Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Ransomware, also Software, déi iech wëll erpressen. Aktuell ass zu Lëtzebuerg grad eng ganz Well vun sou Schuedprogrammer ënnerwee.
Ransomware kritt een meeschtens per Email oder iwwert een Link. Op alle Fall muss een een Programm opmaachen. Dee verschlësselt dann äre ganze Computer an verlaangt no engem Geldbetrag, fir d'Entschlësselung. De soll een per Bitcoin, enger elektronescher Währung, déi anonym Transaktiounen erlaabt, bezuelt ginn. Bis dat net geschitt ass, sinn är Donnéeën an äre Computer net ze benotzen. Ween den Disk einfach läscht, verléiert domadder natierlech säi ganzt digitalt Liewen.
Wéi kann een sech viru Ransomware schützen? Als éischt gëllt et ëmmer gutt opzepassen, wat een uklickt an wat fir eng Dateien een opmécht. Och wann d'Email vun engem Bekannte kënnt, kann den Attachment Malware sinn. Emailadressen kënne gefaked sinn oder den Bekannte selwer Affer vu Ransomware gi sinn. An dem Fall ass et besser, emol méi nozefroe wéi eng obskur Datei opzemaachen an dann erpresst ze ginn.
Wichteg ass et, ëmmer direkt Updates ze maachen. Ransomware notzt gäre Schwaachstellen am Betriebsystem aus, dofir sinn Updates, déi dës Feeler behiewen, enorm wichteg fir de Schutz vun ären Donnéeën. Ausserdeem sollt dir reegelméisseg Backups op eng extern Festplack maachen, déi net ëmmer um Computer hänkt. De schlëmmste Verloscht läit nämlech dacks doranner, datt all är perséinlech Donnéeë wéi Fotoen, Dokumenter, Videoen, asw. verluer sinn.
Dacks kritt een seng Donnéeën och dann net zeréck, wann een den Erpresser nogëtt an d'Sue bezuelt. Leider ginn et fir vill Ransomware och keng Léisungen, fir de System erëm zeréckzestellen. Wann dir mierkt, datt dir evtl. grad Ransomware opgemaach huet, trennt den Computer direkt vum Netz, och vum WLAN an probéiert en nei ze starten. Wann en bis verschlësselt ass, ass et am beschten, eng Plainte bei der Police ze maachen. Dir kënnt iech och op der BEE SECURE Helpline ënnert der Nummer 8002 1234 mellen, fir Hëllef ze kréien.
Nach eng Kéier: Net fir all Ransomware gëtt et eng Léisung, déi iech är Donnéeën zeréck bréngt, ëmsou méi wichteg sinn regelméisseg Backups. Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir op bee-secure.lu an op CIRCL.lu
Zum Schluss wëll ech iech awer och nach eng Kéier op den Safer Internet Day opmierksam maachen. Deen ass dëst Joer den 9. Februar an steet ënner dem Motto „Play your part for a better Internet“. Op der ganzer Welt wäerte vill verschidden Aktiounen an Evenementer stattfannen. BEE SECURE koordinéiert déi Evenementer fir Lëtzebuerg. Geplant sinn zum Beispill eng Rallye, een Workshop am Jugendhaus zu Diddeleng oder eng Radiossendung am Kader vun Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA. Wann dir also selwer eng Aktioun zum sécheren Internet plangt, an ärer Schoul, ärem Veräin, Jugendhaus oder Firma, da melt iech op bee-secure.lu/sid – do ginn är Aktiounen dann och verëffentlecht! De Recht vun iech notéiert sech den 9. Februar 2016 als Safer Internet Day an de Kalenner oder bedeelegt sech duerch een Post oder Tweet un der Aktioun!