BEE SECURE.lu op Radio ARA

BEE SECURE.lu op Radio ARA

By BEE SECURE.lu op Radio ARATechnologyEducationKids & Family
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARA episodes

  • Recht um eegene Bild
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Déi meescht vun iech sinn sécherlech op Facebook. A ween op Facebook ass, gëtt séier mol op enger Foto getagged, op där een guer net sou gutt ausgesäit. Däerf eng aner Persoun eigentlech einfach sou Fotoe vu mir verëffentlechen, och wann ech guer net domadder averstane sinn? D‘Äntwert ass: Nee. Et gëtt nämlech d‘Recht um eegene Bild.
    D‘Recht um eegene Bild huet seng Grondlag an den juristeschen Texter iwwert den Schutz vun der Privatsphäre. Dëst Recht ass zum Beispill an der Erklärung vun de Menschenrechter vun den Vereenten Natiounen, an der Europäescher Menschenrechtskonventioun, mä awer och an e puer lëtzebuergesche Gesetzer verankert. D‘Iddi ass déi, datt dir net nëmmen d‘Recht hutt, iech ze weigeren, datt eng Foto vun iech gemaach gëtt, mä och, datt dir iech géint Verëffentlechung an Verbreedung vun där Foto wiere kënnt. Just well dir akzeptéiert hutt, datt eng Foto vun iech gemaach ginn ass, heescht dat net, datt dir all Verbreedung an all Kontext an fir all Zwecker zoustëmmt.
    Allerdéngs gëllt d‘Recht um eegene Bild virun allem vir Fotoen, déi op enger privater Platz geknipst gi sinn. Wann dir am ëffentleche Raum fotograféiert gitt an net am Fokus vum Bild steet, ass dat wéi wann dir eng Erlaabnis fir d‘Foto ginn hätt.



    Grad, wann een Fotoe vun aneren an d‘Cloud lued, ginn et e puer Saachen, ob déi een oppasse muss. An den Nutzungsbedengungen vu verschiddene Servicer gëtt een säin Accord, datt Fotoen, déi een roplued, kommerziell benotzt kéinte ginn. Dat kann enorm Problemer fir iech bedeiten, grad wann dir Fotoe roplued, op deene Kanner ze gesi sinn an dir keng Erlaabnis vun den Eltren hutt. Et ass dofir wichteg, sech säi Foto-Cloud-Dengscht gutt erauszesichen an sech am Viraus ze informéieren. Privat Fotoe sollt dir am beschten net an der Cloud späicheren – a wann, da just verschlësselt.
    Op Social Media kann een aner Leit taggen, an eben och getagged ginn. Bei Facebook kann een zimmlech genee astellen, ween een taggen däerf an ob deen Tag och fir déi eege Kollege siichtbar sollt sinn. Et ass eng gutt Iddi, all Tags fir d‘éischt ze iwwerpréiwen, iert se op där eegener Pinnwand optauchen. Och d‘Privatsphärastellungen vu Facebook sinn een wichtegen Tool, wann et ëm Fotoe geet, wou aner Leit drop sinn.
    Ee wichtege Saz nach zum Schluss: Och wann dir op enger Foto sidd an d‘Recht un ärem Bild hutt, heescht dat net, datt dir de Copyright vun der Foto hutt. Dir däerft eng Foto, déi een anere vun iech gemaach huet, also net einfach verbreeden, ouni d‘Erlaabnis vum Fotograf ze hunn.
    Weider Informatiounen zum Thema Recht um eegene Bild an der Cloud fannt dir op bee-secure.lu
    3 min
  • Backups
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut well ech mat iech iwwert een Thema schwätzen, datt ech schonn dacks erwähnt hunn, mä dat mir nach ni sou ganz erklärt haten: Backups. Dir waart vläit schonn an der Situatioun, datt dir un engem Dokument geschafft hutt, äre Computer een Problem hat an dir duerno gemierkt hutt: Är Aarbecht war net gespäichert. Dat ass iergerlech a frustrant. Nach méi iergerlech a frustrant ass et, wann all är Donnéeën op ee mol fort sinn. Dat geschitt méi liicht wéi een mengt: Et kann een de Laptop geklaut kréien, är Festplack ka futti goen, et ka brennen, dir kënnt iech een Virus oder Trojaner afänken oder et ka soss een Ongléck passéieren. Heiansdo soll et och scho vir komm sinn, datt Leit onopmierksam waren an selwer wichteg Donnéeë geläscht hunn. Ween schonn eng Kéier an der Situatioun war, weess, datt een dann dacks denkt: Hätt ech nëmmen een Backup gemaach! Dacks mierkt een nach Méint drop, datt een een Deel vu sengem Liewe verluer huet, well wichteg Erënnerunge wéi z.B. Fotoen einfach fort sinn.
    Wat heescht Backup iwwerhaapt? Ee Backup ass eng Kopie vu mengen Donnéeën, déi op enger sécherer Platz ass. Dat kann eng extern Festplack, een USB-Stick oder eng Plaz an der Cloud sinn. Wichteg ass et, datt de Backup ëmmer physesch vum eegene Computer getrennt ass. Sou kann zum Beispill net een Kyptotrojaner och de Backup verschlësselen.



    Et gi verschidden Zorte vu Backups: et kann een säi ganze Computer souzesoen „clonen“. Dat nennt een dann „Image“, also Bild. Mat dem Image ass et méiglech, de Computer erëm op den Zoustand, an dem d'Image gemaach ginn ass, zeréckzesetzen. Dat ass zum Beispill dann nëtzlech, wann een sech e schwéiere Virus agefaangen huet, wou déi eenzeg Léisung eng komplett Néiinstallatioun ass. Een Image huet de Nodeel, datt et relativ grouss ass an dat een an deene meeschte Fäll net nodréiglech eenzel Dateien ersetze kann. Et lount sech also, bei engem neie Computer een Image ze maachen, wann een en fäerdeg ageriicht huet an dëse Virgang z.B. all Joer ze widderhuelen.
    Eng aner Zort vu Backup ass „just“ d'Späichere vun Donnéeën. Dobäi ginn et Programmer, déi vun ausgewielten Dossieren automatesch a reegelméissegen Ofstänn Backups maachen. Sou muss een sech just eng Kéier iwwerleeë, vu wat fir Dossieren een een Backup brauch. Dat huet de Virdeel, datt dëst am Reegelfall net sou vill Platz verbraucht an een no engem éischte grousse Backup just nach déi nei oder geännert Donnéeë kopéiere muss. De regelméissege Backup brauch also net sou vill Zäit.
    Et kann een Backups zwar manuell maachen, mä et ginn eng ganz Rëtsch Programmer, déi iech dobäi hëllefe kënnen. Weider Informatiounen zum Thema fannt dir op bee-secure.lu an op secin.lu
    4 min
  • Ondicht Wolleken
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir doriwwer, wat geschitt, wa Wolleken ondicht sinn. Dir wäert lo soen: Da reent et! Dat stemmt zwar, mä haut geet ëm d‘Fro, wat geschitt, wann d‘Cloud ondicht ass. An da reent et net Waasser, mä Donnéeën. A wa mir Pech hunn, sinn eis Donnéeën drënner.
    Et gi verschidde Méiglechkeete fir een Datenleck an der Cloud: engersäits kënnen eis Geräter geklaut ginn, eist Ëmfeld kann Aktioune setzen, déi engem Leak gläich kommen an et kann een Datenleck bei enger Firma ginn.
    Wann een Gerät geklaut gëtt, sollt dir et per Internet spärren, wann dir déi Optioun hutt. Dann ass et wichteg, iech op dem Gerät auszeloggen. Déi meescht Internetservicer wéi Facebook bidden d‘Méiglechkeet, datt dir dat vum Computer aus maache kënnt. Et ausserdeem enorm wichteg, datt dir bei all de Servicer äert Passwuert ännert, sou dat kee vum geklauten Handy op är Donnéeën zougräife kann.



    Wa Leit aus ärem Ëmfeld Donnéeë vun iech online stellen, da kann dat – obwuel meeschtens wuel keng béis Absicht dohannert war – onangenehm ginn. Zum Beispill, well net jiddereen, datt Partyfotoen vun him online ze fanne sinn – am beschte frot dir déi betreffend Leit, d‘Fotoen erëm offline ze huelen. Ëmgedréint ass wichteg, datt dir iwwerleet, wat dir am Internet vun iech – mä eben och vun anere präis gëtt. All Mënsch huet d‘Recht, selwer iwwert seng Donnéeën ze bestëmmen, an just well déi eng fräizügeg sinn, heescht dat net, datt all aneren dat och well sinn. Denkt dovunner, iert dir Saachen online stellt, déi och aner Mënsche betreffen.
    De schlëmmste Fall vun engem Datenleck ass wahrscheinlech, wann eng Firma, bei där een Client ass, gehackt gëtt an d‘Donnéeë geleakt ginn. Deelweis gi bei sou Ugrëffer Adressen, Matriculen an souguer de Kontostand oder d‘Héicht vun der Paye an den Internet gestallt. Firmen, deenen een Data-Leak passéiert, sinn ausser a Spezialfäll NET verflicht, iech dat matzedeelen. Dir musst dofir also informéiert bleiwen an am Eeschtfall nofroen, op är Donnéeë geleakt gi sinn an wa jo, wat genee geleakt ginn ass.
    Wéi kann een sech schützen? Grad wann dir Donnéeë bei engem Dengscht wéi Dropbox an der Cloud hutt, ass et onméiglech, sech ganz virun engem Leak ze schützen. Als éischt mussen mir eis dowéinst iwwerleeën, wat fir sensibel Donnéeë vläit guer net an d‘Cloud komme sollen. Ee séchert an eenzegaartegt Passwuert an d‘Doubel Authentifizéierung ass trotzdem en Muss. Och iwwert Méiglechkeet, är Donnéen ze verschlësselen, sollt dir nodenken. Grad bei engem Handy hëlleft dat, är Donnéeën ze schützen, wann een se klaut.
    Méi Informatiounen zum Thema Datenleck an der Cloud fannt dir op bee-secure.lu!
    4 min
  • V wéi Verschlësselung
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een komplizéiert Thema, dat awer ëmmer méi wichteg gëtt an am Internet essentiell a deelweis iwwerliewenswichteg ass. Riets ass vu Verschlësselung. Dir hutt sécher matkritt, datt an deene läschte Wochen an den USA een Sträit zwëschen dem FBI an Apple an de Norichte war: Och do ass et ëm d‘Fro gaangen, ob Apple een verschlësselten iPhone entspäre géing – an op den FBI d‘Firma dozou zwénge kéint, dat ze maachen.
    Wat heescht iwwerhaapt, datt eppes verschlësselt ass? Et ginn einfach Donnéeën no engem bestëmmte Prinzip ersat, sou datt een se net méi liese kann. Stellt iech einfach fir, mir géife gären d‘Wuert „Af“ verschlësselen. Lo kéinte mir einfach een Buschtaf mat engem aneren ersetzen an amplaz vun „Af“ einfach „Bg“ schreiwen. Mir hätten all Buschtaf mat dem nächsten aus dem Alphabet ersat. Dat ass eng ganz al Method vun der Verschlësselung, déi awer net sécher ass, se ka souguer ouni Computer geknackt ginn, wann een genuch Text an Gehierschmalz huet.
    Modern Verschlësselunge schaffe mat komplizéierte Rechnungen, sou dat aus „Af“ net just zwee Buschtawen, mä eng laang Ketten aus verschiddene Buschtawen an Zuele gëtt. Et ginn zwou Zorte vu Verschlësselung, symmetresch an asymmetresch. Symmetresch heescht, datt et just een Schlëssel gëtt, mat deem een verschlësselen an entschlëssele kann. Dat kënnt virun allem zum Asatz, wann eng Festplack oder een Handy verschlësselt soll ginn. Just eng Persoun huet d‘Passwuert, an et brauch och just eng Persoun et.



    Anescht gesäit et aus, wann ech Messagë verschlëssele well, zum Beispill eng Email. Ech well net, datt déi Persoun, déi mir eng Email schéckt, d‘Passwuert huet, fir och all meng aner Emailen ze entschlësselen. Dofir gëtt et bei der asymmetrescher Verschlësselung zwee Schlësselen: Ee geheimen, mat där ech meng Emailen entschlëssele kann an een ëffentlechen, mat dem jiddereen Emailen u mech verschlëssele kann. Wann ech also eng Email kréien, déi mat mengem ëffentleche Schlëssel verschlësselt ginn ass, ka just ech se liesen, well just ech mäin private Schlëssel – an dësem Fall een gutt an séchert Passwuert kennen. Mäin ëffentleche Schlëssel ass am Internet, fir datt jidderee mir verschlësselt Emaile schreiwe kann.
    Websäiten, déi eng verschlësselt Connectioun hunn, wéi zum Beispill beim e-Banking, benotze souwuel asymmetresch wéi och symmetresch Verschlësselung.
    En weidere wichtege Punkt ass, datt een mat der selwechter Technologie an dem geheime Schlëssel, deen een fir d‘Verschlësselung benotzt, och Dokumenter oder Emaile signéiere kann. Sou kann een sécher sinn, datt déi verschlësselt Email och wierklech vun där Persoun kënnt, déi um Ofsender steet.
    Hautdesdaags ginn et vill Tools, déi d‘Verschlësselung fir iech iwwerhuelen, sou datt dir iech iwwert déi mathematesch Grondlagen net vill Gedanke maache musst. Grad bei der Email-Verschlësselung muss een awer nach wëssen, wat een privaten an wat een ëffentleche Schlëssel ass.
    Ween doriwwer méi wëll léieren, fënnt dozou Links an weider Informatiounen op podcast.bee-secure.lu
    Video Emailverschlësselung:
    https://www.youtube.com/watch?v=inxNRA4xK1Q
    Quellen:
    https://blog.doubleslash.de/verschluesselung-fuer-dateien-einfach-erklaert/

    Netzwelt: Verschlüsslung einfach erklärt

    Heise: Datentresor

    Einführung in die Funktionsweise von Verschlüsselung und Signatur
    4 min
  • Ass däin Computer een Zombie?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Mir kennen alleguerten Zombien, déi grujeleg Gestalten aus Horrorfilmer, déi net doud, mä och net lieweg fir Angscht a Schrecke suergen. Dat kéint ärem Computer och passéieren. Natierlech net wéi am Film, mä am iwwerdroene Sënn: En kéint nämlech Deel vun engem Botnetz ginn, ouni dat dir dat mierkt.
    Ee Botnetz ass een Netzwierk aus Computeren, déi mat enger Malware infizéiert sinn an vu Kriminelle ferngesteiert kënne ginn. Déi benotze Botnetzer fir illegale Contenu ze späicheren an ze verdeelen, fir Spam oder Malware ze verschécken oder esouguer, fir Informatioune vun de Notzer ze sammelen an se domadder ze erpressen. Botnetzer ginn och benotzt, fir mat koordinéierten Attacke vu villen dausende Computern friem Systemer oder Homepagen ze iwwerlaaschten an souzesoe KO ze schloen.



    Fir de User selwer kann sou eng Infektioun onsichtbar bleiwen, mä et kann zum Beispill sinn, datt den eegene Computer extrem lues gëtt oder een vu verschiddene Säite gespaart gëtt. Symptomer kënnen och onerwënscht Reklammen op komesche Plazen an eng extrem lues Vitesse vum Internet sinn.

    Dat gréisste Botnetz, dat bis elo entdeckt ginn ass, ass „BredoLab“ oder „Oficia“ genannt ginn an hat 30 Millioune Computeren infizéiert. Mëttlerweil ass dat awer ofgeschalt ginn. Mir gesinn aus dem Beispill awer, datt et wichteg ass, eis ze schützen.
    Wéi kënne mir eis schützen? Computer ginn duerch ganz verschidde Weeër infizéiert, zum Beispill duerch Attachments, déi per Email verschéckt ginn, iwwer Downloads oder iwwer präparéiert Internet-Siten, déi Sécherheetslücken an ärem Browser ausnotzen.
    Et ass dofir wichteg, sou sécher wéi méiglech ënnerwee ze sinn. Op all Fall sollt dir ëmmer direkt d‘Updates vun ärem Betriebssystem an ärem Browser installéieren an een Virenscanner an eng Firewall aktivéiert hunn. Domadder hutt dir schonn en gudde Basisschutz.
    Op dem Site botfrei.de fannt dir den sougenannten EU-Scanner, mat dem dir äre Computer op eng Infektioun scanne kënnt. Leider ass d‘Thema Botnetzer komplex an keen eenzelt Tool kann honnertprozentegen Schutz bidden. Et ass dofir un iech, iech verantwortungsbewusst an sécher ze behuelen, wann dir am Internet ënnerwee sidd.
    Wéider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:


    https://www.botfrei.de
    we live security – Botnet Malware: Was steckt dahinter und wie schütze ich mich?e-ich-mich/
    Wikipedia: Botnet

    3 min
  • Sécher op Instagram
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Wësst dir nach, wat eng Polaroid-Kamera ass? Fréier, wéi et nach keng digital Kamerae gouf, huet een missen een Film voll knipsen, en dunn entwéckele loossen, an duerno réischt huet een gesinn, wéi schlëmm déi Grimasse waren, déi d‘Leit op de Fotoe geschnidden hunn. Iergendwann ass een op d‘Iddi komm, fir een Film ze entwéckelen, bei dem d‘Fotoen nom Knipsen aus dem Apparat komm sinn an sech no puer Minutte selbstänneg entwéckelt hunn. Dee System huet Polaroid geheescht. D‘Fotoen haten all een quadratesche Format an waren dacks zimlech blatzeg.
    Erënnert iech dat un eng App? Genee, Instagram ass d‘Polaroid-Kamera vun haut. Net nëmmen d‘ quadratescht Format vun de Fotoen, mä och de Logo vun der App erënneren un den analoge Fotoapparat. Instagram ass awer och eent vun deene beléifste soziale Medien ënnert Jonken. Dofir erzielen ech iech haut e bëssen, wéi een säin Instagram-Account sécher hale kann.
    Als éischt ass et wéi ëmmer wichteg, een séchert an eenzegaartegt Passwuert fir säin Instagram ze hunn. Ween Hëllef brauch, een séchert Passwuert ze maachen, kann d‘BEE SECURE Podcast-Episod doriwwer lauschteren. Et ass och wichteg, d‘Email-Adress, mat där dir iech umellt, sécher ze halen. Ween Zougrëff op ären Emailaccount kritt, kann och ären Instagram-Account kaperen.
    Vill Funktioune vun Instagram si flott, mä biergen och Risiken. Dir sollt iech dofir iwwerleeën, ob et zum Beispill eng gutt Iddi ass, bei all Foto, déi dir post, och d‘Geolocalisatioun anzeschalten. Sou kéint eng friem Persoun zimlech genee novollzéie kënnen, wou dir iech sou ophaalt. Och d‘Méiglechkeet, getaggt ze ginn, kann een sou astellen, datt dir all Tag manuell approuvéiere musst. Sou kënnt dir sécher goen, datt keng Fotoe mat ärem Account verknäppt ginn, vun deenen dir dat net wëllt.



    Dir kënnt ären Account och privat stellen. Da kenne just Leit är Fotoe gesinn, déi dir am Viraus approuvéiert. Dir gitt dann awer och net iwwer hashtags fonnt. Et ass och méiglech, Accounts, déi engem komesch virkommen, ze blockéieren. Bei Accounts, déi een net kennt an déi engem louche virkommen, sollt een dat och einfach präventiv maachen, fir ze verhënneren, dat Friemer dat eegent Privatliewen ausspionéieren.
    Eng weider wichteg Sécherheetsmesure sinn sougenannt Third-Party-Apps, also Applikatiounen, déi net vun instagram selwer kommen. Dacks gëtt instagram sou ëm weider Funktiounen erweidert. Iert een sou eng Applikatioun awer Zougrëff op den eegenen Account gëtt, gëllt et sech gutt ze informéieren, op et wierklech da Wäert ass, dëst ze maachen. Sou een Zougrëff kéint och bedeiten, datt een an ärem Numm Spam-Fotoe poste kann, ouni datt dir dat matkritt.
    Zum Ofschloss ass et och wichteg, op de Contenu vun de Fotoe selwer opzepassen. Déi sollten net ze vill privat Informatiounen iwwert äert Doheem oder iwwert iech verroden.
    Ween also mat e bësse Verstand an Virsiicht op instagram ënnerwee ass, kann do vill Spaass mat Fotoen hunn – an dat ganz ouni laang Waardezäite wéi bei de Polaroid-Kameraen!
    Wéider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Wéider Links:


    Instagram Security and Privacy Center
    Security Gladiators: Securing your instagram account
    Heimdal Security: Instagram Essential Guide
    4 min
  • EULA – duerch de Paragraphendschungel
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Iert ech iech soen, ëm wat et haut am BEE SECURE geet, musst dir vir d‘éischt bestätegen, datt dir mat den Notzungsbedengungen vun dësem Podcast d‘Accord sidd.
    Et gi Leit, déi soen, datt „Ech hunn d‘Notzungsbedengungen gelies a sinn anverstaanen domadder“ déi heefegst Ligen op der Welt ass. An et stëmmt: déi meescht vun eis liesen déi laang a komplizéiert Texter net, iert mir se bestätegen. Dat wier awer grad bei Servicer, déi sech an der Cloud ofspillen, néideg.
    D‘Notzungsbedengungen ginn och dacks „End User Licence Agreement“, kuerz EULA genannt. Et handelt sech ëm een Kontrakt, dee ganz dacks net zum Virdeel vun eis Useren, mä vum Ubidder vun enger Dengschtleeschtung geschriwwen ass. Et ass kloer, datt déi mannste vun eis d‘Zäit, d‘Kapazitéiten an déi juristesch Fachkentnisser hunn, fir all EULA ze liesen an ze verstoen. Mir sollten trotzdem op e puer Saachen oppassen.
    Stellt iech vir, dir géift eng Festplack kafen, ob där drop stéing, dir hätt keng Garantie, wann se futti géif goen an är Donnéeë fort wieren. An der Cloud ass dat dacks sou: de User ass selwer fir Backups verantwortlech an den Cloud-Ubidder ass net verflicht, Backups ze maachen. Wann een Service zou mécht, kann et sinn dat är Donnéeë vun engem Dag op den anere fort sinn.



    Aner Servicer hunn an hirer EULA stoen, datt si är Donnéeën ouni är weider Zoustëmmung fir kommerziell oder ëffentlech Zwecker benotzen dierfen. Oder iech Reklamm opgrond vum Inhalt vun äre Fichiere weisen dierfen. Dacks kann d‘EULA och einfach geännert ginn, ouni datt iech grouss Bescheed gesot muss ginn.
    Déi wichtegst Klauselen an enger EULA sinn: Wat kann den Ubidder mat mengen Informatioune maachen? Wéi laang gi meng Informatioune gespäichert an mat weem kennen se gedeelt ginn? Wat fir Servicer ginn ugebueden, wéi laang gëllen se an wat fir eng Garantien hunn ech?
    Et gëtt awer keen alleng gelooss! E puer Organisatiounen huele regelméisseg d‘EULA vu bekannte Servicer auserneen an bewäerten se no der Sécherheet fir déi eege Privatsphär. Zum Beispill kann een um Site tosdr.org, wat fir „Terms of Service: didn‘t read“ steet nokucken, wat fir eng Servicer gutt an wat fir eng manner gutt mat der eegener Privatsphär ëmginn. Och déi US-amerikanesch Electronic Frontrier Foundation huet een Guide iwwert wichtegst Klausele gemaach.
    Am Endeffekt entscheed ëmmer dir, op dir iech bei engem Service umellt oder net. An och, wat fir Donnéeën dir do späichert. Dofir ass et wichteg, sech virun Umelle mat de Konditioune vertraut ze maachen an duerno eng informéiert Entscheedung ze treffen.
    Weider Informatiounen zum Thema EULA an Cloud fannt dir op bee-secure.lu

    Wéider Links:

    Terms of Service; didn't read
    Electronic Frontier Foundation
    4 min
  • Sécher Passwierder
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Begrëff, deen ech schonn dacks ernimmt hunn an deen een vun deene wichtegsten Themen ass, wann et drëms geet, sécher am Internet ënnerwee ze sinn. Et geet ëm Passwierder.

    Wat ass dann iwwerhaapt een séchert Passwuert? Als éischt ass et wichteg, keng ganz kuerz oder offensichtlech Passwierder ze benotzen. D‘Zuelen 123456 oder d‘Wuert „Password“ sinn déi am heefegst genotzte Passwierder op der Welt. Dat weess och all Cyberkriminellen an sou heefeg Passwierder sinn déi éischt, déi probéiert wäerte ginn.
    Da sollt äert Passwuert méiglechst laang sinn an net just aus Wierder bestoen, déi an engem Dictionnaire stinn. Ausserdeem däerft äert Passwuert net aus perséinlechen Informatioune bestoen, déi anerer wëssen oder rode kënnen. Äre Gebuertsdatum, de Numm vun ärem Hond, ärer Bomi oder är Adress sinn also absolut Tabu.
    Traditionell geet een dovunner aus, datt een gutt Passwuert op mannst 12 Zeeche laang ass an aus Zifferen, Symboler, klengen a grousse Buschtawe besteet. Ausserdeem sollt een net z.B. einfach een O duerch eng Null ersetzen, well och dëst vill ze liicht ze roden ass.
    Een Trick fir sech Passwierder gutt mierken ze kënnen, ass een Saz ze huelen an en an een Passwuert ëmzewandelen. Aus „Op der Wiss vum zweete Bauer stinn dräi Kéi a friesse Gras“ géif een d‘Ufanksbuschtawe vun all Wuert huelen an d‘Passwuert „OdWv2Bs3KafG!“ maachen, mat Kléng a Groussschreiwung, Zuelen an vläit och nach e puer spezielle Symboler.
    En aner Method ass, fir sech mat sougenannter „Diceware“ een Passwuert ze wierfelen. Et kritt een vum Programm sechs zoufälleg Wierder gewisen an muss dann e puer mol wierfelen, bis een een zoufällegt Passwuert kritt huet.
    Am beschten ass et, fir all Login, deen een benotzt, een neit Passwuert ze benotzen. Déi kann een sech schwéier alleguerte mierken. Et kann een sech awer hëllefe loossen: Ee Passwuert-Manager wéi KeePass, 1Password oder Dashlane kann d‘Passwierder fir een selwer verhalen an späichert se och verschlësselt.
    Zu gudder Lëscht dann nach een wichtege Rotschlo, dee gëllt, egal wéi gutt d‘Passwierder sinn: Ee Passwuert ass wéi eng Zännbiischt. Et sollt een se ëfters wiesselen. Lo wier zum Beispill een gudde Moment, fir dat als digitale Fréijoersbotz ze maachen an all Passwuert duerch een séchert ze ersetzen.
    Weider Informatiounen zum Thema sécher Passwierder fannt dir op bee-secure.lu

    Wéider Quell:
    http://www.howtogeek.com/195430/how-to-create-a-strong-password-and-remember-it/
    4 min
  • Krypto-Trojaner Locky
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Ech schwätzen haut iwwert een Thema, dat ech virun e puer Woche schonn eng Kéier behandelt hat. Leider ass et nach ëmmer aktuell. Riets geet vu Ransomware, also Schuedsoftware, déi een erpresse well. Méi genee gëtt aktuell en Well vu Verschlësselungstrojaner oder och Crypto-Trojaner genannt, déi déi eege Festplack verschlësselen. En besonneschet haartnäckegt Beispill ass eng Variant mam Numm „Locky“, déi grad an Däitschland iwwert 5000 Néi-Infektiounen an der Stonn huet. Mëttlerweil ass deen och schonn op Däitsch iwwersat ginn. Antiviren-Software ka géint de Locky a Co dacks näischt maachen, well de Code ëmmer erëm geännert gëtt.
    Wann de Locky oder een anere Crypo-Trojaner d‘Festplack bis verschlësselt huet,, soll een den Programméier Souen bezuelen, fir erëm un seng Donnéeën ze kommen. Dat meeschtens an der digitaler Bitcoin-Währung, déi anonym Transaktiounen erméiglecht. Allerdéngs gëtt et keng Garantie, datt een dann och wierklech een Schlëssel kritt oder datt deen dann och funktionéiert. Am Normalfall sinn alleguerten d‘Donnéeë vun engem Computer no enger Infektioun fort an kënnen net méi gerett ginn.





    Dat heescht, datt äert ganzt digitaalt Liewe verschwënnt: är Musek, är Fotoen, Videoen, Dokumenter an alles soss, wat dir just op ärem Computer gespäichert hutt. Et ass dowéinst wichteg, fir regelméisseg Backups op enger externer Festplack ze maachen. Déi sollt net déi ganzen Zäit un ärem Computer ugeschloss sinn, well se soss am Fall vun enger Infektioun mat verschlësselt géif ginn. Et kann een och mat spezielle Programmer een sougenannten „Image“ vu senger Festplack maachen an sou relativ einfach seng z.B. Windows-Installatioun zu engem bestëmmten Zäitpunkt „afréieren“ an de Computer erëm op dee Stand zerécksetze.
    Fir sech ze schützen, muss een wëssen datt de Locky gären iwwert gefakten Mails verbreed gëtt. An der Mail gëtt behaapt, et hätt een eng Rechnung kritt, déi z.B. als Excel-Datei am Attachment ass. De Locky ass an engem Makro an dem Ficher verstoppt. Et ass dowéinst wichteg, keng komesch Attachments u Mails opzemaachen an och bei Mails vu Bekannte léiwer eng Kéier méi nozefroen, wann een sech net sécher ass. Ausserdeem sollt dir am Excel d‘Funktioun, Makroen automatesch ze starten, op alle Fall ausschalten.
    Vun der Firma Malwarebytes gëtt et lo och een Tool, dat géint Ransomware schütze sollt an eng Infektioun schonn an deene éischte Minutten stoppe kann. Et sollt een sech awer net zu 100 Prozent alleng dorobber verloossen. Ech well an dem Kontext da nach eng Kéier betounen, datt Backups déi beschte Method géint verlueren Donnéeë sinn, och wann se Aarbecht maachen.
    Weider Informatiounen zum Thema Ransomware fannt dir op bee-secure.lu
    4 min
  • Sécher op Youtube ënnerwee sinn
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Youtube. Wuel jidderee kennt de Site, ob deem een all Zort vu Videoe kucke kann. Mä et kann een eben och selwer een Kanal opmaachen an der ganzer Welt seng Videoe weisen. Haut soll et dorëms goen, wéi een dat sécher ka maachen.
    Et brauch een am Fong net méi wéi een Computer, deen een Mikro an eng Webcam huet, een ganz normale Laptop geet fir den Ufank also duer. Verschidde Leit erzielen einfach aus hirem Liewen, anerer schwätzen iwwert Iessen, Kleeder, Gadgeten, Computerspiller, Sexualitéit, Musek an sou weider. Dofir ass dacks kee groussen techneschen Opwand néideg. Als éischt sollt een iwwerleeën, wouriwwer een säi Kanal maache well an wat fir een Public een areeche well.
    Besonnesch beléift sinn och sougenannt „Let‘s play“s, wou eng Persoun een Computerspill spillt an dat – dacks witzeg – kommentéiert. Ween sou eppes well maachen, muss dorobber uechten, datt een eng Erlaabnis vun den Entwéckler vum Spill dofir brauch. Op deenen hiren Homepagë fënnt een dacks een Text, deen erklärt, wat erlaabt ass a wat net. Ween sech selwer filmt, sollt dobäi oppassen, datt am Bild keng perséinlech Detailer ze gesi sinn, also een zum Beispill net gesäit, wou dir genee wunnt.
    Wichteg ass och, datt dir iech informéiere musst, wat fir Musek dir an äre Videoe benotzen dierft. Youtube stellt eng ganz Rëtsch vu Ressourcen zur Verfügung, déi fräi benotzt kënne ginn.



    Soe mir mol, dir hutt ären éischte Video opgehal an maacht iech een Youtube-Kanal. Wichteg ass et dann, sech d‘Privatsphären-Anstellungen vu Youtube genee unzekucken. Dir kënnt zum Beispill ausschalten, datt är Likes an Abonnementer ëffentlech sinn. Och ween äre Kanal gesi kann, kënnt dir astellen. Am Ufank ass et vläit eng gutt Idi, fir den éischte Video just Frënn a Bekannten ze weisen an en eréischt ganz ëffentlech ze stellen, wann dir positive Feedback dozou kritt hutt.
    Wichteg ass et ausserdeem, en séchert Passwuert fir den Account ze maachen, dat Passwuert regelméisseg ze wiesselen an am beschten d‘Prozedur fir säi Passwuert vu Google zeréck ze kréien auszefëllen.
    Iwwerleet iech och, op dir d‘Kommentaren ënnert ärem Video aschalte wëllt. Grad wa Leit ufänken, iech iwwert dëse Wee Frechheeten ze maachen, kann een d‘Diskussioun einfach ofschalten oder déi respektiv Leit blocken. Et muss een sech och net de Virworf maache loossen, dat wier Zensur: Meenungsfräiheet heescht zwar, dat jidderee bal alles soen dierf, mä et kann awer kee gezwonge ginn, dat ze liesen.
    Selwer Videoen op Youtube stelle kann eng enorm gutt Erfahrung sinn. Wann een selwer e Medium mécht, léiert een dobäi ëmmer vill doriwwer, wéi aner Medie funktionéieren. Mä wéi iwwerall am Internet ginn et och bei Youtube e puer Saachen, ob déi een oppasse muss. Ween sech eis Tipps zu Häerz hëlt, kann entspaant op de Wee zum eegene Kanal goen …
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Links mat wéideren Tipps:

    Privacy Settings and Saftey Tips for YouTube
    5 tips to protect your YouTube account
    Is it OK for my kid to start her own YouTube channel?
    4 min

About BEE SECURE.lu op Radio ARA

From the publisher's feed

weekly episode