Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Stock-Car: Eng Welt fir sech
    Wann an enger Autoscourse zwee Autoen anenee knuppen ass an der Reegel fir béid Pilote Schluss. Mee beim sougenannte Stock-Car geet d’Course da réischt esou richteg lass. Sech géigesäiteg dréinen an op d’Kopp geheien ass hei nämlech ausdrécklech erwënscht a gewanne mécht och net onbedéngt deen, deen als éischt duerch d’Zil fiert.Zu Rammerech war um Sonndeg déi lescht Course vum Joer.
    0 min
  • Gravelbiken: Vum Trend bei d'Kompetitioun
    Gëschter war zu Hesper dat éischt nationaalt Championnat am Gravelbiken. Wéi ass de Bilan a wou steet déi haaptsächlech geselleg Sportaart hei am Land? Mir froen de Scott Thiltges an de Pol Weisgerber vum Vëlosklubb "Le Guidon" vun Alzeng, dee fir d'Organisatioun vum Event zoustänneg war.
    0 min
  • "Plattform fir Demokratie": déi Lénk, ADRenalin an d’Pirate reagéieren
    Déi nei "Plattform fir Demokratie" gouf vu siwe jonke Politiker aus CSV, DP, LSAP an déi gréng gegrënnt. Si wëllt demokratesch Institutioune stäerken, géint Desinformatioun virgoen an d’Qualitéit vum ëffentlechen Debat verbesseren. Déi Lénk, d’Piraten an d’ADRenalin sinn net dobäi. Si kritiséieren ënner anerem déi sozial-ekonomesch Ausriichtung, méiglech Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet an d’Zesummesetzung vun der Plattform.
    4 min
  • Haut viru 25 Joer stoung "America under attack"
    Haut op den Dag viru 25 Joer hunn d‘USA déi schlëmmsten Terrorattack an hirer Geschicht erlieft: 2.996 Leit sinn ëm d‘Liewe komm an iwwer 6.000 goufen der blesséiert, wéi zwee Passagéierfligeren an d‘Tierm vum World Trade Center geflu sinn, eng drëtt an de Pentagon gesteiert gouf an eng véiert iwwer Pennsylvania erofgefall ass.
    6 min
  • No 3 Woche Fouer ass fir d'Forainen nees Zäit anzepaken
    Mam grousse Freedefeier e Mëttwoch den Owend ass déi 683. Editioun vun der Schueberfouer op en Enn gaangen. Bis eng Auer konnt een dunn nach e leschten Tour iwwer de Glacis maachen éiert dee fir de Public gespaart gouf. Wie mengt, datt et dono um Glacis méi roueg gëtt, deen iert sech awer, well mam Schluss vun der Fouer ginn d'Ofbauaarbechte lass. De Pit Beffort war gëschter Moie fir eis mat dobäi an huet sech erkläre gelooss, wéi den Ofbau vum Riserad ofleeft.
    9 min
  • Summerschool zu Miersch: Däitsch ass besonnesch gefrot
    Nach wärend der Summervakanz sëtzen zu Miersch schonn nees Kanner am Klassesall. An der Summerschool widderhuele si Däitsch, Franséisch oder Mathematik a schaffen dobäi a klenge Gruppen an un individuell ugepassten Aufgaben. Besonnesch d’Däitschcoursë sinn dëst Joer staark gefrot. Firwat dat esou ass, wéi d’Coursë gestalt ginn a wat eng Woch Summerschool de Kanner brénge kann, weist eis Reportage aus der Primärschoul Nic Welter zu Miersch.
    5 min
  • Bléck zeréck: Vun Orgien, Konscht an Zensur
    Den 11. September 2002: 30 Stonne virum Vernissage gëtt dem Heinz Cibulka seng Ausstellung "Bildgenerationen" an der Konschtgalerie "Am Tunnel" ofgesot. Wat war geschitt a firwat hunn dem éisterräichesche Kënschtler seng Fotoe fir esou vill Opreegung gesuergt? Dat verréit eis eisen Archivist Gilles Schreurs.
    6 min
  • Haut viru 25 Joer stoung "America under attack"
    Haut op den Dag viru 25 Joer hunn d‘USA déi schlëmmsten Terrorattack an hirer Geschicht erlieft: 2.996 Leit sinn ëm d‘Liewe komm an iwwer 6.000 goufen der blesséiert, wéi zwee Passagéierfligeren an d‘Tierm vum World Trade Center geflu sinn, eng drëtt an de Pentagon gesteiert gouf an eng véiert iwwer Pennsylvania erofgefall ass.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag