Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Besatzungsmuecht Lëtzebuerg: Wéi de Grand-Duché Deeler vun Däitschland besat hat

    Déi zwee däitsch Landkreesser Bitburg a Saarburg goufen nom Zweete Weltkrich 10 Joer vun der Lëtzebuerger Arméi kontrolléiert.

    Den Historiker Felix Streicher huet doriwwer gefuerscht an zielt am 100,7-Interview, wéi et dozou komm ass, wat d'Arméi genee gemaach huet a virun allem: Wéi war d'Verhältnis mat den Däitschen.

    E spannenden Abléck an een Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht, dee bis elo net esou erfuerscht war, an op deen ee vläicht och net esou houfereg ka sinn.

    14 min
  • Den Opus mat der "Lauschter Lounge" op der Studentefoire
    Den Opus, de klassesche Schwësterprogramm vum Radio 100,7, bitt op der Studentefoire mat der “Lauschter Lounge” eng Méiglechkeet, eng Paus vum Trubel ze maachen. Mat enger spezieller Playlist mat klassescher Musek wëllt eise Musekssender deene Jonken hëllefen, sech ze entspanen a gläichzäiteg den Interessi u klassescher Musek e bëssen erwächen. D’Sophie Schroeder war fir eis sur place fir sech dat méi genee unzekucken.
    6 min
  • Lëtzebuerg bei de Youth Olympic Games am Senegal aus zwou Perspektiven
    Muer fänkt am Senegal déi véiert Editioun vun de Youth Olympic Games un. Nach eng zimmlech nei Competitioun a wéi den Numm et scho seet, eng Zort Olympesch Spiller fir d’Jugend. Fir Lëtzebuerg sinn do d’June Nothum um Vëlo, den Aaron Sahr am Dëschtennis an den Triathleet Emile Vanolst mat dobäi. Mee net nëmmen um sportlechen Terrain sinn am Senegal Lëtzebuerger aktiv, wéi de Jo Welfringer erausfonnt huet.
    0 min
  • Oneenegkeet an der Union syndicale
    Den OGBL begréisst d'Enn vum Tankrabatt nom Februar 2027. Den LCGB hätt léiwer gehat, d'Mesure wier bis d'Enn vum nächste Joer verlängert ginn. Wat bedeit deen Désaccord fir d'Gewerkschaftsunioun? Dat froe mir de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond, Patrick Dury.
    0 min
  • Studentefoire 2026: Méi Méiglechkeeten, mee och méi Erausfuerderungen
    D'Studentefoire ass fir hir 40. Editioun zeréck um Kierchbierg. Dës Kéier an der Coque a mat engem erweiderte Konzept. Iwwer 180 Aussteller presentéiere Studien- a Beruffsperspektiven. Nieft den Universitéite sinn och Betriber an aner Organisatioune vertrueden. Am Live-Gespréich vum Radio 100,7 ginn d'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an d'Jo-Anne Maathuis vun der ACEL op dat neit Konzept an déi aktuell Erausfuerderungen am Héichschoulberäich an.
    16 min
  • Verlängerung vum Tankrabatt: "Een Zeeche vu Verantwortungslosegkeet"
    Ginn déi staatlech Energiesubventiounen am neie Joer verlängert? D'Regierung (CSV/DP), d'Gewerkschaften an d'Patronat kommen haut an der Tripartite zesumme fir doriwwer ze verhandelen. De Premier Luc Frieden (CSV) hat d'lescht Woch gesot, haut sollt gekläert ginn, wéi déi aktuell Mesurë géint d'Inflatioun verlängert ginn.
    Wann d'Regierung géif den Tankrabatt um Diesel an um Bensinn verlängeren, da géif se weisen, datt se net kapabel ass, Verantwortung fir d'Land z'iwwerhuelen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Commentaire.
    4 min