Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • PISA-Etüd: Wat soen déi Jonk?
    Mir froen de President vun der nationaler Schülerkonferenz CNEL, Luca Roettgers, wéi hien d'Resultater gesäit a wat senger Meenung no um Schoul-Unterrecht misst geännert ginn.
    11 min
  • Montenegro: Mat Lëtzebuerg als Virbild 2028 an d’EU
    Montenegro kéint dat Land sinn, wat als nächst Member vun der Europäescher Unioun gëtt.
    D’Land ass scho Member vun der NATO an huet och schonn zënter iwwer 20 Joer den Euro als Wärung.
    Dat hëlleft ... an ënner den EU-Kandidaten huet dat klengt Land mat eppes iwwer 600.000 Awunner:innen den Ament ouni Zweiwel déi beschte Kaarten.
    Säi Bäitrëtt kéint nach 2026 decidéiert ginn. Dat hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zejoert an enger Ried am Europaparlament gesot.
    Déi Previsioun war vläicht e bëssen ze vill optimistesch, mee et gëtt awer souwuel an der Europäescher Kommissioun, wéi am Europaparlament net als onprobabel ageschat, datt d’Land um Balkan 2028 als 28. Member opgeholl gëtt.
    D’EU-Ministerin vu Montenegro ass hirersäits iwwerzeegt dovun. D’Danièle Weber hat gëschter am Europaparlament d’Geleeënheet mat hir ze schwätzen.
    7 min
  • Rentrée am Stroosseverkéier
    D’Rentrée steet virun der Dier, an domat wäert och de Verkéier op de Lëtzebuerger Stroossen nees däitlech zouhuelen. Wéi gutt ass den nationale Stroossereseau dorop virbereet, wou ginn et aktuell nach Schwaachstellen a wéi staark hunn eigentlech déi héich Temperaturen aus de leschte Méint de Stroossebelag belaascht? Mir hu beim Direkter vun der Administration des ponts et chaussées, Roland Fox, nogefrot.
    0 min
  • Helikopter-Asaz fir méi Sécherheet op der Nordstreck
    Op der Nordstreck tëschent der Giewelsmillen a Kautebaach gi Metallnetzer un enger schwéier zougänglecher Fielswand installéiert. Fir déi 37 Netzer op d’Plaz ze bréngen, kënnt en Helikopter an den Asaz. D’Aarbechte sinn Deel vum preventiven Entretien vun der CFL a sollen verhënneren, datt sech Steng oder Fielsstécker léisen an op d’Gleise falen.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag