BEE SECURE.lu op Radio ARA

BEE SECURE.lu op Radio ARA

By BEE SECURE.lu op Radio ARATechnologyEducationKids & Family
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARA episodes

  • Share Respect! Wat ass Hate Speech?
    Ween vill an de soziale Netzwierker ënnerwee ass, kennt net dolaanscht, ze mierken, datt den Ëmgangstoun do zimlech graff ass. An net nëmmen, dat d‘Leit net op déi frëndlechst Manéier mateneen diskutéieren, nee, et ass och dacks vill Haass dohannert. Déi nei Campagne vun BEE SECURE probéiert, Léisungen fir de Problem ze fannen an erkläert Strategien géint Hate Speech.
    Wat ass eigentlech Hate Speech? Hate Speech nenne mir all Form vun Ausdrock, déi zu rassisteschen, friemefeindlechen, homofeindlechen, reliéiser, kultureller, sexistescher oder soss iergendwéi diskriminéierendem Haass oprifft. Zu dëser „gruppenbezogener Menschenfeindlichkeit“ gehéieren och Diskirminéierungen opgrond vun der Hierkonft, dem Ausgesinn, dem Geschlecht, der Sexualitéit, kierperlechen Fähegkeeten, Alter, Relioun, an sou weider. Hate Speech ass zu Lëtzebuerg awer keng juristesch Kategorie. Am Code Penal ginn et awer Diskriminéierung, Rassismus, Revisionismus an Opruff zur Gewalt als strofbar Kategorien.

    Nieft dem direkten Hate Speech gëtt et och indirekten Hate Speech, wou negativ konnotéiert Begrëffer benotzt ginn, déi eng diskriminéierend Wierkung op d‘Affer hunn. Well awer keen direkten Opruff zum Haass virläit, kann indirekt Hate Speech strofrechtlech schlecht verfollegt ginn. Mä: Just datt et legal ass, eppes ze soen, heescht dat net, dat een dës Ausso net kritiséieren kann. Hate Speech huet, och wann et „just“ am virtuelle Raum ass, reell Konsequenzen. Affer vun Hate Speech kënnen psychesch oder physesch Problemer kréien, déi bis zu Depressiounen an Suicidegedanken féiere kënnen.
    Wat kann een dann lo géint Hate Speech maachen? Et gi verschidde Manéieren, fir ze reagéieren, an am Podcast kënne mir net genee op se alleguerten agoen. Ignoréieren kann heiansdo hëllefen, mä dacks et besser, ze reagéieren an ze weisen, datt Haass net onkommentéiert stoe bleift. Dat nennt een dann „Gegenrede“ oder „Counterspeech“, wou een mat verschiddenen Argumenatiounsstrategien géint Hate Speech argumentéiere kann. Natierlech gëtt et och ëmmer d‘Méiglechkeet, User ze blockéieren oder ze läschen. Hate Speech kann een an deene meeschte soziale Netzwierker mellen. Leider geschitt do – dacks wéinst der laxer US-Amerikanischer Astellung zu Meenungsfräiheet – net immens vill. Dann bleift awer ëmmer nach d‘Méiglechkeet, eng Plainte bei der Police ze maachen oder déi diskriminéierend Aussoen bei der BEE SECURE Stopline ze mellen.
    An deene nächsten Méint wäert BEE SECURE iech regelméisseg zum Thema Hate Speech informéieren, an mir schwätzen dann natierlech och an dësem Podcast iwwert dat Thema!
    Weider Informatiounen an de ganzen Dossier zum Thema Online Hate Speech fannt dir op bee-secure.lu
    3 min
  • Dude, wou si meng Passwierder?
    Ween d‘Norichten ronderëm Internetsécherheet verfollegt, héiert ëmmer méi dacks vun „leaks“ oder „breaches“. Mat deenen Wierder gëtt de Klau vun sensibelen Donnéeën aus Datebanken vun Websäite bezeechent. Dacks gëtt dobäi d‘Kombinatioun Emailadress/Passwuert geklaut. Déi Donnéeën fannen sech dann an Foren am sougenannte „Darknet“ erëm oder ginn op ëffentlechen Säiten – ganz dacks um Site pastebin.com, publizéiert. Ween also op allen Säiten dat selwecht Passwuert an déi selwecht Emailsadress benotzt, huet een Problem. D‘Chance, datt een Account vun engem anerem Site no engem „breach“ gehackt gëtt, ass zimlech grouss. Grad bei Siten, wou een Kreditkaarteninformatiounen hannerluecht huet, wéi amazon, paypal oder steam, kéint dat zimlech deier ginn.
    Mä wéi fënnt een dann elo raus, ob een bei engem „breach“ dobäi war oder net? Et gëtt een zimlech prakteschen Site, ob deem een erausfanne kann, ob déi eegen Donnéeën bei engem Dateklau dobäi waren oder ob een de Kapp a rou leeë kann. Op haveibeenpwned.com kann een seng Emailsadress aginn an erausfannen, ob een vun engem breach betraff ass. De Site durchsicht automatesch déi Siten, ob deenen geklauten Donnéeën geleaked ginn an späichert just d‘Usernimm an d‘Emailsadressen. Wann een vun engem Leak betraff ass, kritt een Informatiounen dozou, wéini datt dat war an wat fir Informatiounen geklaut gi sinn.

    Et ass ausserdeem och méiglech, sech mat senger Emailsadress bei haveibeenpwned.com unzemellen an automatesch eng Notifikatioun ze kréien, wann Donnéeën vun engem geklaut sollte ginn. Natierlech bitt haveibeenpwned.com keen 100-prozentegen Schutz, well och dëse Site vir d‘éischt muss vun engem Leak gewuer ginn, iert en d‘User kann warnen. Allerdéngs funktionéiert dëst zum Deel schonn automatesch. Ween vun engem Breach betraff ass, sollt all d‘Passwierder op alle Siten, op där en sech mat där selwechter Emailsadress an dem selwechten Passwuert ugemellt huet, änneren.
    Natierlech ass et besser, guer net an déi penibel Situatioun ze kommen. Et gëtt dofir recommandéiert, fir all Account, deen dir iech maacht, een anert Passwuert ze benotzen. Dat Passwuert sollt méiglechst laang, keng trivial Informatioun wéi een Gebuertsdatum an méiglechst eenzegaarteg sinn. Well et schwiereg ass, sech sou vill Passwierder ze mierken, kann een een Passwuertmanager wéi KeePass oder LastPass benotzen, fir sech dobäi hëllefen ze loossen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    3 min
  • Save the date fir den Safer Internet Day 2017!
    Et ginn vill Feierdeg am Joer, an nach vill méi Deeg, déi als „internationalen Dag vun X“ bekannt sinn. Wousst dir zum Beispill, datt den 19. November den Welttoilettendag ass, deen op déi fehlend sanitär Ariichtungen a ville Länner opmierksam soll maachen? Haut, den 26. September, deen Dag op deem dëse Podcast verëffentlech gëtt, ass den europäeschen Dag vun de Sproochen. Mä ech zielen iech dat alles net ouni Grond. Et geet mir haut nämlech ëm e ganz speziellen Dag, deen fir BEE SECURE bal de wichtegsten Dag vum Joer ass. Riets ass vum SAFER INTERNET DAY.
    Den Safer Internet Day ass all Joer am Februar, an dat nächst Joer wäert en Dënschdes den 7. Februar sinn. Dir kënnt iech also schonn den 7. Februar 2017 an den Kalenner androen. Den Safer Internet Day dréit sech ëm eng méi sécher Benotzung um Internet an riicht sech speziell u méi jonk Leit, also Kanner a Jugendlecher. Dat heescht awer net, datt Erwuessener sech op dësem Dag net bedeelege kënnen oder näischt kéinte léieren. All Joers steet den Safer Internet Day ënnert engem anerem Motto, fir op een speziellt Thema opmierksam ze maachen, dat grad aktuell ass. 2017 wäert dëse Motto „Be the change: Unite for a better internet“, also „Sief d‘Verännerung, Zesummen fir een bessert Internet!“ sinn.
    Organiséiert gëtt den Safer Internet Day vun Insafe, engem europäesche Netzwierk vun „Safer Internet Centers“. BEE SECURE ass sou een Safer Internet Center, déi alleguerten ähnlech schaffen, zum Beispill Campagnen maachen, eng Helpline ënnerhalen an jonk Leit iwwer Internetsécherheet informéieren. Den Safer Internet Day gëtt awer och ausserhalb vun Europa an ronn 70 Länner gefeiert. Um Site saferinternetday.org fënnt een och Informatiounen iwwert déi vergaangen Safer Internet Days.


    Do kann een sech och inspiréieren, wann een 2017 matmaache wëll. Jiddereen, egal op Veräin, Schoul, Jugendhaus, Firma oder Eenzelpersoun, ass agelueden, sech ze bedeelegen an seng Iddien an Aktiounen bei BEE SECURE eranzereechen. Hei nach eng Kéier den Datum, fir en schonn mol an ären Kalenner anzedroen: den nächsten Safer Internet Day ass den 7. Februar 2017.
    Een aneren Datum, deen dir iech an de Kalenner androe sollt an deen dir op keen Fall verpasse sollt, ass de nächste Samschden! Den 1. Oktober also. Do ass an a virun de Rotonden an der Stad nämlech den „On Stéitsch“-Festival. Do gëtt allerlee gebueden, vun Musek, Expoen, Danz bis hin zu Informatiounsstänn. An do ass natierlech BEE SECURE och vertrueden. An do wäert dann och déi neistem Campagne vun BEE SECURE presentéiert ginn. Den Titel kann ech awer schonns verroden: „Share respect!“ Bei der Campagne geet et ëm déi verschiddensten Formen vun Hate Speech an wéi een se stoppe kann. Ween méi wëll gewuer ginn, kënnt den Samschden, 1. Oktober op den On Stéitsch Festival bei de Rotonden. An fir weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet kuckt dir einfach op bee-secure.lu
    4 min
  • Alternativen zu WhatsApp
    Bal genee virun engem Joer gouf et schonn eng Kéier e Podcast zum Thema Alternativen zu WhatsApp. Mëttlerweil huet sech e bëssi eppes gedoen: WhatsApp ass zwar elo Enn-zu-Enn verschlësselt, mä gëtt d‘Donnéeë vu senge Notzer, wéi zum Beispill d‘Telefonsnummer, un d‘Mammefirma Facebook weider. Ausserdeem huet WhatsApp eng laang Geschicht vu Schwaachstellen, déi den Messenger net méi sécher maachen. Elo ass nach knapps eng Woch Zäit, iert een déi nei Notzungsbedengungen an domadder den Datentransfer zu Facebook akzeptéieren muss. Héich Zäit also, nach eng Kéier e Bléck op Alternativen zu WhatsApp ze werfen.
    Telegram ass déi Alternativ, déi ganz staark u WhatsApp erënnert an déi selwecht Funktioune bidd: Gruppenchats, Fotoen an Audioopnahmen verschécken. De Programmcode vun Telegram ass Open Source, wat bedeit, datt eventuell Schwachstellen méi séier entdeckt kënne ginn. Et gëtt och d'Méiglechkeet, een Usernumm ze wielen, esou datt een keng Telefonsnummer muss uginn, fir mat Leit kënnen ze chatten. Als besonnesche Bonus ginn et nieft de bekannten Emojis Stickeren, wéi se aus dem Facebook-Chat bekannt sinn. Allerdéngs ass d‘Enn-zu-Enn-Verschlësselung net de Standard bei Telegram, en plus gëtt de Messenger net méi als sou eng sécher Alternativ ugesinn, och well d‘Entwéckler wuel net ëmmer immens transparent sinn.

    Wire ass een néie Messenger, deen aus der Schwäiz kënnt. En huet déi selwecht Features wéi WhatsApp an bidd déi och all verschlësselt un. Donieft bidd Wire och verschlësselt Gruppentelefonater an Videokonferenzen un. Dat ganzt kascht näischt an ass Open Source, wat heescht datt eventuell Problemer an der Verschlësselung séier bekannt an gefixt gi kënnen. Nach huet Wire net vill User, wat am Moment natierlech nach een Nodeel ass. Dat kéint sech awer séier änneren.
    Eng aner Alternativ ass Signal. Virun engem Joer huet Signal nach TextSecure geheescht an just SMSen verschlësselt. Haut ass et méiglech, normal Messagen, Dateien an Telefonsgespréicher iwwert den Datenkanal auszetauschen, och an Gruppen. Och hei ass ëmmer alles verschlësselt. D‘Verschlësselung vu signal huet an der Krypto-Community e ganz gudden Ruff. Signal huet schonn zimlech vill User, wat definitiv vu Virdeel ass.
    Och bekannt ass Threema, eng App déi och aus der Schwäiz staamt, vill Funktiounen bidd an alles verschlësselt. Allerdéngs kascht dës App eppes an ass net open-source, wat eng onofhängeg Kontroll onméiglech mécht. Een aneren interessanten Déngscht heescht SIMSme a kënnt vun der däitscher Post. Och hei ass alles Enn zu Enn verschlësselt an et ginn vill Funktiounen. En plus kann een iwwert déi App och Noriichten vun groussen däitsche Medie liesen. Och hei ginn et nach net vill User.
    Grondsätzlech ginn et vill Alternativen zu WhatsApp – och Messenger wéi kik oder LINE gehéieren dozou, mä déi mannst dovunner si verschlësselt. Eisen Iwwerbléck huet déi wichtegst virgestallt. Realistescherweis wäert een wuel net mat engem eenzegen Messenger jiddereen erreeche kënnen. Lo ass et un iech, d‘Apps auszeprobéieren an är Kontakter dovunner ze iwwerzeegen, de Wiessel ewech vu WhatsApp ze maachen.
    Iwwersiicht EFF: https://www.eff.org/node/82654
    Telegram: https://telegram.org
    Wire: https://wire.com
    Signal: http://whispersystems.org/
    Threema: https://threema.ch/
    SIMSme: http://www.simsme.de/
    4 min
  • Nei WhatsApp-Notzungsbedegungen: Kritt Facebook lo meng Telefonsnummer?
    WhatsApp ass aktuell deen Instant Messenging-Dengscht. Mat iwwer enger Milliard Notzer gëtt et kee Messenger, dee vu méi Leit benotzt gëtt. An der läscht ass dat och ëmmer erëm un d‘Häerz geluecht ginn, well WhatsApp zanter e puer Méint eng Enn-zu-Enn Verschlësselung ubitt, mat där een relativ sécher si kann, dat déi eege Konversatiounen net vun aneren opgefaange kéinte ginn. Am Hiecht 2014 ass d‘Firma vu Facebook opkaaft ginn. Dat sozialt Netzwierk huet sech de Messenger-Dengscht 22 Milliarden Dollar kaschte gelooss. Laang ass spekuléiert ginn, wéini Facebook géif probéieren, d‘Donnéeë vu WhatsApp an déi eege Servicer ze integréieren.
    Lo schéngt den éischte Schratt dozou gemaach ze ginn. WhatsApp huet lo nei Notzungsbedengungen, deenen d‘User zoustëmme mussen, fir de Service nom 25. September nach benotzen ze kënnen. Domadder kritt WhatsApp dann och d‘Recht, fir d‘Telefonsnummer u Facebook weider ze ginn. Donieft ginn och aner Notzungs-Donnéeë, wéi den Zäitpunkt vun der läschter Aktivtéit, weiderginn, allerdéngs keng Messagen. Am Moment hätt WhatsApp net wëlles, Profilnumm, Fotoen oder Statusmeldungen mat Facebook ze deelen.



    Facebook geet et dorëms, d‘Informatioune vu WhatsApp fir besser a méi gezielt Facebook-Reklammen ze benotzen. Et kann een zwar an der App Ausschalten, datt déi eegen Donnéeë fir personaliséiert Reklamme benotzt ginn, mä Facebook kritt d‘Donnéeën trotzdem. Déi sollen och dofir benotzt ginn, fir Spam ze bekämpfen an de Service allgemeng besser ze maachen.
    Et soll awer och aner Ännerunge bei WhatsApp ginn. An zwar wëll de Service et Firmen erméiglechen, mat hire Cliente iwwer WhatsApp a Kontakt ze trieden. Eng Fluchgesellschaft kéint een dann zum Beispill per WhatsApp iwwer Verspéidungen informéieren. Och hei stellt sech d‘Fro, op dëse Service mat Facebook verbonne solle ginn.
    Ween seng Telefonsnummer net mat Facebook deele wëll an eng Alternativ zu WhatsApp sicht, déi och verschlësselt Messagen ënnerstetzt, kann den Open-Source Messenger „Signal“ benotzen. Aaner Alternativen heeschen telegram an Threema. Ween ëmklamme wëll, muss awer och seng Bekannten dovunner iwwerzeegen. Bis den 25. September ass Zäit.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.heise.de/mac-and-i/meldung/WhatsApp-Weitergabe-der-Account-Informationen-an-Facebook-einschraenken-3305717.html
    http://www.heise.de/mac-and-i/meldung/WhatsApp-und-Facebook-werden-verzahnt-ein-wenig-3305057.html
    http://www.heise.de/security/artikel/Analysiert-Spioniert-die-undokumentierte-WhatsApp-Umstellung-3295090.html
    3 min
  • Opgepasst: Dropbox-Passwierder geleaked!
    Dropbox ass wahrscheinlech een vun deene bekannteste Cloud-Dengschter. Duerch d‘Installatioun vum Programm gëtt een Dossier um Computer ageriicht, deen automatesch mat der Cloud synchroniséiert gëtt. All Geräter, op deenen Dropbox installéiert ass, hunn den selwechten Dossier, deen ëmmer automatesch synchroniséiert gëtt. Et ass ausserdeem méiglech, een Dossier mat e puer Leit ze sharen an et kann een och per Websäit op d‘Dateien zougräifen, sou datt een iwwerall, wou een Internet huet, un seng Donnéeë kënnt. Dat ass enorm praktesch, mä den Cloud-Späicher huet een Problem: et gouf een Leak vun de Passwierder.
    Mëtt 2012 goufe ronn 68 Millioune Passwierder vun Dropbox geklaut. Am Fong sinn zwar just d‘Emailsadressen an d‘Hashes geklaut ginn. Een Hash ass eng „Prüfsumme“, aus där een normalerweis net op d‘Passwuert selwer schléisse kann. Allerdéngs ass d‘Halschent vun deenen 68 Millioune Passwierder mat dem Algorithmus „SHA-1“ generéiert ginn. Deen huet leider Schwaachstellen a ka mëttlerweil relativ einfach geknackt ginn. Déi aner Halschent ass mat dem Algorithmus „bcrypt“ geséchert, mat deem gutt Passwierder sécher sinn sollten. Et weess een awer net, zu wat fir enger Halschent dat eegent Passwuert gehéiert. Dofir krut jiddereen, deen zanter dem Zäitpunkt säi Passwuert net changéiert huet, eng Email vun Dropbox. Och wann een sech op der Websäit dropbox.com umeld, gëtt een zum Wiessel vum Passwuert opgeruff. D‘Apps um Computer a Smartphone funktionéieren allerdéngs ouni ze Meckere weider.

    Ween also zanter op mannst 2012 een Account bei Dropbox huet, sollt sech eng Minutt Zäit huelen an d‘Passwuert op dropbox.com änneren. Ech hat iech an engem vireschte Podcast schonn erzielt, op wat een bei séchere Passwierder oppasse sollt, mä kuerz zesummegefaasst gëllt et, sech een laangt, eenzegaarteg Passwuert ze sichen, datt een Aneren net einfach rode kann oder dat op der Hand läit.
    Wann dir bei Dropbox een Passwuert benotzt hutt, datt dir och bei aneren Accounts benotzt hutt, musst dir all déi Passwierder bei all deene Servicer änneren. Grad dann, wann dir déi selwecht Emailsadress benotzt hutt, fir iech unzemellen. Dëst ass och eng gutt Geleeënheet, fir sech generell Gedanken iwwer sécher Passwierder ze maachen an een Passwuert-Manager wéi zum Beispill LastPass oder KeePass ze installéieren.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.heise.de/newsticker/meldung/Gestohlene-Dropbox-Passwoerter-offenbar-echt-3310017.html
    4 min
  • Perséinlech Donnéeën – wat si meng Rechter?
    Mir liewen am Zäitalter vun den Donnéeën. Déi ginn ëmmer méi wäertvoll, well mir stänneg nei Methoden entwéckelen, fir och grouss Masse vun Donnéeën ze duerchsichen an ze analyséieren. Hannert dem Schlagwuert „big data“ stécht am Fong net vill méi, wéi dat déi sprëchwiertlech Sich no der Nol am Koup Hee haut vill méi einfach ass. Mat statisteschen Analysemethoden loossen sech Connectioune fannen, un déi am Ufank kee geduecht huet.
    Ëmgedréint heescht dat awer och, datt d‘Protectioun vun den eegene perséinlechen Donnéeën ëmmer méi wichteg gëtt. Wësst dir, ween alles är Adress, är Telefonsnummer oder äre Gebuertsdatum weess? An wéi vill Firme sinn dorënner? Ween weess vläit och nach méi perséinlech Donnéeë wéi är sexuell Preferenzen oder är politesch Astellung? Leider wäert kee vun eis déi Fro genee beäntwere kënnen. Zum Gléck ginn et awer Gesetzer, déi eis Donnéeë schützen.



    Zu Lëtzebuerg gëtt et een Organ, dat sech ëm de Schutz vu private Donnéeë këmmert. Dat ass d‘“Commission Nationale pour la Protection des Données“, kuerz CNPD. Ween eng Datei oder Datebank mat perséinlechen Donnéeën uleet, muss dës bei der CNPD mellen. Déi iwwerpréift dann, ob déi Datebank de gesetzleche Kritären entsprécht. Zousätzlech ginn et 10 Prinzipien, un déi sech muss gehale ginn.
    Dës Kritäre sinn:
    Legitimitéit: Et muss een legitime Grond ginn, fir perséinlech Donnéeën ze sammelen.
    Finalitéit: Et muss een bestëmmtent, am Virfeld festgeluechtent Zil fir d‘Sammele vun deenen Donnéeë ginn an et däerfe just sou vill Donnéeë gesammelt ginn, wéi néideg sinn, fir dat Zil ze erreechen.
    Proportionalitéit: Et däerfe just Donnéeë gesammelt ginn, déi mam Zweck an Verbindung stinn.
    Richtegkeet: D‘Donnéeë musse richteg sinn an et muss alles ënnerholl ginn, datt se richteg bleiwen. D‘Méiglechkeet, se ze läschen oder ze verbesseren, muss zu all Moment bestoen.
    Loyalitéit: D‘Sammelen, d‘Opzeechnen, d‘Benotzen an d‘Weidergi vu perséinlechen Donnéeën däerf net ouni d‘Wësse vun der betreffender Persoun passéieren.
    Sécherheet: D‘Donnéeë musse sécher gespäichert ginn.
    Transparenz: Et muss méiglech sinn, déi eegen Donnéeën ze kucken an gewuer ze ginn, wat domadder gemaach gëtt. Dofir sinn och all d‘Datebanken bei der CNPD registréiert.
    Sensibel Donnéeën: D‘Späichere vun Informatiounen, déi perséinlech Meenungen, Iwwerzeegungen, de Gesondheetszoustand oder d‘Sexualliewen betreffen, ass bis op e puer Ausnahme verbueden. Genetesch Datebanke sinn also och verbueden.
    Iwwerwaachung: Et brauch eng speziell Genehmegung vun der CNPD, fir däerfe Leit technesch, zum Beispill mat enger Videokamera, ze iwwerwaachen.
    Net-Komerziell: Den 10. Prinzip seet, datt een zu all Moment d‘Recht huet, déi kommerziell Benotzung vu sengen Donnéeën ze verbidden. Wann dir et net explizit erlaabt hutt, ass et verbueden, Reklamm per Email oder SMS ze maachen.
    Wann dës Prinzipien net agehale ginn, kann dat per Gesetz bestrooft ginn. Wann dir de Verdacht hutt, datt sou e Fall virläit, da kennt dir iech bei der CNPD mellen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    https://www.cases.lu/rechtliche-aspekte.html
    4 min
  • Verschlësselt Mëttegiessen
    Et gi vill Methoden, wéi een sech iwwert Internetsécherheet informéiere kann. Wann dir dat leiten lauschtert, dann hutt dir eng besonnesch praktesch Manéier entdeckt: Dir musst just nolauschteren an gitt sou ouni vill Méi informéiert. Mä een Podcast huet natierlech de Nodeel, datt dir mech net direkt froe kënnt, wann iech eppes onkloer ass. An dir kënnt iech och net eraussichen, zu wat fir engem Thema ech iech eppes zielen. Dir kënnt zwar eppes beim Podcast-Lauschteren iessen, mä dat ass net gratis.
    Lo frot dir iech wahrscheinlech, wisou ech op een mol vu gratis Iesse schwätzen. Ma zanter e puer Méint gëtt et zu Lëtzebuerg een neit Event, dat Wëssen iwwert Internetsecherheet mat engem gratis Mëttegiesse verbënnt. Riets ass vum Crypto Lunch, dee bëssen nom Prinzip vun de Crypto-Partien opgebaut ass. Bei enger Crypto-Party treffen sech ganz vill Leit an schwätzen iwwert Thema Verschlësselung an feieren eventuell och nach.
    De Cryptolunch ass awer bëssen aanescht. Zesumme mat der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg organiséiert „Security made in Luxembourg“ dësen Event, deen eemol am Mount soll stattfannen. Europäesch Bierger sollen sech an engem informellen, flotte Kader mat Experten aus der Branche austausche kënnen. Dat iwwert Theme Privatsphäre an Internetsécherheet. Grad an eiser vernetzter Welt gëtt et ëmmer méi schwiereg, ze definéieren, wou d‘Privatsphär ufänke soll an wéi wäit d‘Gesellschaft oder Firmen an eist Privatliewen andrénge kënnen. Iwwert dës Froe kann beim Cryptolunch ouni Problemer geschwat an diskutéiert ginn.



    Een Zil vum Cryptolunch ass et, sou nidderschwelleg wéi méiglech ze sinn. Et gëtt zwar all Mount een Thema, mä et muss een keen Expert doranner sinn, fir matzemaachen. Am Géigendeel, grad Leit déi net vill Expertise hunn, sinn agelueden, Froen ze stellen. Am Mäerz ass et ëm d‘Schlagwuert „Internet of Things“ gaangen, also connectéiert Geräter am Alldag, am Juni ass iwwert d‘Notzungsbestëmmungen vu sozialen Netzwierker wéi Facebook diskutéiert ginn.
    D‘Cryptolunches sinn ëmmer op englesch an op franséisch, sou datt méiglechst vill Leit dovunner profitéiere kennen. Hannert dem Cryptolunch steet d‘Team vun „Hack4Kids“ - si hunn also Erfahrung doranner, Internetsecherheet liicht verständlech ze erklären. D‘Cryptolunches sinn ëmmer an der Maison d‘Europe. Méi Informatioune fannt dir op cryptolunch.lu
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.cryptolunch.lu/
    3 min
  • Mam Smartphone an d‘Vakanz?
    Ween an d‘Vakanz fiert, wäert haut net méi op säi Smartphone verzichte wëllen. Et sinn deier Apparater an wann een sech de Risiko ukuckt, datt en geklaut oder verluer kéint goen, wier et dacks méi sécher, een alen Handy mat op d‘Rees ze huelen. Mä vill vun eis sinn dorunner gewinnt, de Smartphone ëmmer dobäi ze hunn a wëllen och an der Vakanz net dorobber verzichten. Grad vill jonk Leit hunn oft guer keng aner Méiglechkeet, fir zum Beispill Fotoen als Erënnerung un d‘Vakanz ze maachen.
    Et gëllt awer op e puer Saachen opzepassen. Engersäits ass den Handy selwer an der Vakanz dacks a Gefor, zum Beispill op der Plage oder bei der Piscine. Et lount sech dowéinst, eng Schutzhüll ze kafen, déi de Smartphone viru Sand, Stëbs a Waasser schützt. Den Handy kann awer och geklaut ginn, dofir sollt een de Smartphone am beschten ëmmer no um Kierper droen an en mat engem Passwuert oder PIN schützen. Et ass souwisou sënnvoll, den Handy ze verschlësselen, dofir ass et eng gutt Iddi, d‘Vakanzenvirbereedungen zu dësem Zweck ze notzen. Et ginn och speziell Apps, mat deenen den Handy am Fall vun engem Vol getrackt oder gesperrt ka ginn.



    De Roaming ass och nach ëmmer een Thema. Déi déier Roaming-Tariffer wäerten am Juni 2017 zwar Geschicht sinn, mä bis dohinner kënnen Apps an Internetsurfen am europäeschen Ausland deier ginn. Bis dohinner ass et am beschten, den Roaming fir Daten-Dengschter auszeschalten oder een speziellen Auslands-Package ze buchen. Wann een just iwwert WLAN an d‘Netz geet, kann een de Problem och einfach vermeiden. Mä och hei gëllt et opzepassen: een oppene WLAN kann eng Gefoer fir är Donnéeë wéi zum Beispill Passwierder duerstellen. Dofir ass et wichteg, just verschlësselt Verbindungen ze benotzen. Ween Zougrëff op een VPN huet, sollt dëse benotzen.
    De Smartphone kann awer och hëllefen, d‘Vakanz méi angenehm ze maachen. Zum Beispill ginn et Kaarten-Apps, wou een eng ganz Stad am Viraus erofluede kann. Déi ass dann och offline ze gebrauchen. Sou fënnt een och am Grousstadtdschungel de Wee zeréck an den Hotel. Dacks ginn et och speziell Apps vun enger bestëmmter Stad oder Regioun, déi net nëmmen eng Kaart, mä och Tipps zu Sehenswürdegkeeten, Restauranten an ähnleche Platze bidd. Och Iwwersetzungs-App, déi keng Internetverbindung brauchen, kënnen an der Vakanz hëllefen, zum Beispill wann een een bestëmmtent Wuert op der Menüskaart net versteet. Och eng App fir den ëffentlechen Transport ka ganz nëtzlech sinn. D‘App „Öffi“ zum Beispill bidd Informatiounen zum ëffentlechen Transport a ganz villen europäesche Stied.
    Et lount sech also, den Smartphone virun der Rees richteg ze präparéieren – da gëtt d‘Vakanz bestëmmt een Erfolleg!
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.areamobile.de/specials/24614-smartphone-im-urlaub-mit-dem-handy-richtig-reisen
    http://www.areamobile.de/b/2043-smartphone-anwendungen-die-top-10-app-tipps-fuer-die-urlaubszeit
    http://meedia.de/2016/06/29/entspannter-urlauben-so-schuetzen-sie-ihr-smartphone-auf-reisen/
    https://www.bitkom.org/Presse/Presseinformation/Mit-dem-Smartphone-auf-Reisen-Kostenfallen-umgehen.html
    http://www.pcwelt.de/ratgeber/So-schuetzen-Sie-Ihr-Smartphone-im-Urlaub-Auf-Reisen-9695577.html
    http://www.rp-online.de/digitales/smartphones/urlaub-2016-roaming-mit-dem-smartphone-was-man-wissen-muss-aid-1.6052230
    4 min
  • Sinn Vakanzefotoen geféierlech?
    Et ass Vakanzenzäit. Dat heescht net nëmmen, datt alles bësse méi roueg zougeet an vill Leit eben net doheem sinn, mä eben och, datt een vill Biller aus Vakanzen an de sozialen Netzwierker gesäit. Dat huet fir déi, déi doheem bliwwe sinn den onangenehmen Effekt, datt si eventuell och Loscht kréien, an d‘Vakanz ze fueren, mä et kann awer och aner, méi grave Gefore mat sech bréngen.
    Ween Fotoen aus der Vakanz op sozialen Netzwierker post, leeft Gefor, datt déi ganzt Welt matkritt, datt hien an der Vakanz ass. Dat heescht, dat och zum Beispill Abriecher dës Informatioun matkréien. Wann dann och nach déi eegen Adress oder eng Foto vum eegenen Haus um Facebook-Profil ze fanne sinn, ass d‘Aarbecht fir den Onéierlechen immens einfach. Ween et also net loosse kann, Fotoen direkt aus der Vakanz ze posten, sollt op mannst dorobber oppassen, datt d‘Privatsphär-Astellunge richteg gesat sinn an dat Donnéeë wéi Adress oder Uertschaft net ëffentlech siichtbar sinn – am beschte stinn se guer net um Profil.



    Genee sou sollt een oppassen, keng Fotoen ze posten, ob deem dat eegent Doheem gutt ze erkennen ass – d‘Virsichtsmossnahmen virun Abriecher gëllen also net just an deene 14 Deeg, an deenen een an der Vakanz ass, mä dat ganzt Joer iwwer! Dozou gehéieren och d‘Geo-Tags bei Fotoen. Unhand vum GPS vun ärem Smartphone ginn an d‘Meta-Donnéeën vun der Foto d‘Koordinate gespäichert, wou d‘Foto gemaach ginn ass. Während dat an der Vakanz nëtzlech si kann, fir d‘Fotoen der richteger Uertschaft zouzeurdenen, sou ass dat am Alldag vläit awer geféierlech, well sou d‘Koordinate vun ärer Wunneng oder ärer Schaffplaz un d‘Ëffentlechkeet gerode kënnen. Et ass dofir ubruecht, sou Meta-Donnéeën virum Upload an den Internet ze läschen.
    Et ginn awer och nach aner Geforen, déi an der Vakanz op een laueren, wann een vill Fotoe mécht. Vill Smartphones sinn haut mat engem Cloud-Dengscht verbonnen, an dem d‘Fotoen automatesch gespäichert ginn, zum Beispill iCloud oder Dropbox. An der Vakanz ass et wichteg, engersäits den Daten-Roaming auszeschalten oder dës Cloud-Dengschter auszeschalten. Den automateschen Upload vu Fotoe verbraucht vill Donnéeën an kann ënner Ëmstänn deier ginn. Et sief nach eng Kéier drun erënnert: Den Enn vum Roaming an Europa ass zwar an Siicht, mä nach ass et net esou wäit! Ween schlau ass, mécht seng Internet-Aktivitéite souwisou an engem WLAN. Mä och hei gëllt et opzepassen! Bei oppenen Netzer sollt dir just verschlësselt Verbindunge benotzen, soss kéinten zum Beispill är Passwierder ausgelies ginn.
    Generell gëllt wéi ëmmer: Nodenken, iert dir klickt oder post! Vläit lount et sech, seng Vakanz méiglechst ouni Internet ze genéissen an d‘Fotoe réischt duerno ze posten. Sou kann een dann och a Rou déi flottsten auswielen an seng Kollegen sou richteg jalous maachen, ouni dat aner Geforen laueren!
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://reiseziele.ch/ferienfotos-vor-verlust-schuetzen/,
    http://www.handelsblatt.com/panorama/aus-aller-welt/urlaubsgruesse-als-gefahr-wenn-das-facebook-foto-einbrecher-anlockt/12051994.html
    4 min

About BEE SECURE.lu op Radio ARA

From the publisher's feed

weekly episode