Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

By Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger JournalSociety & CultureBusinessManagement
Download on the App Store

Déi gutt Mod episodes

  • #16 D'Rush Hour vum Liewen

    Mir hu rëm näischt geschafft, dës Kéier well de Poopst do war an d’Erkältungen ausgebrach sinn. Firwat mir d’Visite vum Poopst kritesch gesinn a wat am Kapp vu Chef*inne virgeet wa si net an Héichform sinn erziele mer iech an dësem Episod. Ausserdeem schwätze mer iwwer Ausnamesituatioune a wéi ënnerschiddlech d’Melody an d’Lynn mat ongeplangte Momenter ëmginn. An zum Schluss ass et un iech: Äre Feedback zu der leschter Episod zum Sujet “Belaaschtbarkeet”.

    An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op [email protected], ob [email protected] oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.

    31 min
  • #15 Belaaschtbarkeet

    De Summer ass fort a mir si rëm do: Déi gutt Mod start an déi zweet Staffel. An der éischter Episod kucke mir op déi méi roueg lescht Méint zréck. D’Lynn erzielt vu sengem „erwuessene Summer“, d’Melody huet e Festival opgeriicht, erkläert wat “mat den Hänn schaffen” fir en Impakt op säi Wuelbefannen hat a mir ginn Insights an de Paralympics-Podcast fir deen de Lëtzebuerger Journal ee Joer laang d’Athlet*inne begleet huet an zum Schluss den Tom Habscheid déi éischt Medail säit 40 Joer mat Heem bruecht huet.

    Ausserdeem geet et em Belaaschtbarkeet am Aarbechtsalldag. Wéi een Afloss huet eist Privatliewen dorop, wéi wichteg ass eng raimlech Trennung vun Aarbecht a Fräizäit – a kann ee léieren, besser duerzehalen? Stéchwuert Resilienz. Zum Schluss brauche mer dech: An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op [email protected], ob [email protected] oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.

    Hei geet et bei de Paralympics-Podcast "D'Hoffnungsdréier": https://open.spotify.com/show/4teknHsHmKNsdAxsbfvYtH?si=T_YCXoz0SlyEwWjAau7bOA

    31 min
  • #14 Wäertschätzung op der Aarbecht

    Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social Media Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.

    26 min
  • #13 Den éischten Androck

    Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeginne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blenderinnen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"? Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?"

    D'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen:

    https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0090779

    Den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro:

    https://journal.lu/de/portugiesinnen-und-die-schule-eine-komplizierte-beziehung

    34 min
  • #12 Spezial: Déi gutt Mod um Fraestreik

    D'Lynn ass vum 1. Abrëll u Presidentin vum Lëtzebuerger Presserot. An deem Kader ass eis positiv opgefall, dass an de leschte Woche vill Fraen zu Lëtzebuerg op Féierungspositioune komm sinn. Mir schwätzen driwwer, wisou et wichteg ass, dass mer eis net dorop ausrouen. D'Melody gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Fuerderunge vun dësem Fraestreik, an zum Punkt géint Gewalt géint Fraen deelen hatt an d'Lynn perséinlech Erfarungen. Zum Schluss huele mer iech mat op de Fraestreik, wou mer nogefrot hunn, fir wat dir et wichteg fannt, dass mer och 2024 nach esou e Streik hunn.

    Ulafstellen:

    https://violence.lu/
    https://fed.lu/wp/
    https://454545.lu/

    23 min
  • #11 Déi gutt Mod an der Pensioun

    Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D'Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d'Erausfuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d'Melody an d'Lynn iwwert d'Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    41 min
  • #10 To-Do-Lëschten an Out-Of-Office-Messagen

    Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen.

    An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    28 min
  • #9 Schlofe kanns de, wann s de dout bass

    Happy new year un all déi gutt Moden dobaussen! Mir huelen eis keng Virsätz fir d'neit Joer, dofir hu mir der fir Iech! D’Lynn erkläert dem Melody d’IKIGAI-Method an d’Melody hëlt säi Schlofrhythmus auserneen a kritiséiert, datt Leit déi spéit opstinn ëmmer als méi faul duergestallt ginn. Zum Schluss gi mer op Äre Feedback an a versichen erauszefanne firwat Betriibsfeieren dacks ausaarten.

    Aus dem Episod:

    https://journal.lu/de/zu-wenig-beachtung

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    30 min
  • #8 "Streit dir och heiansdo?"

    Ier mer eis an de Chrëschtdagswansinn stierzen, beäntwere mer nach déi brisant Fro: "So, streit dir och heiansdo?" D'Äntwert ass ganz kloer: "Jo." An dësem Episod gitt Dir gewuer, wat do lass ass a firwat et grad an eiser Branche esou wichteg ass. Ausserdeem erziele mer Iech, wat Enn des Jores bei eis nach esou usteet, wéi Pressereesen oflafen, an eis ass opgefall, dass vill Leit d'Tendenz hunn, hier Aarbecht kleng ze schwätzen, nach virun deem s, se se iwwerhaapt ofginn hunn.

    E Journalabo fir Chrëschtdag: https://journal.lu/de/e-journal-abo-fir-chreschtdag

    Den Artikel aus der Episod: https://journal.lu/de/staendige-kommunikation

    38 min
  • #7 Stress an Alkohol

    Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich kommt.

    Du brauchs Hëllef oder du kenns Leit déi Hëllef brauchen? Hei kannst du dech informéieren:

    Centre National de Prévention des Addictions: http://cnapa.lu/fr/

    Suchtberodung Online: https://www.suchtberodungonline.lu/de/Suchtberoodung Suchtberodung vun Arcus: https://www.arcus.lu/20/suchtberatung
    Äddi.C: https://www.addic.lu

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    36 min

About Déi gutt Mod

From the publisher's feed

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leeden se gemeinsam e 78 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d'Lynn Warken an d'Melody Hansen…