BEE SECURE.lu op Radio ARA

BEE SECURE.lu op Radio ARA

By BEE SECURE.lu op Radio ARATechnologyEducationKids & Family
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARA episodes

  • Richteg läschen
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong ganz simpel kléngt, mä et awer guer net ass. Riets ass dovunner, Donnéeën ze läschen. Normalerwéis probéiere mir jo, eis Donnéeë gutt ze versuergen an ze backupen, mä heiansdo ass et néideg, se gutt ze läschen. Sou zum Beispill, wann et drëms geet, een ale Computer ze verkafen oder ewechwerfen.



    Op engem Computer sinn vill perséinlech Saachen, zum Beispill Fotoen, Videoen, vläicht och Texter déi net jidderee soll liesen oder esouguer Lëschte mat Passwierder. Et wier also zimlech fatal, wann eng Persoun déi ären ale Computer keeft, un déi Donnéeë géif kommen.

    Et geet nämlech net duer, d'Donnéeën einfach an den „Papierkorb“ ze werfen an se do ze läschen. Um Hardisk funktionéiert dat nämlech esou: De Betriebssystem, also Windows, Linux oder Mac OS, markéiert déi Platzen, wou déi Donnéeën déi dir geläscht sinn hutt, als fräi. Dat passéiert, an dems d'Referenz am Index geläscht gëtt. Dat kann een sech sou virstellen, wéi wann an enger Bibliothéik een Buch zwar aus dem Katalog gestrach géif ginn, mä d'Buch am Regal géif stoe bleiwen. D'Donnéë gi réischt iwwerschriwwen, wann nei Donnéeën drop geschriwwe ginn. An eisem Bibliothéiksbeispiel géif dat Buch, dat mir geläscht hunn, réischt aus dem Regal geholl ginn, wann een neit Buch op déi selwecht Platz ageraumt géif ginn. Esou kann et sinn, datt mat spezielle Programmen är ganz Festplack erëm hirgestallt ka ginn. Esouguer wann dir den Harddisk nei formatéiert, ginn et ëmmer nach Méiglechkeeten, fir är Donnéeën erëm zeréck ze kréien. Wéi kann een dat verhënneren?
    Wann een den Harddisk net méi brauch, muss een esou gutt et geet, zerstéieren. Ween net selwer mat der Buermaschinn hantéiere wëll, kann zum Beispill bei der Firma Streff seng Festplacke shredderen loossen. Op alle Fall gehéiert eng al Festplack net an eng normal Dreckskëscht, mä op den Recycling oder bei d'Superdreckskëscht.
    Wann dir är Festplack just läsche wëllt, well dir äre Computer verkaaft oder verschenkt, ass et wichteg, een spezielle Programm ze benotzen, fir sécher ze goen, datt all d'Donnée fort sinn. Do virdru musst dir awer een Backup maachen, fir déi Saachen ze halen, déi dir hale wëllt. Een méigleche Programm wier zum Beispill d'Open Source-Applikatioun „Eraser“. Et ginn awer vill verschiddener sou Programmer, wouvunner verschiddener och geféierlech sinn. Wéi een beim Läschen am beschte virgeet, fannt dir detailléiert op bee-secure.lu respektiv bei cases.lu erklärt.
    4 min
  • Liest däin Handy deng SMS?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut geet et ëm eng Sécherheetslück, déi zwar nach net bei eis akut ass, mä et awer gi kéint. Et soll 18.000 Apps fir Android ginn, déi d'Méiglechkeet hunn, är SMSen auszespionéieren. D'Saach ass nämlech déi: Wann een Apps fir Android programméiert, schreift een net ëmmer all Deel vum Programmcode selwer. Dat wier ze opwänneg, an dofir ginn et sougenannt Software Development Kits, ofgekierzt SDK. Lo gëtt et awer een sou een SDK, deen heescht Taomike. Am Fong ass deen dofir do, fir Reklammen unzewéisen an In-App-Akeef ze reegelen. Mä den Taomike spionéiert eben och d'SMSen vun de betaffenen Usern aus. Dobäi gi souwuel déi SMSen, déi een verschéckt, wéi och déi, déi een kritt, un den Server vun taomike weidergeleet.
    Am Fong sollt ausser der SMS-App keng App Zougrëff op d'SMSen hunn. Mä mat Taomike ass et méiglech, per SMS ze bezuelen, wat de Schutz vun Android ausser Kraaft gesat huet. Erausfonnt huet dat ganzt d'Sécherheetsfirma Palo Alto Networks. Si hunn awer nach net rauskritt, wat Taomike eigentlech mat deene ganze SMSen mécht, déi se sou ausspionéieren.





    Allerdéngs musse mir eis – nach – keng grouss Suerge maachen, betraff sinn nämlech bis elo just Usern an Apps aus China. Et schéngt och esou ze sinn, datt just Apps, déi net aus dem offizielle Google Play Store installéiert gi sinn, spionéiere kënnen.
    Trotzdem kënne mir dës Meldung als Unlass huelen, fir eis mol erëm eng Kéier mat de Sécherheetsanstellungen vun eisem Smartphone ze beschäftegen. Wann dir ären Android-Smartphone jailtbreakt oder Apps, déi net aus Google Play kommen, installéiert, da gitt dir domadder een Sécherheetsrisiko an. Dofir sollt dir déi Funktioun am beschten net benotzen.
    Et ass ausserdeem wichteg, Sécherheetsupdates ëmmer sou séier wéi méiglech ze installéieren. Wann dir net wëllt, dat aner Leit – sief dat eng Firma wéi Taomike oder soss Entitéiten, déi SMS offänken an liese kéinten – är SMSen matliesen, da kënnt dir eng App benotzen, déi d'SMS verschlësselt. Eng Méiglechkeet dofir ass d'App TextSecure, mat där dir är SMS verschlëssele kënnt. Allerdéngs just dann, wann déi Persoun um aneren Enn och TextSecure benotzt.
    Wéider Informatiounen zu dem Thema fannt dir op bee-secure.lu
    Link zur Quell
    3 min
  • Mam Kapp an der Cloud?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Cloud, déi och Thema vun der aktueller BEE SECURE-Kampagne ass. Dir sollt also net den Kapp an de Wolleken hunn, mä clever Cloud User ginn. Mä komm mir fänke vu vir un: Wat ass d'Cloud iwwerhaapt?
    Cloud gi Servicer genannt, déi Funktiounen ubidden, déi een am Fong vum eegene Computer kennt an déi bis viru kuerzem och just do méiglech waren. Dat sinn an der Reegel Späicherplaz oder Office-Programmer. Dir kennt sou Servicer sécherlech, beim Späicherplaz sinn dat Dropbox, OneDrive, iCloud an bei den Office-Programmer Office360 oder Google Drive. D'Virdeeler sinn kloer: Et kann een vun iwwerall op seng Donnéeën zougräifen, et huet een e Backup fir de Fall, wou den eegene Computer versot an et kann een mat anere Leit zesummen un engem Dokument schaffen, ouni sech mussen ze treffen. Mä och sozial Netzwierker wéi Facebook oder Webmail-Servicer wéi Gmail sinn Cloud-Servicer.
    An wéi funktionéiert dat? Är Donnéeë ginn, wann dir Cloud-Dengschter benotzt, op Servere gespäichert, déi op der ganzer Welt verdeelt sinn. Dat heescht, är Donnéeën an der Dropbox sinn net just op ärem Computer, mä och op de Serveren vun Dropbox. Et kéint een also vereinfacht soen, datt d'Cloud d'Computere vun anere Leit oder Firme sinn.



    Et geet awer nach een Stéck weider: Vill Firmen a besonnesch Start-Ups, déi nei um Marché sinn, hunn keng eegene Serveren. Si lounen sech Späicherplaz an Prozessorkraaft an der Cloud. Amazon z.B. verkeeft net nëmme Bicher, mä ass och een vun deene gréisste Cloud-Ubidder weltwäit. Vill Cloud-Servicer hunn méi wéi eng Copie vun den Donnéeën: Op verschiddene Severen uechter d'Welt ginn d'Saache redundant gespäichert, fir datt am Fall vun engem Ausfall ëmmer eng Kopie do ass.
    Mir wëssen also dacks net emol, weem seng Cloud mir grad benotzen an wou eis Donnéeë gespäichert ginn. Dofir ass et wichteg, virsiichteg ze sinn an op d'Secherheetsdräieck opzepassen. D'Stéchwierder Verfügbarkeit, Integritéit an Vertraulechkeet sinn dobäi besonnesch wichteg. Dir musst ëmmer op är Donnéen zougräife kënnen, är Donnéeën däerfen net verännert ginn an natierlech muss de Cloud-Service sou sécher sinn, datt är Donnéeën net verëffentlecht kënne ginn. Iert een e néie Service benotzt, ass et also wichteg, sech ze informéieren, wéi dee funktionéiert an wat mat ären Donnéeë geschitt.

    Fir ganz sécher ze ginn, ass déi gëlle Reegel, datt dir keng privat Donnéeë vun iech an der Cloud sollt späicheren. Et ass och wichteg, regelméisseg an der Cloud ze raumen an Saachen ze läschen, déi een net méi brauch.
    De ganzen Dossier mat villen Tipps an Links zum Thema Clever Cloud User fannt dir op bee-secure.lu
    4 min
  • Wat sinn Copyright an Creative Commons?
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen. Alles, wat dir am Internet liest, lauschtert oder ukuckt, kënnt als Kopie op äre Computer oder Smartphone. Beim Streaming ass dat zwar just temporär, mä soss funktionéiert den Internet wéi en risegrouss Kopiesmaschinn.

    Grondsätzlech gëllt, datt jiddereen, deen een Wierk wéi zum Beispill een Text, een Lidd oder een Film erschaaft, dofir de Copyright huet. Op Däitsch heescht dat „Urheberrecht“, op franséisch „droits d'auteur“. Ween mat senge Wierker Sue verdénge well, muss se dofir meeschtens verkafen. Dat erklärt, wisou illegal Downloads oder Streaming net nëmmen net erlaabt sinn, mä och ville Kënschtler a Kënschtlerinnen net gefalen. Allerdéngs gëtt et och Kritik um Copyright: Verschidde Gruppéierungen hätte gären, datt d'Recht op eng privat Kopie erëm gestäerkt gëtt. Sou wéi et bei engem physesche Buch kee Problem wat, dat engem Kolleg ze léinen, sou ass dat bei ebooks zum Beispill dacks legal iwwerhaapt net méiglech. Dat sinn Kritikpunkter, déi zum Beispill an den Rapport vum Europaparlament zum Copyright agefloss sinn.




    Ween legal Medie konsuméiere wëll, huet dofir haut eng zimlech breet Palette un Servicer, déi en notze kann: Amazon, iTunes, Netflix, spotify, an esou weider. Dacks kann een sech een Abonnement kafen, mat deem een illimitéiert Filmer, Musik oder souguer ebooks kucken, lauschteren an liese kann. Mä dat kascht alles Suen oder et brauch een eng Kreditkaart, déi een als Jugendlechen natierlech net sou einfach kritt.
    Zum Gléck gëtt et eng ganz Réi vu Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi hir Wierker ënnert fräie Lizenzen zur Verfügung stellen. Creative Commons ass zum Beispill ee Grupp vun esou Lizenzen, déi ëmmer heescht, datt een een Wierk gratis a legal däerf eroflueden a konsuméieren. Je no Lizenz däerf een déi Wierker och fir eege Kreatioune benotzen. Esou ass zum Beispill d'Hannergrondmusek, déi dir am BEE SECURE-Podcast héiert, mat Creative Commons lizenséiert.
    Grad fir Leit, déi selwer Medie produzéieren, ass sou eng Lizenz enorm praktesch. Dir fannt Medien ënnert fräie Lizenzen zum Beispill op jamendo.com, archive.org oder freesound.org. Fir Fotoen huet zum Beispill flickr.com eng eege creative commons-Rubrik. Copyright huet awer och een Oflaafdatum: An deene meeschte Länner ass dat 70 Joer nom Doud vum Auteur. Sou kann een zum Beispill beim Projekt Gutenberg vill ebooks fannen, déi mëttlerweil „gemeinfrei“ oder „public domain“ sinn: jiddereen däerf se benotzen an sou veränneren, wei hie well. Sou ass zum Beispill dem Jane Austen säi Roman „Pride and Prejudice“ virun e puer Joer zu „Pride and Prejudice and Zombies“ ëmgeschriwwe ginn. Dat war legal, well d'Jane Austen schon iwwer 70 Joer doud ass.
    Weider Informatiounen zum Thema Copyright fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu
    4 min
  • Opgepasst, Fake!
    Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat zimlech brisant an gläichzäiteg enorm wichteg ass. Et geet ëm den Phänome vun den sougenannte Fake-Meldungen op sozialen Netzwierker.

    Den éischte Fake, un deen ech mech erënnere kann, war een Site, dee behaapt huet, an China géife Leit Katzen an klenge Glieser halen, fir datt se Bonsai-Katzen géife ginn. Déi grujeleg Meldung war zum Gléck just en makabere Witz. Leider ass net all Falschmeldung oder Fake just als Witz geduecht. Dacks geet et dorëms, Leit ze manipuléieren an se zum Haass opzestëppelen. Grad an der rietsextremer Szen sinn sou Fakes beléift, fir nei Ënnerstëtzer oder Memberen ze gewannen.

    Aktuell ginn et sou och vill Falschmeldungen zu der Refugies-Thematik. Sou gëtt zum Beispill behaapt, Refugien géife vill Dreck maachen, kriten gratis Smartphones geschenkt oder kéinten ouni Konsequenzen an Supermarchéë klauen. Dat déi Behaaptungen – op gutt lëtzebuergesch – Kabes sinn, mierkt een dorunner, datt se ëmmer erëm mat deene selwechte Wierder mä mat ënnerschiddleche Platze verbreed ginn. Et ginn an sou Meldungen och ni konkret Quelle genannt, mä dacks just Formuléierunge wéi „Dat lei ass mir zougeschéckt ginn“ oder „Ee gudde Bekannte vu mir huet mir gezielt“.



    Wat kann een maachen, fir Fakes ze erkennen? Grondsätzlech ass et ëmmer eng gutt Idee, fir mësstrauesch ze sinn an Informatiounen ze hannerfroen. Eng einfach Method, fir Fakes ze iwwerpréiwen, ass no Deeler vum Text ze googlen. Wann een den Text mat aneren Uertschafte fënnt, ass d'Chance, datt et en Fake ass, ganz grouss. Fënnt een Medienberichter vu serieuxen Zeitungen dozou, kann een dovunner ausgoen, datt d'Informatioun stëmmt. Et lount sech och ëmmer, ob spezielle Säiten, déi Fakes an Hoaxes ënnersichen, nozekucken. Am däitschsproochege Raum mécht do Mimikama.at eng gutt Aarbecht. Fir aner Gerüchter, déi dacks als „urban legends“, also urban Legende bezeechent ginn, gëtt et den englesche Site snopes.com. Et kann een deene Site och Saachen eraschécken, déi si dann iwwerpréiwen.

    Dir kënnt awer och selwer Detektiv spillen an zum Beispill Biller, déi angeblech eppes beweise sollen, googelen. D'Billersich vu Google kann nämlech net nëmme Biller zu engem Begrëff uweisen, mä och no engem Bild, dat dir eroplued, am Internet sichen. An sou fënnt een dann zum Beispill raus, datt angeblechen Dreck vu Refugien an Ungarn an Wierklechkeet een illegalen Dreckstipp aus dem Joer 2012 war.

    Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu
    4 min
  • Stagefright
    Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Haut schwätzen ech vun engem Sécherheetsproblem, deen Android-Geräter betrëfft. Android ass een Betriebssystem, dee vu Google entwéckelt ginn ass an op enger Hellewull vun Handyen an Tableten leeft.
    Schon am Juni ass bekannt ginn, datt et an ville Versioune vun Android een Sécherheetsproblem gëtt, deen d'Experten „Stagefright“ gedeeft hunn. Vun dem Problem sollen all Geräter mat Android 2.0 bis 5.1 betraff sinn. Dat sinn 95 % vun alle Geräter mat Android. Fir de Sécherheetsproblem auszenotzen ass fir een Ugräifer am Prinzip just néideg, eng MMS oder eng Hangout-Noriicht ze schécken.. D'MMS muss net mol aktiv vum User opgemaach ginn, mä et geet duer, datt den Telefon ze kritt.
    MMS ass eng Funktioun, déi ville Leit haut wahrscheinlech onbekannt ass. D'Ofkierzung steet fir Multimedia Messaging Service. Dëse Service ass eng Extensioun vun de normale SMSen, déi et erlaabt, Fotoen oder Téin un aner Handyen ze schécken. Dat klengt an Zäite vu Facebook an Messenger-Apps wéi WhatsApp oder Telegram banal, mä virun den Smartphones war d'Méiglechkeet, eng mini kleng Foto kënnen ze verschécken eng Neiegkeet. Obwuel déi meescht Leit haut éischter op speziell Apps zeréckgräifen, fir Fotoen ze verschécke, sou ass d'MMS-Funktioun op deene meeschten Android-Handyen standardméisseg aktivéiert.
    Den 1. Oktober ass bekannt ginn, datt d'Entdecker vu Stagefright, d'Sécherheetsfirma „Zimperium“, eng zweet Versioun vu Stagefright entdeckt hunn. Vun där Lück wieren alleguerten d'Android-Versiounen betraff. Anescht wéi bei der éischter Stagefright-Versioun gëtt et net just eng Méiglechkeet fir d'Attack, mä verschiddener.


    Wat kann een elo maachen, fir sech an säin Handy ze schützen? Wichteg ass, datt dir Updates vun ärem Betriebssystem ëmmer maacht, an zwar am beschten esoubal se erauskommen. Fir ze testen, ob deen eegenen Handy vu Stagefright betraff ass, gëtt et eng App vun Zimperium. De Stagefright Detector préift verschidde Schwaachstellen vun der éischter Stagefright-Versioun. Wann den Handy betraff ass, kann een d'MMS-Funktioun ausschalten an esou verhënneren, datt een Affer vun enger Attacke kéint ginn.
    Angeblech soll et och geschwënn een Update vu Google ginn, deen och déi zweet Versioun vu Stagefright betrëfft. Dësen Update wäerten awer wuel vir d'éischt just Leit mat engem Nexus-Handy, der Handymark vu Google, kréien. De Recht muss waarden, datt d'Hiersteller vun hire Geräter den Update och aspillen. Dat ka leider eng Zäit daueren.
    Bis dohinner hëlleft et, informéiert ze bleiwen. Dofir liked BEE SECURE op Facebook an gitt regelméisseg op eise Site bee-secure.lu kucken, fir um Lafenden ze bleiwen.
    4 min
  • Alternativen zu WhatsApp
    Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. De Messenger WhatsApp war schon dacks Thema bei BeeSecure, grad well en duerch sellech Schwachstellen ëmmer erëm an d'Gespréich kennt. Obwuel dës Schwachstellen bekannt sinn, ass Whatsapp nach ëmmer immens populär.
    Och wa Facebook, deenen de Service mëttlerweil gehéiert, versprach huet, eng Verschlësselung anzebauen, sou ass et fir den User net siichtbar, ob dës ageschalt ass. Am Juni ass bekannt ginn, datt op mannst den FBI d'Méiglechkeet huet, WhatsApp matzeliesen. Et kann een also dovunner ausgoen, datt Chats op WhatsApp grondsätzlech vun anere Persoune matgelies kéinte ginn. Mä et ginn och nach aner Schwachstellen: Et ass méiglech, just mat enger Telefonsnummer den Online-Status vun enger Persoun auszeliesen, ouni dat déi dat matkritt. Esou loossen sech mat speziellen Apps detailléiert Profiller iwwert Onlineverhalen vu WhatsApp-Benotzer uleeën.
    Doduerch, datt WhatsApp op Telefonsnummern baséiert, ass et net schwiereg, een ganzen Account ze klauen. An engem Video hunn spuenesch Blogger gewissen, datt dat liicht méiglech ass, wann een 5 Minutten ongestéierten Access op een Handy huet. Sou kéint et sinn, datt s du op d'Toilett gees an trotz enger Sperr däi WhatsApp-Konto gekidnappt ginn ass.





    An elo? Wat sinn dann d'Alternativen zu WhatsApp? Ech hunn där e puer rausgesicht an wäert déi lo virstellen. Dobäi hunn ech dorobber opgepasst, fir just Apps ze huelen, déi als sécher gëllen an gratis sinn, fir datt et keng Ausried ka ginn, se ze benotzen.
    Telegram ass déi Alternativ, déi ganz staark u WhatsApp erënnert an déi selwecht Funktioune bidd: Gruppenchats, Fotoen an Audioopnahmen verschécken. Am Géigesaz zu Whatsapp ass hei alles verschlësselt. De Programmcode vun Telegram ass Open Source, wat bedeit, datt eventuell Schwachstellen méi séier entdeckt kënne ginn. Et gëtt och d'Méiglechkeet, een Usernumm ze wielen, esou datt een keng Telefonsnummer muss uginn, fir mat Leit kënnen ze chatten. Als besonnesche Bonus ginn et nieft de bekannten Emojis Stickeren, wéi se aus dem Facebook-Chat bekannt sinn.
    Eng aner Alternativ ass TextSecure. TextSecure verschlësselt SMSen an ersetzt déi normal SMS-App. Et ass awer och méiglech, d'App iwwer WLAN als normale Messenger ze benotzen. Och hei sinn d'Donnéeën all verschlësselt.
    Als drëtt Alternativ wier nach surespot ze nennen. Déi App ënnersetzt just d'Chatten an benotzt een System mat QR-Code, deen ee scanne muss, fir sécher ze goen, datt déi Persoun um aneren Enn och wierklech déi ass, déi se virgëtt ze sinn. Surespot riicht sech éischter un User, déi schonn Erfahrung mat Verschlësselung hunn.
    Elo ass et un Iech: Wat fir eng méi sécher Alternativ zu WhatsApp benotzt dir? An wéi iwwerzeegt dir är Kollegen dovunner, se och ze benotzen? Ech freeë mech op äre Feedback!
    Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu
    Quellen:
    Allgemeng Infos: http://irights.info/artikel/whatsapp-wie-riskant-ist-der-messagingdienst/16521
    FBI liest mat: http://www.heise.de/security/meldung/US-Behoerden-belauschen-WhatsApp-Kommunikation-2687028.html
    Account hijacken: http://www.heise.de/security/meldung/l-f-WhatsApp-Konten-entfuehrbar-2682202.html
    Telegram: https://telegram.org
    Textsecure: https://play.google.com/store/apps/details?id=org.thoughtcrime.securesms&hl=en
    surespot: https://www.surespot.me/
    4 min
  • Back to School: Zesumme schaffen
    Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Lo ass d'Schoul erëm amgaangen an och op villen Unie geet et an deenen nächste Wochen erëm lass. Nieft dem klassesche Léiere wäerten der vill vun iech och erëm mat Gruppenaarbechten a Presentatioune kämpfe mussen. Wann een sech zu e puer Leit fir eng Aarbecht oder Presentatioun koordinéiere muss, kann dat nawell stresseg sinn. Ech stellen dofir haut e puer Tools fir, déi iech d'Zesummeschaffe méi liicht maachen, esou datt dir iech besser op d'Inhalter vun ärer Ausbildung konzentréiere kënnt.
    Vill Klasse kommunizéiere per WhatsApp an der Gruppenchat-Funktioun. Dat funktionéiert zwar, mä huet Nodeeler: nieft den bekannte Sécherheetsrisiken déi Kommunikatioun op WhatsApp mat sech bréngt, ass et eben en Chat, deen sech schlecht no Informatiounen duerchsiche léisst. En plus ginn dacks Leit „vergiess“, déi kee Smartphone hunn oder onbeléift sinn. Esou ka Mobbing nach verstäerkt ginn.
    Eng aner populär Method, fir sech als Klass ze vernetzen, sinn geheim Facebook-Gruppen. Do kann een och Dateien eroplueden an sech austauschen. Allerdéngs ass hei d'Gefor grouss, datt een wichteg Messagen iwwersäit, och well d'Sich-Funktioun vu Facebook a Gruppen net esou gutt funktionéiert.



    Ween zesummen Dokumenter schreift, gräift dacks op den Cloud-Späicher-Service vun Dropbox zeréck. Et kann een een Dossier mat Dateien sou liicht mat anere Leit deelen. Allerdéngs ënnerstëtzt Dropbox et net, zesummen un engem Dokument ze schaffen. Dropbox bidd sech sou also éischter dofir un, Ënnerlage wéi Skripten oder al Prüfungsfroen mateneen ze deelen.
    Eng méi einfach Method fir zesummen un Texter, Tabellen oder esouguer Präsentatiounen ze schaffen, sinn d'Online-Programmer vu Google, dacks einfach „Google Docs“ genannt. Eng Persoun muss een Google-Konto hunn, déi aner kënne mat engem Link ageluede ginn. Hei ass et ouni Problemer méiglech, gläichzäiteg un engem Dokument ze schaffen an live mat ze verfollegen, wat deen anere grad tippt. Presentatioune kënnen direkt online gewisen oder am Powerpoint-Format erofgeluede ginn.
    Eng aner Method sinn „Pads“. Hei kann een zu puer un engem Text schaffen, huet dobäi awer net vill Méiglechkeeten, deen ze gestalten. Pads hunn awer de Virdeel, datt een sech net umelle muss an et vill verschidde Servicer ginn, déi een Pad ubidden, woubäi een dacks och anonym bleiwe kann. Déi bekannteste Servicer sinn héi piratepad an titanpad, wou et och méiglech ass, sech als Grupp unzemellen an eng Iwwersiicht iwwert déi verschidde Pads, déi een benotzt, ze kréien.
    Wichteg ass bei all deene Servicer am Hannerkapp ze behalen, datt se zwar d'Liewe méi einfach maache kënnen, mä och Risiken hunn. Facebook-Gruppe kënne geläscht a Google-Konte kënne gesperrt ginn. Pads ginn dacks no 30 Deeg Inaktivitéit automatesch geläscht. Ausserdeem kann et ëmmer sinn, datt een sharing-Link an déi falsch Hänn geréit an Leit är Dokumenter gesinn, fir déi se net geduecht waren. Et gëllt deemno ëmmer een Aen op déi betreffend Astellungen ze hunn an reegelméisseg Backups um eegene Computer ze maachen. Da klappt et och sécher mat der nächster Gruppenaarbecht.
    Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu
    4 min
  • Een Backup vun der Vakanz
    Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Dës Woch geet fir déi meescht Leit d'Schoul erëm un. Dofir kucke mir haut nach eng Kéier op d'Vakanz zeréck. Ween eng Rees hannert sech huet, huet dobäi wahrscheinlech och Fotoe gemaach. Erëm doheem ukomm ass dann och de richtege Moment, fir sech Gedanken doriwwer ze maachen, wat een elo mat deene mécht an wéi een verhënnert, datt d'Vakanzenerënnerungen verschwannen oder an déi falsch Hänn geroden.

    Als éischt ass et eng gutt Idee, een Backup vun deene Fotoen, déi een onbedéngt hale wëll, ze maachen. Dir späichert also d'Fotoen zousätzlech op engem USB-Stick oder enger externer Festplack. Iert een dat mécht, sollt een allerdéngs d'Fotoe sortéieren: Verschidde Biller sinn vläicht verwackelt oder doubel, déi kann een läschen. Sou kënnt dir sécher sinn, datt är Fotoen net ganz fort sinn, sollt äre Computer oder ären Handy futti goen oder geklaut ginn




    Mä och eng extern Festplack kann erof falen oder een USB-Stick verluer goen. Dofir maache vill Leit een online-Backup. Dofir ginn et verschidde Servicer, déi och deelweis ganz ënnerschiddlech Zilsetzungen hunn. Deene meeschte wäerten d'Nimm Dropbox, OneCloud an iCloud een Begrëff sinn: Dat sinn sougenannt Cloud-Servicer, wou een vereinfacht ausgedréckt Donnéeën op Serveren am Internet späichere kann. Déi bidden och Apps un, mat deenen een automatesch een Backup vu senge Fotoe vum Handy maache kann. Hei gëllt et allerdéngs opzepassen, well mat engem Cloud-Service ëmmer e Sécherheetsrisiko verbonnen ass, och wann een am Prinzip just selwer un seng Donnéeën erukënnt.

    Eng aner Méiglechkeet ass et, seng Fotoen op engem Foto-Site wéi flickr.com oder ipernity eropzelueden. Déi Méiglechkeet bidd sech virun allem dann un, wann dir är Fotoe mat Frënn, Famill oder der ganzer Welt deele wëllt. Sensibel Fotoe sollt dir hei also net eroplueden – besonnesch bei Fotoe vun anere Leit musst dir déi froen, op dir d'Fotoe mat hinnen online stellen däerft. Flickr bidd 1 Terabyte u Späicher fir Fotoen, wat enorm vill ass an et méiglech mécht, seng Fotoe mat dem Service ze backupen. Iert dir d'Fotoen enzwousch eroplued – egal op wat fir een Service – sollt dir iech Gedanken iwwert d'Metadonnéeën maachen. An all Bilddatei gi sougenannt EXIF-Donnéeën gespäichert. Do steet zum Beispill dran, wat fir eng Kamera benotzt ginn ass, de geneeën Datum an d'Auerzäit vun der Opnahm an deelwéis och d'Locatioun an Form vu GPS-Koordinaten. Wéi dir déi Informatioune läsche kënnt, fannt dir op bee-secure.lu erklärt.

    Wann dir iech elo eng nei Festplack kaaft hutt, fir är Vakanzenfotoen an aner Erënnerungen ze sécheren an elo eng al hutt, hunn ech nach een Rendez-Vous fir iech: Aal Festplack sollt een net einfach wechwerfen, mä ëmmer d'Donnéeën dorobber zerstéieren. Ween méi doriwwer well gewuer ginn an seng al Festplack well zerstéiere loossen, kann dëse Samschen, 19. September, bei d'Firma Streff op de Wandhaff kommen. Do ass nämlech „Data Protection Day“, wou een net nëmme gratis seng al Festplacke schreddere ka loossen, mä och den Infostand vu BeeSecure besiche kann. Kommt also laanscht luussen!
    4 min
  • Ech paacke meng Valiss an huele … mat
    Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Lo huet d'Vakanz bal fir jiddereen ugefaangen. Dat ass virun allem eng Zäit, fir de Summer ze genéissen, vläit och fir aner Länner an Stied kennenzeléiren. Mä dobäi sollte mir eis Sécherheet net vergiessen, an esou sollt een sech fir d'Vakanz mat engem Smartphone speziell preparéieren. 

    Als éischt Mesure sollt dir iech iwwerleeën, ob dir äre Smartphone iwwerhaapt musst mat an d'Vakanz huelen. Eventuell geet jo och nach méi een alen Handy, dee soss an engem Tirang verstëbst, duer. Wann dir entscheed hutt, datt dir een Smartphone mat an d'Vakanz huele wëllt, dann ass et am beschten, e puer Precautiounen ze huelen: 

    Als éischt sollt dir iech déi sougenannt IMEI-Nummer notéieren: mat der Nummer kann ären Smartphone genee identifizéiert ginn. Dir kommt un déi Nummer, wann dir Stär-Raut-06-Raut agitt oder op der Verpackung vun ärem Telefon kuckt. Als zweet ass et wichteg, eng Bildschirmsperr anzeriichten an déi mat engem PIN oder engem Passwuert ze sécheren. Déi beléift Musteren, mat deenen den Handy gesperrt ka ginn, sinn zwar besser wéi näischt, mä dacks sinn se einfach duerch Spueren um Bildschirm ze erkennen. 
    (CC-BY-2.0 by David Hall via flickr.com)
    Weider Sécherheet bidde sougenannt Anti-Theft-Apps. Mat deene kënnt dir äre Smartphone vun engem Computer aus sperren, läschen an localiséieren. Den iPhone kann dëst mam Apple-Service iCloud vun Haus aus, bei Android musst dir iech eng speziell App dofir installéieren. Google bidd zum Beispill den „Android Device Manager“ un, mat dem dir den Handy am Noutfall lokaliséiere kënnt. Esou fannt dir zum Beispill och eraus, ob äre Smartphone just verluer oder wierklech geklaut ginn ass. 

    Sollt dir ären Handy geklaut kritt hunn an dir hutt en lokaliséiert, ass et awer wichteg, net den Held ze spillen, mä dës Informatioun vun d'Police wéiderzeleeden. Op eege Fauscht Detektiv spillen ass enorm geféierlech. 

    Den éischte Schrett, deen dir maache sollt, wann dir äre Smartphone geklaut krut, ass är Passwierder ze wiesselen. An dat op all deene Servicer, déi mat ärem Smartphone verbonne sinn, also virop Google oder iCloud, Facebook, Instagram, an esou weider. Bei verschidde Servicer kënnt dir och kucken, mat wat fir engen Apparater dir ageloggt sidd an och eenzel Apparater manuell ausloggen. Bei Facebook geet dat zum Beispill bei den Sécherheetsanstellungen. 

    Dee wichtegsten Tipp ass awer, op säi Smartphone opzepassen: Et ass een Wertgéigestand an esou sollt dir et och behandelen. 

    Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu
    3 min

About BEE SECURE.lu op Radio ARA

From the publisher's feed

weekly episode