Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden. Dorënner ass Alzheimer déi heefegst. Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d’ALA – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Belaange vu Mënsche mat Alzheimer. Nieft der Berodung vu potentiell Erkrankten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheemer hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen.