BEE SECURE.lu op Radio ARA

BEE SECURE.lu op Radio ARA

By BEE SECURE.lu op Radio ARATechnologyEducationKids & Family
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARA episodes

  • Gescheiten Ëmgang mat Smart Toys
    Zanter e puer Joer geeschtert de Begrëff „Internet of Things“ duerch d‘Medien. Gemengt ass mam „Internet der Dinge“, datt ëmmer méi Geräter op een mol een Internetzougang kréien an matenee vernetzt sinn. Bis meng Kaffismaschinn a mäin Frigo matenee vernetzt sinn, wäert et awer nach eng Zäitchen daueren. Trotzdem ginn et schonn Objeten, déi „smart“ oder „connected“ sinn an ëmmer méi hëfeg ze fanne sinn. Riets ass vu Spillsaachen.
    Ënnert dem Label „smart toys“ versteet een eng Rëtsch vu verschiddene Kategorie vu Spillsaachen, déi eng Connectioun mam Internet hunn. Sou ginn et Virtuell Frënn, zum Beispill Poppen oder Stoffdéieren, déi mat de Kanner schwätzen. Da ginn et Tablets oder Smartphones, déi sech speziell un Kanner riichten an Smartwatches, mat deenen sech Kanner och iwwerwaache loossen. Och Mini-Dronen gehéieren zu den smart toys. Verschidde smart toys sinn mat sozialen Netzwierker verbonnen oder loossen sech weiderentwéckelen. Zum Beispill, wann d‘Kand méi al gëtt an aner Funktioune brauch. Verschidde Smart Toys hunn och eng pädagogesch Missioun – dacks beschränkt sech déi awer op een festgeluechte Programm, heiansdo léisst sech d‘Spillsaach awer tatsächlech selwer vum Kand programméieren.

    Leider ginn et bei de smart toys genee wéi bei allem, wat mam Internet verbonnen ass, Risiken. Een Smart Toy ass ëmmer och een Computer an als solchen ugräifbar. Vill Toys hunn dach och Schwachstellen, sou zum Beispill d‘Hello Barbie. Et ginn och Smart Toys, déi no enger Zäit eppes kaschten. Och d‘Sécherheet vun den Donnéeën um Server vun der Firma, déi d‘Spillsaach ubitt, ass net ëmmer ginn. Dacks gëtt zwar versprach, d‘Privatsphär vun de User wier wichteg, mä an den Notzungbedengungen steet dann eppes aneres. Leider besteet och de Risiko, datt een Online-Service op een Mol ofgeschalt gëtt an d‘Spillsaach sou manner Funktiounen huet.
    Sollt een dofir lo smart toys verzichten? Net onbedéngt, mä sech virum Kaf gutt ze informéieren ass op all Fall eng gutt Iddi. Wann d‘Spillsaach net benotzt gëtt, sollt een se vum Internet an dem Stroum trennen, et soll een een séchert an eenzegaarteg Passwuert fir d‘Online-Dengschter benotzen an sech just bei WLANen aloggenen, deenen een vertraut. Et ass ausserdeem wichteg, net ze vill Informatioune matzedeelen an net alles op sozialen Netzwierker ze sharen. Wann een vun engem Daten-Leck gewuer gëtt, kann een beim Dengschtleeschter uruffen an méi Informatioune verlaangen.
    Grondsätzlech kann een Kand mat engem smart toy vill Spaass hunn. Mä et ass un den Eltren an dem Recht vun der Famill, fir d‘Kand dozou ze ermonteren, net just passiv Technik ze konsuméieren. En Startpunkt kéint d‘Initativ „Hack4Kids“ sinn, wou Kanner zum Beispill léiere kënnen, wéi een Donnéeë verschlësselt
    Weider Informatiounen zum Thema smart toys fannt dir an eisem smart toy-Dossier op bee-secure.lu
    Quellen:
    https://www.bee-secure.lu/de/themen/internet-of-things/smart-toys
    4 min
  • Sue verléiere liicht gemaach
    Et klengt ëmmer ze gutt, fir wouer ze sinn: Eng Persoun sollt angeblech duerch een geheimen „Trick“ un de Bourse während e puer Stonnen dausende vun Euro gewonnen hunn. Oder eng Persoun huet een lukrativen Niewenjob, bei dem si e puer Stonnen am Dag mat Aktien handelt an sech sou eng gëllen Nues verdéngt. Sou Geschichte fënnt een gären op besonnesch haarden an penetranten Reklammen am Internet. Heiansdo sinn et Videoen, heiansdo ginn déi wonnerbar Geschichten awer och einfach am Text erzielt. Se klengen op alle Fall ëmmer onrealistesch, mä immens gutt. Wat stécht dohannert? Iert ech iech dat erklären, erzielen ech iech eng aner Geschicht.
    Stellt iech vir, dir wiert interesséiert dorunner, mat Aktien ze handelen an wéilt léieren, wéi dat geet. Mir héieren all Dag vun den Finanzmäert an de Noriichten, do ass et nëmmen normal, datt een virwëtzeg gëtt. An lo gesitt dir duerch Zoufall eng Reklamm fir eng App, déi genee dat offréiert: eng liicht an spilleresch Method, fir ze léieren, wéi een op der Bourse handelt. Et muss een och keng richteg Suen investéieren, mä et kann een mat Spillgeld operéieren.
    Déi zwou Geschichten – déi onglafwierdeg Reklamm op der enger Säit, déi spilleresch App op der anerer – klengen net, wéi wann se vill mateneen ze dinn hätten. Mä et geet trotzdem ëm déi selwecht Saach. D‘App, déi ech beschriwwen hunn, nennt sech „Bux“ an déi mécht an der Läscht zimlech vill Reklamm op social media an probéiert mat hirem Layout virun allem Jonker unzelackelen.


    Wat awer réischt am Klenggedréckten steet: Souwuel bei eisen iwwerdréite Reklamme wéi och bei Bux geet et net ëm traditionell Aktien, mä ëm sougenannt „contracts for difference“, kuerz CFD. Bei engem CFD keeft een keen Undeel un enger Firma, mä et Wett een just drop, op de Kurs vun enger Aktie klëmmt oder fält. CFD gëllen als héich-riskant Form, fir seng Suen unzeleeën an ginn net fir Ufänger recommandéiert. Et ass bei CFD souguer méiglech, datt een méi Sue verléiert, wéi een investéiert huet. Och wa Bux mat Spillgeld lackelt: Dat ass iergendwann opgebraucht, da muss een richteg Sue benotzen, fir weider „spillen“ ze kënnen.
    Et sollt am Fong kloer sinn: Et gëtt kee Geheimnis, fir un de Boursen iwwer Nuecht zum Millionär ze ginn an et kann een och net duerch eng einfach App léieren, wéi een Aktienhändler gëtt. Ween sou eppes versprécht, ass am Endeffekt onéierlech an wahrscheinlech just op eis Suen eraus.
    Et ginn awer Méiglechkeeten, fir sech wierklech mat Aktien an der Bourse auserneen ze setzen, ouni musse Suen ze investéieren: beim „Planspiel Börse“, dat all Joer och zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, kënne Schüler mat de richtegen Donnéeë vun der Bourse léieren, wéi de System vun Aktien, Dividenden an Wäertpabeiere funktionéiert. Och déi däitsch Dageszeitung FAZ bidd online een Börsenspill, bei dem kee Geld gebraucht gëtt.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    https://en.wikipedia.org/wiki/Contract_for_difference

    http://getbux.com/

    http://www.planspiel-boerse.de

    http://boersenspiel.faz.net/
    4 min
  • Pokémon Go: Mam Handy op Monsterjuegd
    Zanter ronn 20 Joer ass et méiglech, um Gameboy virtuell Monsteren ze fänken an ze géintenee kämpfen ze loossen. Riets ass natierlech vu Pokémon. Elo sinn d‘Monstere vun Nintendo zeréck, mä dës Kéier um Handy an domadder bal an der echter Welt.
    Pokémon Go baséiert nämlech um Prinzip vun der „augmented reality“, also der erweiderter Realitéit. Anescht wéi beim Gameboy-Spill muss een mam Handy tatsächlech d‘Haus verloossen, fir spillen ze kënnen. Op enger Kaart, wéi mir se vu Google Maps kennen, ginn dann d‘Stroossen ugewisen. Donieft ginn et awer och nach Objeten, déi just virtuell existéieren: Markant Gebaier, Statuen oder Fassadë ginn zu sougenannten „Pokéstops“, wou de Spiller Géigestänn asammele kann, oder zu Arenaen, wou een géint aner Pokémon kämpfe kann. Wann een bësse mam Spill duerch d‘Géigend geet, wäert et och net laang daueren, bis een Pokémon opdaucht. Wann een dat wëllt fänken, gesäit een dat virtuellt Monster um aktuelle Bild vun der Handykamera. Et gesäit also zimlech „realistesch“ aus, wann een probéiert, eng vun deenen 150 Pokémon aus der éischter Generatioun ze fänken. Nintendo probéiert hei och, vun der Nostalgie vun deenen, déi virun 20 Joer hir éischt Abenteuer um Gameboy erlieft hunn, ze profitéieren.


    Allerdéngs ginn et e puer Geforen, ob déi een oppasse muss, wann een sech op d‘Juegd no Pokémon mécht. Op déi éischt gëtt een scho beim Start vum Spill erënnert: Oppassen, wou een higeet! D‘Spill verleed dozou, just nach op den Display vum Handy ze kucken. Et gëllt dofir, besonnesch gutt op de Stroosseverkéier opzepassen. Et ginn och scho Berichter, datt Leit mat der Hëllef vu Pokémon Go iwwerfall gi sinn. Och hei gëllt: Egal, wéi verlackend eng Situatioun wierkt, et ass ëmmer besser, virsiichteg ze sinn. Et ass och eng gutt Iddi, am Grupp ënnerwee ze sinn – et kann een sech net nëmmen am Spill hëllefen, mä och géigesäiteg openeen oppassen. Natierlech muss een sech beim Spillen un Gesetzer halen: Dozou gehéiert och, keng privat Grondstécker ouni Erlaabnis ze betrieden. Och dann net, wann do een seelent Pokémon ass.
    Am Ufank hat Pokémon Go da leider och scho Problemer. Ënnert iOS ware beim Log-In iwwert de Google-Account all d‘Berechtegunge fir deen Account gefrot ginn. De Feeler ass zwar mëttlerweil behuewen, mä méi sécher ass et op alle Fall, sech iwwert de „Pokéclub“ unzemellen. Och war d‘Spill net an all Land ze kréien – dofir hunn sech d‘Leit d‘Installatiounsdatei op engem Site wéi apkmirror.com erofgelueden. Allerdéngs waren och Versioune mat engem Trojaner am Ëmlaf. Et gëllt also wéi bei all App: Leiwer waarden, bis se am offizielle Store verfügbar ass, wéi se aus enger Quell ze installéieren, där dir net vertraut.
    Allgemeng muss een bedenken, datt duerch Notzung vu Geolocalisatiounsdonnéeën dem Spill vill iwwert dat perséinlecht Liewe verrode gëtt. Zum Beispill alldeeglech Weeër. Et sollt een sech dofir iwwerleeën, ob d‘Spill iwwerall gespillt muss ginn, oder op een an munche Situatiounen net spuersam mat de perséinlechen Donnéeën ëmgoe sollt. An dann nach eng weider Saach: Ween am Spill dran ass, sollt trotzdem net vergiessen, genuch ze drénken, Sonnecrème ze benotzen an dacks genuch eng pokémon-fräi Paus ze maachen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.golem.de/news/pok-mon-go-und-nutzerrechte-gotta-catch-em-all-1607-122059.html

    https://threatpost.com/malicious-pokemon-go-app-installs-backdoor-on-android-devices/119174/

    http://edition.cnn.com/2016/07/11/tech/pokemon-go-crazy-events/

    http://www.pokemongo.com/en-us/
    4 min
  • WhatsApp verschlësselt, an elo?
    Déi meescht vun iech wäerten nieft dem Facebook-Messenger wuel virun allem nach een anere Messenger benotzen, nämlech WhatsApp. Den Dengscht gehéiert mëttlerweil zwar och zu Facebook, mä en huet géigeniwwer vum Messenger een grousse Virdeel: en ass verschlësselt.
    Zanter Abrëll profitéieren déi eng Milliard User also vu sougenannter Enn-zu-Enn-Verschlësslung. Esoubal déi aktivéiert ginn ass, ass een och am Chat dorobber higewise ginn. Mä wat heescht dat dann elo konkret? Wann dir op WhatsApp engem Kolleg „Moien“ schreift, da gëtt net „Moien“ vun ärem Handy op deen anere geschéckt, mä eben eng verschlësselt Form dovunner, déi ausgesäit wéi Buschtawenzalot. Den Handy op där anerer Säit huet de Schlëssel, fir déi Buschtawenzalot erëm zu „Moien“ ze maachen. De Virdeel dorunner ass, dat ausser iech an deene Persounen, deenen dir een Message schéckt, soss keen en liese kann: Weder WhatsApp, nach een Geheimdéngscht, nach soss iergendeen, deen d‘Noriicht ieren offänke géif.
    Allerdéngs ass WhatsApp keng OpenSource, dat heescht et kann net einfach jiddereen den Code ukucken an novollzéien, wéi sécher d‘Verschlësselung wierklech ass. Ee gutt Zeechen ass allerdéngs, datt d‘Verschlësselung vu WhatsApp vun deene selwechte Leit programméiert ginn ass, déi och den OpenSource-Messenger Signal kreéiert hunn. De Moxie Marlinspike an säin Team hunn an der Welt vun der Kryptografie een gudde Ruff an dofir kann een dovunner ausgoen, datt bei WhatsApp keng „Hannerdieren“ agebaut sinn, duerch déi ieren een Geheimdéngscht kucke kéint.

    WhatsApp huet awer weiderhin e puer Schwaachstellen, déi privat Donnéeën uginn: Esou lued WhatsApp ëmmer d‘Telefonsbuch vun ärem Handy op seng Serveren, fir ze kucke ween vun äre Kontakter och registréiert ass. Et muss een dobäi wëssen, datt WhatsApp eben zu Facebook gehéiert an wahrscheinlech och déi selwecht Serveren fir seng Servicer benotzt. Do kommen da ganz vill Donnéeën zesummen.
    Ee weidere Risiko sinn déi sougenannt Meta-Daten, déi eben net verschlësselt iwwerdroe ginn. Am Eeschtfall kann een Geheimdéngscht, mä awer och een motivéierten Hacker, rausfannen, mat weem dir wéini kommunizéiert. Dat kann awer bis elo nach keng App wierklech verhënneren.
    Ween méi sécher Alternativen zu WhatsApp benotze well, dee kann sech mat Signal, Threema oder och Telegram Apps eroflueden, déi ähnlech Funktiounen hunn, bei Experten awer als méi sécher gëllen.
    Als Fazit kann een soen, datt no allem, wat mir doriwwer wëssen, d‘Verschlësselung vu WhatsApp relativ sécher ass. Et lount sech trotzdem, sech Alternativen unzekucken, wann een sech bei Facebook net ganz wuel fillt. Woubäi grad déi elo ugekënnegt hunn, hire Messenger och wëllen ze verschlësselen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.heise.de/security/artikel/FAQs-zur-WhatsApp-Verschluesselung-3166487.html
    https://en.wikipedia.org/wiki/WhatsApp#Security_and_privacy
    3 min
  • elektronesch liesen
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Lo ass d‘Schouljoer geschwënn gepackt an och fir vill Uni-Studenten heescht et lo da geschwënn, de Summer ze genéissen. Vill vun eis huelen sech fir sou eng Vakanz fir, fir ze liesen. An mat engem eBook-Reader geet dat souguer op der Plage, ouni vill Bicher am Gepäck mussen ze hunn.
    Allerdéngs ass d‘Gewiicht net dat eenzegt, wat Bicher an eBooks vuneeneen entscheed. Ebooks sinn zwar dacks bësse méi bëlleg wéi déi gedréckte Versioun, mä fir eis als Konsumente ginn et e puer Nodeeler. Et ass nämlech sou, datt mir an der Reegel guer kee Buch kafen, mä eng Lizenz, fir dat Buch op eisem eReader ze installéieren an ze liesen.
    Dat läit dorunner, datt digital Fichieren immens liicht ze kopéiere sinn. Dofir setze vill Produzente vu Contenu wéi Filmer, Musek oder ebe Bicher op den sougenanntenen Digital Rights Managements, kuerz DRM. Et geet also dorëmmer, datt just dir d‘Recht huet, dat digitaalt Buch, wat dir kaaft hutt, ze liesen. Je nodeem, wou dir d‘ebook kaaft, kann et sinn, datt dir et just op engem oder just e puer Geräter gläichzäiteg liesen däerft. Et kann och sinn, datt de Verkeefer sech d‘Recht virbehält, fir iech d‘Lies-Lizenz ze entzéien. Amazon huet an der Vergaangenheet scho Bicher vu kindle-Geräter geläscht, ouni datt d‘Notzer eppes dovunner wossten oder gefrot gi wieren.
    Amazon ass souwisou een spezielle Fall: Als gréisste Bicherhändler konnt sech d‘Online-Plattform erlaben, een eegenen Ecosystem rondrëm de Kindle opzebauen. Dat bréngt awer mat sech, datt een et als Kindle-User schwéier huet, seng Bicher enzwousch anescht ze kafen. Dat kéint virun allem an der Zukunft zu Problemer féieren: Falls een sech entscheed, amazon de Réck ze kéieren, kéint déi ganz elektronesch Bibliothéik futsch sinn, well et och net ëmmer méiglech ass, ebooks vum kindle op een anert Gerät ze transferéieren.

    Mat ebooks ass et – op mannst am Moment – also net méiglech, se engem Kolleg ze léinen oder se nom Liesen ze verkafen. Verschidde Bibliothéiken hunn zwar schonn ebook-verléin-Systemer, mä dës sinn dacks just fir e puer speziell Geräter verfügbar. Virum europäesche Geriichtshaff gëtt grad iwwert een Fall verhandelt. De Procureur vum Geriichtshaff huet a sengem Plädoyer gefuerdert, datt eBooks wéi ganz normal Bicher an Bibliothéike verléint sollte kënne ginn. Lo läit et um Geriicht, dat ze entscheeden.
    Et ginn awer och Quellen, wou een legal an gratis Bicher ouni Kopéierschutz kritt. Dat betrëfft virun allem Bicher, op deene kee Copyright méi drop ass, well den Auteur schonn eng gewëss Zäit doud ass. Dir fannt beim „Projekt Gutenberg“ sou zum Beispill vill Klassiker vun der Weltliteratur.
    En anere Volet, op deen een bei engem eReader oppasse sollt, ass d‘Sécherheet vum Gerät. Et ginn zwar nach keng bekannt Viren, déi eReader ugräifen, mä am Fall vun engem Vol ass engersäits ären Account, zum Beispill bei amazon, a Gefor. An anerersäits kéint den Déif är privat Dokumenter, déi um Reader gespäichert sinn, liesen. Et gëllt dohier, ëmmer gutt op säin eReader opzepassen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.computerbild.de/artikel/cb-Ratgeber-Kurse-Internet-eBooks-Was-ist-erlaubt-und-was-nicht-7867389.html
    http://www.bibliotheksportal.de/themen/digitale-bibliothek/e-books-in-bibliotheken.html
    http://www.bibliotheksverband.de/dbv/themen/e-books-in-bibliotheken.html
    http://edelundelectric.de/index.php/2016/01/13/sebastian-posth-dateneigentum-ebooks/
    https://ec.europa.eu/digital-single-market/en/ebooks
    http://www.heise.de/newsticker/meldung/EuGH-Plaedoyer-E-Books-muessen-ausleihbar-sein-3239785.html
    http://us.norton.com/yoursecurityresource/detail.jsp?aid=book_em_how_safe_is_your_e-book_reader
    4 min
  • Sécher op tumblr ënnerwee
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een sozialt Netzwierk, dat virun allem bei jonke Leit zimlech beléift ass: tumblr.com. Tumblr ass eng immens einfach Méiglechkeet, een perséinleche Blog opzemaachen. De Virdeel vun tumblr ass, datt d‘Gestaltungsméiglechkeeten immens grouss sinn: Net nëmmen, wat den Design vum eegenen Blog ugeet, mä och wat de Contenu betrëfft. Et kann een tumblr benotzen, fir seng eegen Texter, Fotoen oder Videoen ze posten, mä et ass och méiglech, d‘Bäitreeg vun anere Leit ze deele respektiv ze „re-bloggen“. Vill Leit benotzen hiren tumblr als Billergallerie vu Saachen, déi si flott fannen, anerer ënnerhalen sech mat anere Fans iwwert hir Liiblingsserien, erëm anerer diskutéieren iwwer sozial Themen.
    Et muss een sech bewosst sinn, datt et op tumblr all Zort vu Contenu gëtt, dat heescht et gëtt och Blogs mat sexuellem Inhalt. Déi gi par Defaut awer gefiltert, an et ass méiglech per Plug-In bestëmmten Inhalter ganz ze filteren. Et ass och sou, datt een tumblr par defaut fir déi ganz Welt siichtbar ass. Anescht wéi Facebook, wou een fir déi meeschten Inhalter een Account brauch, ass tumblr och ouni Account ze erreechen. Dat heescht, datt Contenu, deen op tumblr gepost gëtt, fir Sichmaschinne wéi google opzefannen ass.
    Et ass awer kee Problem, een privaten tumblr ze maachen, dee just fir déi eege Follower siichtbar ass oder mat engem Passwuert geschützt ass. Et muss een dofir allerdéngs fir d‘éischt een normalen, public tumblr maachen an dann déi entspriechend Astellungen huelen.


    Allerdéngs ass tumblr dacks Ziel vu Cracker oder soss Onéierlechen, déi probéieren een tumblr ënnert hir Kontroll ze kréien, fir zum Beispill Spam domadder ze posten. Et ginn dofir e puer Tipps, wéi een säin Account schütze kann. Als éischt ass et – wéi bei all Service – wichteg, sech een séchert an eenzegaartegt Passwuert zouzeleeeën. Tumblr réit zu op mannst 12 Zeechen. Et ass donieft wichteg, seng Account-Informatiounen ni enzwousch anescht wéi op tumblr anzeginn, keng Apps zouzeloossen, deenen een net traut an seng Login-Donnéeën kengem weider ze ginn. Et ass en plus méiglech, sech iwwer verdächteg Aktivitéite per Email informéieren ze loossen.
    Wéi ganz vill aner Servicer bidd och tumblr d‘Méiglechkeet zu Zwee-Faktor-Authentifizéierung. Dobäi muss een bei all Login een Code, deen een per App oder SMS op den Handy kritt, aginn. Sou ass d‘Méiglechkeet, dat den eegenen Account gehackt gëtt, immens kleng.
    En weidere Punkt, deen awer éischter d‘Visiteure vun ärem tumblr betrëfft, ass d‘Verschlësselung vun der Verbindung. Dir kënnt astellen, datt ären tumblr-blog ëmmer iwwer SSL ausgeliwwert sollt ginn. Domadder erhéicht dir d‘Sécherheet vun de Visiteuren. Allerdéngs funktionéiert déi Funktioun leider net mat all Theme vum tumblr.
    Ween sech un dës Tipps hält, ka vill Freed op tumblr hunn an dobäi säin Horizont sécherlech erweideren. Ech fir mäin Deel wënschen iech op all Fall vill Spaass! Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    http://www.howtogeek.com/howto/22806/how-to-make-a-private-tumblr-blog/
    https://www.tumblr.com/docs/en/account_security
    http://www.xkit.info/
    4 min
  • Schwachstell beim Facebook-Messenger
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut geet et ëm eng Sécherheetslück, déi wahrscheinlech déi allermeescht vun eis betrëfft. Facebook ass dat gréisste soziaalt Netzwierk op der Welt an och dat, wat am meeschten zu Lëtzebuerg benotzt gëtt. Ech fir mäin Deel ka behaapten, dat esouguer meng Bomi et benotzt.
    Mä Facebook ass net just een soziaalt Netzwierk, op deem Fotoe gepost ginn. Facebook huet mat sengem agebaute Chat ugefaangen, een vun deene wichtegste Messenger-Dengschter weltwäit ze ginn. Wat fréier ICQ, MSN oder Skype waren, ass haut fir vill Leit de Facebook-Messenger. Am Abrëll huet Facebook bekannt ginn, datt 900 Millioune Leit de Messenger op mannst eng Kéier am Mount benotzen.
    Et ass net nëmme méiglech, doriwwer ze chatten, mä et kann een och telefonéieren oder sech per Webcam ënnerhalen. Bei sou ville Funktiounen ass et net verwonnerlech, datt Facebook eng eegen App aus dem Messenger gemaach huet. Déi gëtt et och fir Windows 10, dat heescht et muss een net mol méi um Facebook-Site selwer sinn, fir de Messenger benotzen ze kënnen. Och um Site Messenger.com kann de Service benotzt ginn.

    Allerdéngs ass Virsiicht gebueden, Ufank des Mounts ass nämlech bekannt ginn, datt et eng Sécherheetslück am Facebook Messenger gëtt. All Noriicht, déi iwwert de Facebook Messenger verschéckt gëtt, huet eng eegen Identifikatiounsnummer. Dat ass déi sougenannten „message-id“. Een Ugrëffer, deen déi „message-id“ opgräift, kann den Verlaf vum Chat änneren. Aal Messagë kéinte geännert ginn. Domadder fir et theoretesch méiglech, fir Ofmaachungen ze fälschen an sou Leit ze erpressen. An och Fotoen, Dateien an Links kéinte manipuléiert oder geläscht ginn. Et ass och méiglech, datt dës Schwachstell zur Verbreedung vu Schuedsoftware, also Malware, benotzt kéint ginn.
    Déi gutt Noriicht ass allerdéngs: Facebook huet de Bug scho gefléckt, sou datt an deenen aktuelle Versioune vun der Messenger-App keng Gefor virun dëser Schwachstell méi besteet. Et ass dofir immens wichteg, datt dir Updates fir d‘Messenger-App net ignoréiert, mä sou séier wéi méiglech installéiert. Domadder sidd dir dann erëm op der sécherer Säit an kënnt weider mat äre Kollege chatten. Allerdéngs sief nach eng Kéier drun erënnert, datt d‘Messagë vum Facebook-Messenger net verschlësselt sinn. Ween op Nummer sécher wëll goen, muss een alternativen, verschlësselte Messenger wéi Signal, Threema, WhatsApp oder Telegram benotzen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen: https://www.bee-secure.lu/de/news/schwachstelle-im-facebook-messenger-angreifer-k%C3%B6nnten-nachrichten-dateien-und-links
    http://blog.checkpoint.com/2016/06/07/facebook-maliciouschat/
    3 min
  • Kann mäin Handyakku explodéieren?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een Thema, iwwert dat et vill Mythen an Legende gëtt, obwuel et sech ëm eng zimlech modern Technologie handelt. Riets ass vun Akkuen, besonnesch vun deenen, déi am Handy dra sinn.
    Fir vill vun eis ass den Handy een wichtege Begleeder an een eidelen Akku eng zimlech Katastroph. An och wann et wichteg ass, d‘Liewen och ouni Handy an Internet ze genéissen, sou ass et awer een gutt Gefill, séier eppes googelen ze kennen oder einfach fir Kollegen erreechbar ze sinn. Dofir lount et sech also, op säin Akku gutt opzepassen. Leider ginn et vill Tipps a Legenden, déi mëttlerweil net méi gülteg sinn.
    Zum Beispill gëtt gesot, et sollt een den Handy net iwwer Nuecht oplueden, well den Akku soll explodéiere kéint. Déi Gefor gouf et fréier wierklech. Do sinn Batterien op Nickel-Cadmium-Basis agesat ginn, hautdesdaags ginn awer Lithium-Ionen-Akkuen an d‘Handyen agebaut. Modern Handye sinn och sou gebaut, datt se net iwwerluede kënnen an et dem Akku och net schued, wann en iwwer Nuecht um Netz hänkt. Edit: Allerdéngs ginn et trotzdem Fäll, wou dat geschitt ass. Dat läit dann awer net um Akku selwer, mä um Netzdeel oder aanerer Elektronik. Et ass dowéinst wichteg, opzepassen, op et z.B. Reckruffaktiounen vum Hirsteller ginn.
    Een ähnlecht Gerücht ass, datt een den Akku ëmmer sollt ganz eidel gi loossen, iert een en nei oplued, well soss d‘Kapazitéit méi kleng géif ginn. Och dat staamt nach aus der Zäit vun Nickel-Cadmium-Batterien, haut gëtt et den sougenannten „Memory-Effect“ net méi. Et ass esouguer esou, datt eis modern Akkuen am beschte mat „flaachen“ Zyklen eenz ginn. Dat heescht, et sollt een den Handy vun 20 op 70 Prozent lueden an net vun 0 op 100.

    Och héiert een dacks, datt Akkue méi laang halen, wann een se bei der Heizung lagert. Dat stëmmt allerdéngs net. Akkuen déi een grad net benotzt, sollten am beschte kill gelagert ginn, am Idealfall esouguer am Frigo. Dat wäert bei deene meeschten Handyakkuen awer souwisou net de Fall sinn, well se fest verbaut sinn an den Handy jo bal de ganzen Dag am Asatz ass. Et ass och kee Problem, den Handy während dem Lueden ze benotzen an zum Beispill ze telefonéieren – modern Akkue sinn genee fir sou eppes konstruéiert.
    Ween Akku spuere well, kann op den Flugmodus goen, wann en grad keen Internet oder Telefon brauch – zum Beispill bei enger Rees, wou d‘Verbindung souwisou net gutt ass. Ouni Verbindung no bausse verbraucht den Handy nämlech vill manner Stroum. Ween d‘Méiglechkeet huet, sollt ëmmer déi séierst Verbindung notzen, dat heescht WLAN oder LTE. Et klengt vläit paradox, mä je méi séier d‘Verbindung ass, ëm sou manner Stroum muss den Handy benotzen an den Akku bleift méi laang voll. Oppasse sollt een awer bei Apps, déi verspriechen, den Akku-Verbrauch erofzeschrauwen: Keng App op der Welt kann zauberen an dacks sinn sou Apps just dofir do, fir dem User Reklammen unzeweisen oder am schlëmmste Fall d‘Donnéeën ze klauen. Wat awer wierklech hëlleft, ass den Bluethooth auszeschalten an en just dann ze benotzen, wann een e wierklech braucht. Dat spuert Akku an schützt virun etlechen Ugrëffer.
    Ween méi dacks länger ënnerwee ass, sollt sech iwwerlee, op sech d‘Investitioun an een externen Akku lount – domadder kann een den Handy ënnerwee oplueden an ass sou länger onofhängeg vu Steckdousen.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    heise.de
    heise.de (2)
    4 min
  • Last Minute an d‘Vakanz?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. De Summer steet virun der Dir, och wann d‘Wierder nach net ëmmer ganz matspillt. Ween nach keng Vakanz gebucht huet, sehnt sech lo da vläit no eng oder zwou Wochen op enger anerer Platz, ob där d‘Wierder vläit méi matspillt oder d‘Mier net esou wäit ewech ass.
    Am Internet ginn et relativ vill Siten, déi domadder Reklamm maachen, datt een bei hinnen een bëllegem Hotel oder direkt eng ganz Rees mat „all inclusive“ géif fannen. An mat de Wieder „last minute“ gëtt dacks suggeréiert, datt een eng ganz gutt Offer géif kréien. Dat stëmmt allerdéngs nach laang net ëmmer. Et ass zwar tatsächlech sou, datt een 8 bis 14 Deeg virun enger Rees zwësche 15 an 20 Prozent vum Katalogpräis spuere kann, mä eng Garantie gëtt et dofir net.
    Ausserdeem ginn et dacks verstoppe Käschten, déi engem fir d‘éischt net ugewise ginn, zum Beispill Taxen oder Gebühren fir Gepäck, Kerosin oder ähnleches. De beschte Wee ass et, sech ze iwwerleeën, wou een hifuere well an dann op verschiddene Säite Präisser ze vergläichen.

    Leider ass et och sou, datt mir als User vu Reess-Siten dacks op eis alleng gestallt sinn. Sou huet déi däitsch Stiftung Warentest virun e puer Joer néng Reesportaler ënnersicht an huet erausfonnt, datt déi meescht kee gudde Support per Telefon oder Mail ubidden. Ween also eng Fro oder een Problem huet oder einfach net weider weess, ka just bei e puer Portaler dorobber hoffen, séier eng Äntwert ze kréien. Och hei ass erauskomm, datt et vu Virdeel ass, schonn eng gutt Iddi dovunner ze hunn, wat fir eng Zort Vakanz een maache wëll, iert een se bucht.
    Oppasse sollt een och bei den Versécherungen, déi dacks zu enger Rees ugebuede ginn. Dës Offere sinn net ëmmer serieux, deelweis gi Versécherunge verkaaft, déi dir als Client guer net brauche kënnt. Hei ass et vu Virdeel, sech am Viraus bei der eegener Versécherung ze informéieren, op een net vläit souwisou verséchert ass.
    Alles am Allen ka sollt een op e puer Saachen oppassen: Et soll ëmmer däitlech do stoen, ween den Ubidder vun enger Rees ass an wéi een dee kontaktéiere kann. Et sollt och ëmmer genee beschriwwe sinn, wat fir eng Leeschtungen een keeft an ween déi erbréngt. All d‘Präisser, och fir Taxen an zousätzlech Servicer sollten transparent an iwwersiichtlech ze fanne sinn. Siten, ob deenen een d‘AGBen net séier fënnt, sollt dir vermeiden. Et sollt een och ëmmer kucken, ob et een sougenannten „Sicherungsschein“ gëtt, dee bewéisst, datt de Rees-Ubidder géint Insolvenz verséchert ass. Wichteg ass natierlech och, datt är Donnéeë verschlësselt iwwermëttelt ginn. Dir gesitt datt um klenge Schlass-Symbol an ärem Browser.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    BEE SECURE
    Verbraucherzentrale NRW
    Unternehmer.de
    Welt.de
    der Farang
    4 min
  • Sécher op Twitter
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut zwitscheren ech iech mol eppes. Oder éischter: Mir schwätzen haut iwwert twitter. Twitter ass een sozialt Netzwierk, dat et schonn zimlech laang gëtt, dat awer net esou populär ass wéi zum Beispill Facebook oder Instagram. Mat net méi wéi 140 Zeechen huet een net sou vill Platz, fir sech auszedrécken. Dofir ass d‘Stäerkt vun twitter d‘Vitesse. Wann iergendwou op der Welt eppes geschitt, kënnt dir sécher sinn, datt iergendeen doriwwer twitteren wäert.
    Och vill Prominenter, Staren a Politiker sinn op twitter ënnerwee. D‘Méiglechkeet, als éischt eppes vun enger Persoun, déi een bewonnert, gewuer ze ginn oder souguer mat hir a Kontakt trieden ze kennen, ass een Deel vum Reiz vun twitter. Vill Jonker mellen sech genee dowéinst op twitter un: fir hirer Stars – sief dat aus Film, Musek oder vu Youtube – ze followen an ze liesen, wat déi de ganzen Dag sou dreiwen.
    Mä och op twitter sollt een op säin Account oppassen. Als éischt gëllt et, sech ze decidéieren, op een een geschützten oder een oppenen Account wëll. Wann ären Account geschützt ass, kënne just Leit är tweets liesen, déi dir akzeptéiert hutt, zum Beispill är Kollegen. De Nodeel ass, datt een sou net bei gréissen Diskussioune matmaache kann, déi dacks iwwert Hashtags gefouert ginn an dovunner liewen, datt vill Leit tweets zu engem bestëmmten Thema liesen.



    An ärem Profil kënnt dir eng kuerz Selbstbeschreiwung, är Uertschaft an äre Gebuertsdatum aginn. Och hei sollt dir iwwerleeën, wat fir Informatiounen dir der ganzer Welt wëllt ginn. Et ass eng gutt, grad bei der Uertschaft net all ze genee ze sinn an vläit just d‘Land unzeginn.
    Wéi bei all Service ass et och bei twitter wichteg, een séchert an eenzegaarteg Passwuert ze benotzen. Wann dir een Account hutt, deen e puer Leit benotze kenne sollen, zum Beispill fir een Club oder eng Initiativ, bidd et sech un, den Service tweetdeck ze benotzen an den Account fir méi User fräizeschalten. Sou musst dir kee Passwuert weiderginn. Och twitter huet déi duebel Authetifizéierung, déi iwwert d‘App um Handy funktionéiert. Dir kennt och eng Telefonsnummer uginn, fir ären Account am Noutfall per SMS ze reaktivéieren.
    Doduerch, datt twitter just 140 Zeeche pro tweet erlaabt, sinn Servicer entwéckelt ginn, déi Links verkierzen. Doduerch gesäit een net ëmmer, wou een elo wäert hin klicken. Et lount sech dofir, eng Extensioun ze installéieren, déi iech wéist, wouhinner dir wäert klicken. Soss gëllt et wéi ëmmer virsiichteg ze sinn an net op alles ze klicken, wat iech ënnert Maus kënnt, mä virdrun nozedenken. Dat gëllt och besonnesch fir Apps oder Websäiten, déi sech mat twitter verbanne wëllen. Hei sollt een besonnesch gutt oppassen, wat een mécht an wat fir Berechtegungen sou eng App huet.
    Ween des Reegelen am Hannerkapp behält, ka vill Spaass op twitter hunn an do souguer vläit nei Kollege kenne léieren – ech perséinlech hunn zum Beispill vill Frënn do fonnt.
    Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
    Quellen:
    https://support.twitter.com/articles/484831
    https://www.postplanner.com/how-to-keep-your-twitter-account-secure/
    4 min

About BEE SECURE.lu op Radio ARA

From the publisher's feed

weekly episode