchkeet, sidd dir hei genee richteg. An ärem Lieblingspodcast ginn et ausserierdesch Pappen, eng rëffeg-schéin Libesgeschicht a Fremdscham als Persoun. D'Top-Themen um 25. Dezember sinn Kannibalismus, d'lëtzebuergescht Meghan Markle an dem Jesus seng Affär mam Da Vinci. Bei eis ass qualitativ Berichterstattung garantéiert ewéi Schnéi am Qatar. Sidd dir prett fir Frühstücksraclette? Sollt Dikrech sech schummen? An ass de Jesus wierklech deen eenzegen, deen eis nach all rette kann? Dat si froen, déi dir iech all emol selwer stelle sollt.