Humanities Talk

Humanities Talk

By radio 100,7Social Sciences
Download on the App Store

All Humanities Talk episodes

  • … an t’léiert een ëmmer dozou!
    Well Kanner net laang genuch an d’Schoul goungen, fir eng gutt Ausbildung ze kréien, ass am 19. Joerhonnert d’Erwuessebildung entstanen. Nieft der staatlech organiséierter Verbesserung vun der Beruffsqualifikatioun huet awer besonnesch d’Aarbechterbewegung sech fir Erwuessebildung agesat, nom Motto: “Wëssen ass Muecht”. Haut ass Lifelong Learning zu engem Must an der professioneller Carrière ginn. 
    Vum Volksbildungsveräin bis zum Lifelong Learning ass et eng laang Geschicht. De Ben Fayot huet se fir Lëtzebuerg opgeschriwwen. D'Renée Wagener schwätzt mam Historiker iwwert d’Entwécklung vun der Erwuessene-Bildung, an iwwert hire politeschen Enjeu am 19. an 20. Joerhonnert.
    30 min
  • Portrait vun engem politesche Publizist
    Wehren wir uns! Mat dëse Wierder vum Emil Marx kann ee säin Asaz fir en demokratescht Lëtzebuerg, virum an nom Zweete Weltkrich, resüméieren. D’Renée Wagener schwätzt mam Historiker Henri Wehenkel iwwer säi rezent Buch an deem hien dem Emil Marx säi Portrait als Literat, Journalist a Buchhändler zeechent.
    30 min
  • Come back vun de politesche Petitiounen
    Wéi et nach keen allgemengt Walrecht gouf, ware politesch Petitiounen e gängege Wee, fir Revendikatiounen un d’Parlament ze riichten. Nodeems dëst Instrument e bëssen a Vergiess gerode war, erlieft elo déi elektronesch Petitioun e grousse Succès. D’Renée Wagener freet de Politolog Raphael Kies no de Grënn vun dësem Come Back.
    30 min