Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Polen depenaliséiert Avortement - a bestëmmte Fäll
    Dat polnescht Parlament huet dës Woch d'Depenaliséierung vum Avortement gestëmmt fir all déi Fäll, wou et beim Foetus staark gesondheetlech Schwieregkeete ginn.
    Fir Fraerechtler gëllt dëst als e grousse Fortschrëtt an engem vun den europäesche Länner mat de strengsten Anti-Ofdreiwungsbestëmmungen.
    0 min
  • Presserevue vun 07:15
    De Sozialdialog dee nees lieft, d'Timeline vun der Affär Wilmes a Schutz virun Hackerattacken: Dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
    5 min
  • Internationaalt Strofgeriicht: Ass d'EU prett, op Konfrontatioun ze goen?

    D’Europäesch Unioun sollt sech méi staark fir dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag asetzen. Dofir mécht sech d’Europaparlament staark. Déi rezenten Annoncen aus den USA, weider Sanktioune géint déi international Cour pénale zu Den Haag ze verhänken, dierft d’EU net weider toleréieren, huet et en Dënschdeg an enger Debatt an der Plenière zu Stroossbuerg geheescht. Well déi Sanktiounen och Auswierkungen op Bierger an Entreprisen an der EU hunn, misst elo méi däitlech dorop reagéiert ginn, esou den Appell. Mee ass d’EU prett, op Konfrontatioun mat den USA ze goen? Verschiddener, wéi och de Lëtzebuerger Premier wëllen d’éischt weider op den Dialog setzen. D’Danièle Weber iwwert déi Debatt, déi och Enn der leschter Woch um EU-Sommet gefouert gouf.

    An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

    5 min
  • Groussen Interessi um zweete Pensiounsdag zu Diddeleng
    288 Persounen hate sech fir déi zweet Editioun vum Pensiounsdag zu Diddeleng fir eng individuell Berodung ugemellt. Vill vun hinne wollte gewuer ginn, wéini si an d'Pensioun kënne goen a wéi eng Konsequenzen déi nei Pensiounsreform fir si huet. D'CNAP betount d'Wichtegkeet vun der perséinlecher Berodung. D'Sozialministesch Martine Deprez mécht iwwerdeems kloer, datt weider Diskussiounen iwwer d'Zukunft vum Pensiounssystem néideg bleiwen.
    4 min