Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Virun 100 Deeg huet RTL de Pay-TV-Sender Sky Däitschland iwwerholl
    Dat mam Zil sech ze positionéieren op engem Marché, op deem global Acteure wéi Netflix oder Amazon Prime Video sech ëmmer méi breet maachen. Et wier en Deal, dee strategesch gesinn Sënn maache géif, deen awer net ouni Risiko wier, seet den däitsche Medie-Beroder Bernt von zur Mühlen, dee jorelaang fir RTL geschafft huet.
    13 min
  • Fraesport: Sparta Bartreng an Escher VC zéien hir Ekippen zeréck
    Am Volleyball an am Basket leeft d’Prepartioun fir déi nei Saison. Mee an den héchsten Divisioune ginn et ongewinnt Changementer: Den Escher Volleyballclub hat nämlech ugekënnegt fir d’nächst Saison esouwuel bei den Dammen, wéi bei den Hären net méi an der héchster Divisioun unzetrieden. Am Basket war et de Coupegewënner Sparta Bartreng, dee seng Dammenekipp komplett aus dem Championnat zeréckgezunn huet. D'Veräinspresidenten erklären d'Hannergrënn vun hirer Decisioun.
    5 min
  • Botzmëttel a Kachgeschier op der Schueberfouer
    Muer ass d’Schueberfouer schonn nees eriwwer. 20 Deeg laang konnt Grouss a Kleng sech um Glacis ameséieren an déi eng oder aner Schnékegkeet genéissen. A fir vill Leit ass dat Schéinst un der Fouer d’Allée Scheffer. Do, wou ee vum Bräiläffel iwwer Botzmëttel bis Kleeder villes ze kafe kritt. Verschiddener vun deene Stänn si scho jorzéngtelaang mat vun der Partie. Wéi erliewen d’Reesender d’Schueberfouer? Dat huet d’Sté Bisenius fir eis nogefrot.
    9 min
  • Jonglënster: Erëmopbau vun der Gemeng kéint 2029 ofgeschloss ginn
    Aktuell sinn d'Sanéierungsaarbechten amgaangen, erkläert de Buergermeeschter Ben Ries. Grouss Deeler vun de Gebailechkeete waren Ufank 2024 bei engem Groussbrand zerstéiert ginn. Et hat bal zwee Joer gedauert, bis d'Gemeng sech mat den Assurancen eens war - dem Neiopbau steet awer elo wéi et schéngt näischt méi am Wee.
    5 min
  • Bidirektionaalt Luede vun elektreschen Autoen
    Mam bi-bidirektionale Luede kënnen elektresch Autoen net just opgeluede ginn, mee et kann och Stroum an d’Netz zeréck gespeist ginn. Wärend de Sonnestonne kann sou zum Beispill den Auto opgeluede ginn. An der Nuecht, bei héijem Verbrauch, kann en de Stroum dann zeréckschécken. Esou kéinten d’Besëtzer vun den elektreschen Autoe Sue spueren an erneierbar Energien ënnerstëtzen. De Stroum Ubidder Enovos wëllt dës "Vehicle-to-Grid" Technologie an Zukunft testen.
    0 min
  • No AFD-Victoire a Sachsen-Anhalt
    Wéi grouss ass d'Verantwortung vum däitsche Bundeskanzler un dem schlechte Resultat vun der CDU a Sachsen-Anhalt? Wéi eng Konsequenze kritt dee Walowend eventuell fir de Friedrich Merz? Doriwwer schwätze mir mat eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.
    0 min
  • 20 Joer Anti-Tubak-Gesetz
    De 5. September 2006 ass dat éischt Anti-Tubak-Gesetz a Kraaft getrueden. Et ass – no de Wierder vum deemolegen LSAP-Gesondheetsminister Mars di Barolomeo – net drëm gaangen, géint d’Fëmme virzegoen. Mee déi Leit, déi net fëmmen, do virdrun ze schützen. Reklamme fir Tubakproduite ware vun do u komplett verbueden. Et ass strofbar ginn, fir Zigaretten u Jonker ënner 16 Joer ze verkafen. An et war net méi erlaabt an ëffentlech Gebaier oder a Restauranten ze fëmmen. Wéi en Impakt hat d'Gesetz a wéi huet et zënterhier evoluéiert? Mir hunn e Bléck an eis Archive geworf.
    0 min
  • Bidirektionaalt Luede vun elektreschen Autoen
    Mam bi-bidirektionale Luede kënnen elektresch Autoen net just opgeluede ginn, mee et kann och Stroum an d’Netz zeréck gespeist ginn. Wärend de Sonnestonne kann sou zum Beispill den Auto opgeluede ginn. An der Nuecht, bei héijem Verbrauch, kann en de Stroum dann zeréckschécken. Esou kéinten d’Besëtzer vun den elektreschen Autoe Sue spueren an erneierbar Energien ënnerstëtzen. De Stroum Ubidder Enovos wëllt dës "Vehicle-to-Grid" Technologie an Zukunft testen.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag