Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Serge Wilmes op der COP17: Wéi gesäit dem Minister säi Bilan aus?
    Am armeenesche Jerewan ass zënter dem 19. an nach bis den 30. Oktober déi 17. Biodiversitéitskonferenz COP17. 195 Staate plus d‘EU si vertrueden. Si sollen dofir suergen, datt an der Suite vun de Konferenzen zu Montreal, Cali a Roum déi 23 konkreet Ziler ëmgesat ginn, déi ee sech deemools virgeholl hat. Dozou gehéiert ënner anerem de Schutz fir 30 Prozent vun der globaler Surface bis d‘Joer 2030. Wärend zwee Deeg war och de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes op der Plaz.
    6 min
  • Neien Ulaf fir iwwer d’Ofschaafe vun der Zäit-Ëmstellung ze diskutéieren?
    D'Auer gouf gedréint an net jiddweree freet sech doriwwer. D’Zäit-Ëmstellung ass europäesch gereegelt. Si sollt schonn emol ofgeschaaft ginn, dofir hat sech ënner anerem de Jean-Claude Juncker a senger Zäit als Kommissiounspresident agesat.
    Mee d’Debatt stécht zënter 2018 fest.
    Een, deen se nei un d'Rulle brénge wëllt, ass de Peter Liese, dee fir d’CDU am Europaparlament - hien huet ee Bréif un d’Transportministere geschriwwe mam Appell, et wier un der Zäit, sech nei unzestrengen, fir een Accord ze fannen. A mat him schwätze mir am Moiesstudio.
    10 min
  • Wéi ass de Ballon d’Or zum gréisste Präis am Weltfussball ginn?
    Kylian Mbappé, Lamine Yamal, Harry Kane oder awer vläit nees de Lionel Messi? Déi Fro wäert den Owend bei der 70. Präisiwwerreechung vum Ballon d’Or zu London beäntwert ginn. Mee wéi ass et eigentlech dozou komm, datt de Präis fir de beschte Fussballspiller, a mëttlerweil och Fussballspillerin, vun enger franséischer Sportzeitung zum prestigiéisten am Weltfussball ginn ass. De Jo Welfringer huet dat fir eis recherchéiert
    4 min
  • Manifestatiounen a Frankräich
    Frankräich huet e weidere Weekend mat grousse Protester "contre la vie chère" an d'Regierung ëm de franséische President Macron hannert sech. Op d'mannst 410.000 Leit sinn am ganze Land op d'Strooss gaangen. Mee wat sinn d'Revendicatioune vun de Manifestanten, déi bei wäiten net méi just Schüler a Studente bestinn?
    9 min
  • Lafe bis et net méi geet: Déi éischt Backyard-Course zu Lëtzebuerg
    Beim stiermesche Wierder de Weekend hu sech et vill Leit bestëmmt doheem gemittlech gemaach a mol net dru geduecht, e Fouss virun d’Dier ze setzen. Net awer eng 250 Leeferinnen a Leefer, déi de Weekend zu Käerch duerch de Bësch gelaf sinn, dat an der Nuecht bis an déi fréi Moiesstonnen eran an doriwwer eraus. Do huet nämlech speziell Lafcourse stattfonnt: Den éischte Backyard Trail hei am Land. Wat dat genee ass a wat et de Leeferinnen a Leefer alles ofverlaangt, dat war sech de Jo Diseviscourt ukucken.
    6 min
  • Presserevue
    Mat ë.a. de Sujete Bedruch géintiwwer Gemengen, Cybersécherheet, Recht op Wunnen a belsch Autobunnsvignette
    4 min
  • Mat 1 PS duerch de Bësch
    Wann een dëser Deeg am Bësch ënnerwee ass, dann héiert ee manner d’Villercher päifen, mee éischter d’Geknadders vu Motorseeën – op ville Plaze sinn d’Bëschaarbechter amgaang mat schaffen. Deels mat schwéiere Maschinnen, deels awer och mat Hëllef vu Véierbeeneger: D’Ardennerpäerd ginn nees ëmmer méi dacks agesat, fir de Mënsch bei den Aarbechten am Bësch ze ënnerstëtzen. De Kompetenzzenter fir Schaffpäerd op der Robbesscheier zu Munzen suergt dofir, datt dat joerhonnertenaalt Wëssen iwwer d’Schaffe mat de Kalblidder virugi gëtt. Den Haaptresponsabele Charel Braquet huet d’Paule Rodesch op der Robbesscheier mat bei d’Päerd geholl, fir déi Aarbecht méi genee ze erklären.
    17 min