Juuubel

Juuubel

By Jules Serrig, David Kayser, EldoradioComedySociety & CultureLeisure
Download on the App Store

Juuubel episodes

  • Episod 14: Ass et eng Buermaschinn oder e Fliger?
    De Serrig an den David setze béid rëm am Home Office an hunn e puer Internetschwieregkeeten. Huet villäicht een den Internet mat der Buermaschinn gekappt..? Donieft stellen déi sech d’Fro wéi si als Pilote géifen ukommen…? Brong Kéi an d’Amerikaner sinn och en Thema.
    26 min
  • Episod 13: Episod wéi vill..?
    E Skandal an der Kaffiswelt gëtt opgedeckt! Dobäi mierkt den David, datt de Serrig hien vermësst. An déi Zwee erënnere sech un hier Dommheeten aus der Schoulzäit zeréck. Op si e gutt Virbild waren...?
    26 min
  • Episod 12: D'Igel-Retter
    De Serrig an den David entpuppe sech als Déierefrënn. Virun allem d'Kéiseker hunn hinnen et ugedoen. Si schwätzen iwwert Covid-Léift, Hoer déi eis Miere retten an den David erzielt fir déi gefillten éischte Kéier a sengem Liewen e Witz!
    26 min
  • Episod 11: Listen, the restart
    De Serrig an den David tauschen sech no enger langer Summerpaus fir eng éischte Kéier mol rëm aus. Dobäi hëlt hiert Gespréich eng sexuell Richtung an, déi esou net geplangt war. Och Las Vegas a seng gëlle Reegel: "What happens in Vegas stays in Vegas", sinn en Thema.
    24 min
  • Episod 10: Drénks de Mousel?
    De Serrig an den David ginn iech alternativ Spiller fir doheem am Gaart oder op enger flotter Wiss. Vu Risemikado bis Wikingerschach alles dobäi. Donieft stelle sech si sech der Aventure Autokino a si geheien op der Mousel den Anker.
    33 min
  • Episod 8: Diego
    Endlech! De Serrig & David hu sech no Méint vum Confinement endlech rëm getraff. Dobäi hu si bal vergiess e Podcast opzehuelen. Vun hirem Format "Mini-Podcast" ass dann ausnamsweis och keng Ried méi. An dëser Episode léier dir iwwerdeems den Diego kennen!
    39 min
  • Episod 7 - Macrophilia
    An der 7. Episod vu Juuubel geet et ëm d’Zäit an eng Lokomotiv. Ma Villes dréint sech ëm e Sexpodcast a Fetischen! Vu Macrophilia iwwer Salirophilie bis hin zu der Nasophilie gëtt alles thematiséiert. Wéi ee Fetisch hutt dir…?
    30 min
  • Episod 6 - Happy Hour
    De Serrig & David huelen Iech an dëser Editioun mat op d’Terrass, stelle sech ganz fréi de Wecker a ginn Iech e gudde Grond wisou ee net mam Toilettëpabeier spille sollt.
    23 min
  • Episod 5 - Back To Radio
    E Joer no hirer leschter Radioshow, kucken de Serrig & den David op hir gemeinsam Zäit zréck. Et geet ëm grouss Momenter, ma awer och ëm Nervositéit, Gedanken an der Dusch a villes méi.
    Um Enn vum Podcast huet de Serrig eng ganz geckeg Iddi.
    27 min

About Juuubel

From the publisher's feed

De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch...…