Humanities Talk

Humanities Talk

By radio 100,7Social Sciences
Download on the App Store

All Humanities Talk episodes

  • Ee Schrëtt méi a Richtung Iwwerwaachungsgesellschaft?
    D'Chercheuse Clémentine Boulanger vun der Uni Lëtzebuerg stellt e Paradigmewiessel am Droit pénal fest: An Europa géif ëmmer méi probéiert ginn, d'Aktivitéite vu geféierleche gesellschaftleche Gruppen ze iwwerwaachen a schonn am Viraus potenziell Verbriechen ze verhënneren. Am Humanities Talk schwätzt d'Renée Wagener mat hir iwwert d'Risike fir d'Demokratie an d'Mënschrechter, déi domat verbonne sinn.
    30 min
  • Zionismus zu Lëtzebuerg an den Drëssegerjoren
    Den Zionismus war an den Drëssegerjore vum leschte Joerhonnert net nëmmen eng sozialistesch oder reliéis gepräägten Utopie, déi sollt a Palestina verwierklecht ginn. Et sinn esou och Reseauen entstanen, déi gehollef hunn, jonk jiddesch Leit aus Nazi-Däitschland erauszekréien. De Journalist Frédéric Braun huet iwwert déi zionistesch Präsenz zu Lëtzebuerg recherchéiert. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Recherchen zu deem Thema.
    30 min
  • Eng privat Recherche zur Juddendeportatioun
    Viru 75 Joer ass deen éischten Deportatiounszuch vu Lëtzebuerg fortgaangen. Ënnert den Deportéierte war och dem Marc Cukier seng Famill. Haut sicht hien no hire Spueren. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Recherche.
    30 min
  • E vergiessent Kapitel: d'"Ostarbeiter" an der Lëtzebuerger Stolindustrie
    Zwangsaarbecht gouf et am Krich net nëmmen an Däitschland. Och zu Lëtzebuerg koume Leit aus Osteuropa an den Asaz. D'"Ostarbeiter" oder besser "Ostarbeiterinnen" - et ware meeschtens Fraen - goufe forcéiert an der Lëtzebuerger Stolindustrie ze schaffen. De Ricardo Baptista Barra huet dës wéineg bekannten Episod opgeschafft. D'Renée Wagener huet sech mat him iwwert seng Recherche ënnerhalen.
    30 min
  • Dat eent A kuckt d'Tëlee, dat anert den Tablet
    Kann een an engems Tëlee kucken an chatten oder surfen? Natierlech, vill vun eis maachen et all Dag. Mä wat kréie mer nach mat, wa mer e puer Medie gläichzäiteg kucken? 
    Chatten oder surfen, während d'Tëlee leeft, dat ass net nëmme fir Jonker eng alldeeglech Praxis. 
    Multiscreening: e Fall fir d'Mediefuerschung. D'Renée Wagener schwätzt mat der Kommunikatiounswëssenschaftlerin Anouk Siebenaler iwwert d'Gewunnecht vum Multiscreening an hir Konsequenzen.
    0 min
  • Déi Gutt, déi Béis an déi Friddlech?
    Am Nationalmusée weist eng Expo, wéi Lëtzebuerg sech am Kale Krich tëscht den zwou Supermuechten USA an UdSSR positionéiert huet. Géint de breede Konsens fir déi pro-amerikanesch Politik vun der Regierung huet sech just d’Kommunistesch Partei gewiert. Mä vun de Siwwenzegerjoren un, hunn ëmmer méi Leit Oprëschtung a Blockdenke kritiséiert. D’Renée Wagener am Gespréich mam Curateur vun der Ausstellung "De Kale Kirch zu Lëtzebuerg", dem Régis Moes.
    30 min
  • Wat steet dann eigentlech dran am Artuso-Rapport?
    D'lescht Joer koum den Artuso-Rapport eraus, iwwert d’Roll vun der Verwaltungskommissioun an der Exil-Regierung am Zweete Weltkrich bei der Juddeverfolgung zu Lëtzebuerg. Den Historiker Vincent Artuso huet domat en Optrag vun der Regierung ausgefouert, déi wollt d’Fro klären, wéi sech déi Lëtzebuerger Autoritéite géintiwwer der Juddeverfolgung verhalen hunn. Huet d‘Verwaltungskommissioun wëllentlech doru kollaboréiert oder huet si ënner Zwang verschidde Moossnamen ausgefouert? A wat war d’Roll vun der Exil-Regierung, déi den 10. Mee 1940 geflücht war?
    D’Renée Wagener schwätzt mam Vincent Artuso iwwert seng Recherchen a seng Approche: Firwat huet hien zum Beispill och iwwert d’Aarbecht vun der Lëtzebuerger Administratioun an den Drësseger Jore recherchéiert? Opgrond vun de Conclusioune vum Rapport stellt sech d’Fro, wéi sech Lëtzebuerg am europäesche Kontext situéiert, souwuel wat d’geschichtlech Faiten, wéi och, wat den Ëmgang mat der Geschicht ugeet.
    30 min
  • D'Affaire "Buergfrid"
    D’Affaire "Buergfrid" huet viru méi wéi véierzeg Joer d’Lëtzebuerger Gesellschaft an Otem gehal. Eng Ministesch gouf dowéinst geschleeft an huet schliisslech demissionéiert. Wat ass den historesche Stellewäert vun dëser Affaire? Anekdot oder signifikativ fir eng Epoch vun der Lëtzebuerger Politik? D'Pascale Oberlé, Invitée beim Renée Wagener, huet dozou historesch Recherchë gemaacht.
    30 min
  • United we stand?
    D'Aarbechtswelt huet sech verännert. An der Aarbechtswelt vun haut mussen d’Gewerkschafte sech selwer moderniséieren, wa se wëllen hir Schlagkraaft an hir Membere behalen. De Politolog Adrien Thomas huet ënnert d’Lupp geholl, wéi d’Gewerkschaften an den USA, a Frankräich an Däitschland an zu Lëtzebuerg sech zu deene Problemer stellen. D’Renée Wagener ënnerhält sech mam Wëssenschaftler.
    30 min