Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren
    De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg. D’Vëloscourse vu 5 Deeg huet mëttlerweil eng fest Plaz am Rennkalenner vun de Cyclisten an ass fir verschiddener vun hinnen d’Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft, déi vu nächster Woch un a Kanada gefuer gëtt. Mir hunn de President vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck, am Virfeld ënner anerem gefrot, firwat dëst Joer méi am Norde gefuer gëtt wéi nach an de leschte Joren.
    8 min
  • Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"?
    Haut hält d’Kommissiounspresidentin am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun. Dat ass all Joer ee grousse Rendez-Vous, an d’Erwaardunge sinn des Kéier besonnesch héich.
    Dorun ass an éischter Linn och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold.
    Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen, d’Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien.
    Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Wëll déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn.
    Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif - an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerten soll.
    7 min
  • De Bléck zeréck op déi eege Rentrée
    De 15. September ass jo all Joer d'Rentrée hei zu Lëtzebuerg. Fir Dausende vu Schüler:inne geet domadder nees de Schoulalldag lass. De Simon Larosche huet mat Senioren a Seniorinnen driwwer geschwat, wéi si hiren éischte Schouldag erlieft hunn.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag