Et ass net dat éischt kommemoratiivt Wierk zur Entstehung an Entwécklung vun de sougenannte fräie Gewerkschaften, aus deene spéiderhin den "Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg" ervirgaangen ass. Mee an deem décke Band, dee viru kuerzem erauskoum, sinn d'Resultater vun neie Recherchen ze fannen, wéi zum Beispill zur Haltung vun de Gewerkschaften am Zweete Weltkrich, zum Apport vun der Immigratioun oder vun de Frontaliere fir d'Syndikater. D'Historiker Denis Scuto an Arnaud Sauer ginn op eng Rei vun dësen Themen an, beschreiwen awer och d'Aarbecht mam gewerkschaftlechen Archivmaterial. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen.