Juuubel

Juuubel

By Jules Serrig, David Kayser, EldoradioComedySociety & CultureLeisure
Download on the App Store

Juuubel episodes

  • Episod 24: De Schnelltest-Fail
    De Serrig erzielt vu sengem éischten Erliefnes am Restaurant a senge Schwieregkeete mam Schnelltest, wärend den David e Fazit aus senger éischter Impfung zitt. Doniewent froen déi Zwee sech op d’Impfung iwwerhaapt wierkt, wann een op déi obligatoresch Impf-Foto dono verzicht?
    29 min
  • Episod 23: Barbie & Ken
    Wann de Serrig an den David iwwert Dokter Sommer, d’Barbie an de Ken an d’Melusina schwätzen, dann ass et genee esou verréckt wéi an ale Radioszäiten. Doniewent schwätze si vun hirem éischte Besuch op der Terrass, d’Impfung an iwwert d’Léift, déi wéi eng Drog ass.
    26 min
  • Episod 22: Mahalu
    De Serrig an den David feieren d’Ouverture vun den Terrassen, verbonne mam Schnéi an der äiseger Keelt zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwert d’Gesondheet vun der Gesondheetsministesch. Doniewent kommen Auswandergedanken op, a si froen sech wat e Schwangerschaftstest bei engem Mann kann ausléisen.
    27 min
  • Episod: 21 Läichen am Keller
    De Serrig an David schwätzen iwwert hir Concertserfarungen, grouss Nimm déi si interviewt a live gesinn hunn. Ma och déi fuerchtbar séier Impfcampagne zu Lëtzebuerg, wéi och e Geheimtipp fir méi séier un d’Rei ze kommen, sinn en Theema. A si Zwee maachen eng Doftanalys an erklären Iech wisou äre Parfum Geldverschwendung ass!
    26 min
  • Episod 20: De gëllene Fausti
    De Serrig an den David schwätzen iwwert eng Lëtzebuerger Ikon, déi eis verlooss huet an erzielen hir Fausti-Anekdot.
    Doniewent lafen d’Orangen iwwert de Maart an et geet bis op Randschelt meditéieren. Och eng Oktopus-Doku - wien wonnert et - an den neien Obama-Podcast sinn Theema.
    27 min
  • Episod 19: The flying Dog
    De Serrig war an d’Sonn an den David freet sech op de Super Bowl. Dat hält déi Zwee awer net dovun of an hirem Podcast iwwert fléiend Hënn, Oktopussen, eng Banannerepublik, e Corona-Anal-Test an eng Nuddel-Chartbreaker-Traditioun ze schwätzen.
    26 min
  • Episod 18: Under Construction
    An hirer éischter Episod vum neie Joer schwätzen de Serrig an den David iwwert Silvester am Bett, Leit déi mam gudde Beispill misste virgoen, 10 Liter Glühwäin an den eelste Bam vu Lëtzebuerg!
    27 min
  • Episod 17: Chrëschtdag oder Sex?
    An hirem leschte Podcast vum Joer kucken de Serrig an den David op déi Spréch zeréck bei deenen ee net weess, ob Chrëschtdag oder Sex gemengt ass.
    Ma och d'Aweiung vum Tram, eng Wëndel an d’Thema Ersetzen an de Schoule ginn ugeschwat.
    27 min
  • Episod 16: De Fitness Home Office!
    De Serrig an den David bréngen de Fitnessstudio bei Iech heem. Donieft ënnerhale si sech iwwert hire Moien um Maart, Star Wars ass en Thema wéi och d’Disko, déi mam Alter zu Apdikt gëtt. A wann dir da nach net genuch sollt hunn, da lauschtert dem David senger Bluttspender-Panne no. Um Enn dierf dir dann och de Kleesche matsangen.
    26 min
  • Episod 15: Ëmgedréinte Mikrowell
    De Serrig presentéiert d’Erfindung vum Joer, wärend den David wéi den Donald Trump ass a seng Néierlag - am Schnick-Schnack-Schnuck - net wëll agesinn!
    Si diskutéieren iwwert d’Stonnen déi Männer op der Toilette verbréngen, wullen a Vinyls-Placken an eng al Radio-Geschicht iwwert en Espresso an e Feieralarm ass och Thema..!
    27 min

About Juuubel

From the publisher's feed

De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch...…