Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Working-poor: Arm trotz Vollzäitjob
    Lëtzebuerg ass ee vun de räichste Länner an Europa, mee eng Aarbecht schützt net automatesch virun Aarmut. D’Sandra schafft 40 Stonnen d’Woch an zitt hir Kanner eleng grouss. Loyer, Energie an aner fix Käschte loossen um Enn vum Mount kaum Spillraum. An der Reportage erzielt si, wou si am Alldag spuere muss – an hire Jong Max, wéi d’finanziell Situatioun seng Kandheet gepräägt huet.
    6 min
  • Op der Sich no der Wourecht
    Hutt Dir Iech scho mol d’Fro gestallt wéi et ass, als Journalist ënner Zäitdrock en Artikel oder ee Bäitrag ze schreiwen an deem och all d’Fakte stëmmen? Am RTL Gebai um Kierchbierg kann ee genau dat ausprobéieren, an zwar an der  interaktiver Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous". Dora geet et drëm, ee Gefill fir den Ëmgang mat Informatioune ze kréien. Iwwert de Wee vu verschiddene Spiller an Aufgaben gëtt är Mediekompetenz gepréift a gewise wéi Falschinformatiounen verbreet, mee och erkannt kënne ginn.
    4 min
  • Onsécherheet op der Feierbakterien Infoversammlung
    D’Stëmmung op der Informatiounsversammlung vum Ministère zu de Feierbakterien war allgemeng ugespaant. An och nodeems d’Experte vum Ministère vill erkläert haten, waren nach vill Froe vun den Awunner vun der betraffener Muselgéigend oppen. Op all d'Planzen, déi mat den Eeër vun den Zikade befall sinn, kënne fonnt ginn an d’Verbreedung sou gestoppt ka ginn, ass den Ament nach net kloer.
    5 min
  • Konjunkturflash Oktober 2026
    De PIB zu Lëtzebuerg ass no eischten Aschätzungen am zweeten Trimester dëst Joer em 0,9 Prozent am Verglach mam éischten Trimester zréckgaangen, dat deelt de Statec am neie Konjunkturflash mat.  De Konjunkturflash hat negativ a positiv Säiten. Negativ ass d’Previsioun, dass d’Käschte vun Energie, Technologie a Liewensmëttel klamme wäerten, positiv ass déi nei Bewäertung vum Wuesstem vun de leschten zwee Joer.
    De neie Berechnungen no, ass de Haussse vum PIB 2024 a 25 no uewe revidéiert ginn. 2024 vun 0,3 Prozent op 2,0 Prozent an 2025 vun 0,6 Prozent op 1,4 Prozent.
    5 min
  • Woch vun der Demokratie: Nei Schülercomitéen an de Lycéeën
    An der École internationale Gaston Thorn kandidéiere méi wéi 20 Schüler fir déi 13 Plazen am Comité. Si wëllen ënner anerem méi Aktivitéiten organiséieren an d’Schülerinteresse besser vis-à-vis vun der Direktioun vertrieden. De Comité huet an de leschten zwee Joer ënner anerem e Gaart an e Jugendtreff matgestalt. Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) betount, datt d'Schüler Demokratie net nëmmen an der Theorie, mee och an der Praxis sollen erliewen.
    5 min
  • Serbien no de Walen: Wou steet d’Studentebeweegung politesch?

    A Serbien huet e Sonndeg d’Studentebeweegung bei de Parlamentswalen eng absolut Majoritéit geholl. Virun zwee Joer ass d’Beweegung aus de Protester géint den autoritäre Regimm vum Aleksandar Vučić a seng rietspopulistesch Partei SNS entstanen. Bei de virgezunnene Walen e Sonndeg krut se bal 53 Prozent vun de Stëmmen a schéckt d’SNS, déi elo 14 Joer un der Muecht war, an d’Oppositioun. Mee wou steet d’Studentebeweegung politesch a wéi geet et am Land elo weider? A wéi steet d’Beweegung zur EU an zu de Russland-Sanktiounen?

    5 min
  • De relationelle Benevolat stäerken
    D'Agence du Bénévolat probéiert Leit ze motivéieren, fir en Deel vun hirer Fräizäit mat Mënschen, déi wéineg soziale Kontakt hunn, ze deelen. Hire President Marc Thill ass Invité.
    12 min
  • De Benevoll Henrik schenkt seng Zäit eelere Mënschen
    D'Agence du Bénévolat wëll de sougenannte relationelle Benevolat zu Lëtzebuerg ausbauen. Dobäi geet et drëm, Mënschen Zäit an Opmierksamkeet ze schenken an esou der Einsamkeet entgéintzewierken. D'Sophie Schroeder huet de Fräiwëllegen Henrik am Dagesfoyer vun Zithamobil begleet.
    7 min