Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Filmtipp: "Boxing Stories"
    A sengem ganz perséinlechen Documentaire setzt sech den Alain Tshinza mat der Lëtzebuerger Boxgeschicht an der kongoleesescher Diaspora auserneen. Et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
    0 min
  • Presserevue vu 07:15
    D'Cyberattacken op Frigoen a Killtruen a Supermarchéen zu Lëtzebuerg, d'Militärdepensen, déi méi héich ausfale wéi geplangt, an d'Sich no Immobilien déi staark klëmmt sinn Theemen
    5 min
  • Leschte Countdown fir d'Midterms an den USA
    Muer gëtt an den USA gewielt. D'Mëttmandatswale sinn eng Méiglechkeet fir d'Demokratesch Partei, de Pouvoir vun de Republikaner am amerikanesche Kongress ewegzehuelen. Den US-President Donald Trump probéiert mat all senger Muecht d'Wieler ze iwwerzeegen, datt seng Republikaner an der Majoritéit bléiwe sollen, mee d'Demokrate weisen sech optimistesch.
    Eise Korrespondent, Philip Crowther suivéiert dës Walen am Schlësselstaat Michigan a mellt sech vun Detroit an de Studio.
    6 min
  • No Récktrëttsfuerderung: Wäert den Déifferdenger Schäfferot zerécktrieden?
    D’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng.
    Als Rappel: am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwert dee Wee haten si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam ArchitektebürD’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng.
    Als Rappel: Am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwer dee Wee hate si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam Architektebüro opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Ëffentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn.
    DP, déi gréng an déi Lénk werfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënner den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.o opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Effentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn.
    DP, déi Gréng an déi Lénk wäerfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënnert den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.
    10 min
  • Hanner de Kulisse vun engem Beruff tëschent Doud an Trouscht
    Op de Kierfechter ginn d'Griewer gebotzt, Blummen nei arrangéiert a Käerzen ugefaangen. Et ass d’Zäit em Allerhellegen an Allerséilen. Famillje kommen zesummen, fir un déi ze denken, déi net méi do sinn. Mee net all Begriefnes gesäit haut nach esou aus wéi fréier. D'Feierbestattung gëtt ëmmer méi heefeg – an dat verännert och d'Aarbecht vun de Bestattungsbetriber. Mee wat geschitt eigentlech hannert de Kulisse vun engem Begriefnes? A wéi ass et, Mënschen an hire schwieregste Momenter ze begleeden? De Moris Garzaro war bei Erasmy zu Hamm an huet mat der Rachel Weber iwwer hiren Alldag geschwat
    4 min
  • Presserevue vun 08:15
    An den Zeitungen ass et haut den Opruff fir op d'Strooss ze goe fir géint d'Wunnengskris ze protestéieren, ze laang scho géifen d'Leit sech ze vill gefale loossen
    4 min
  • Jugendprotester an Däitschland
    An Däitschland sinn iwwert de Weekend zéngdausende virun allem jonk Leit op d’Strooss gaangen. Si hu fir besser Bildung, géint déi héich Liewenskäschten a géint d’Wehrpflicht demonstréiert. An obwuel et a vereenzelte Stied zu Ausschreidunge koum, ass de Bilan vun de Jugendprotester däitlech manner grave wéi op anere Plazen. Firwat ass dat esou? Doriwwer schwätze mir mat eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.
    5 min
  • Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel
    Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt, datt déi europäesch Automobilindustrie doduerch kéint den Zuch verpasse bei der Energietransitioun.
    11 min
  • Presserevue vu 07:15
    Well d'Zuel vun den Asätz klëmmt muss de CGDIS ëmmer méi Leit astellen a seng Krittären änneren, de Staatsexame soll geännert ginn an et solle méi Fraen agestallt ginn
    5 min