Ier mer eis an de Chrëschtdagswansinn stierzen, beäntwere mer nach déi brisant Fro: "So, streit dir och heiansdo?" D'Äntwert ass ganz kloer: "Jo." An dësem Episod gitt Dir gewuer, wat do lass ass a firwat et grad an eiser Branche esou wichteg ass. Ausserdeem erziele mer Iech, wat Enn des Jores bei eis nach esou usteet, wéi Pressereesen oflafen, an eis ass opgefall, dass vill Leit d'Tendenz hunn, hier Aarbecht kleng ze schwätzen, nach virun deem s, se se iwwerhaapt ofginn hunn.