Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Filmtipp: "Garance"
    De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostip!
    3 min
  • Schach: eng mental a kierperlech Erausfuerderung
    Déi lescht Deeg gouf am Usbekistan déi 46. Schacholympiad gespillt. Mat derbäi war och d'Lëtzebuerger Nationalekipp, déi um Enn am Mëttelfeld ofgeschloss huet. De President vun der Lëtzebuerger Schachfederatioun, Olivier Jeitz, freet sech virun allem driwwer, datt dräi ganz jonk Schachspiller mat op Samarkand gereest waren. De Generatiounsproblem an de Lëtzebuerger Veräiner wier amgaang sech ze léisen.
    9 min
  • D'Pilze loosse wéinst der Dréchent op sech waarden
    Vu Mëtt August bis an de November eran hunn d'Pilzen Héichsaison – normalerweis. Dëst Joer ass dat anescht: Wéinst der Dréchent loossen déi beléifte Schätz aus dem Bësch op sech waarden. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir de Bësch a wéi eng Pilze profitéieren eventuell esouguer vum waarme Wieder? Doriwwer schwätze mir mam Lëtzebuerger Expert Fernand Schiltz.
    12 min
  • Neit Podcast Format: Den Zeenewiessel Portrait
    Eng Persoun, hiren Alldag, a mir sinn dobäi. Am Zeenewiessel Portrait kritt een eng subjektiv Perspektiv op dat wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet. An der éischter Episode kucke mir engem jonke Fierschter iwwert d’Schëlleren. De Cédric Farinon ass a sengem Alldag konstant domadder konfrontéiert, datt Beem krank sinn oder stierwen. Hie gesäit de Bësch awer net als Patient, mee als een Ierwen, dat iwwer Joerhonnerte weider gereecht gëtt. Seng Léift fir de Bësch huet de Cédric och geierft. Vu sengem Papp, dee rezent gestuerwen ass.
    Den Jamie Reinert huet d’Episode realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.
    5 min
  • Poopstvisitt zu Metz am Zeeche vu Fridden a Spiritualitéit
    Fir d’Zweete Kéier bannent kuerzer Zäit kënnt ee Poopst an d’Groussregioun, nom Poopst François dee virun zwee Joer zu Lëtzebuerg empfaange gouf, kënnt haut de Poopst Leo fir seng leschten Etapp op Metz. Zu Paräis an zu Lourdes war den Interessi extreem grouss. Op béid Plazen hunn eng Millioun Persounen un den zwou Massen Deel geholl. Och zu Metz ass de Mëtteg ënnert anerem eng Mass.
    6 min
  • Schwéierpunkt bis 2029: Kohäsioun a Benevolat
    D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn de leschte Weekend op hirem Kongress eng nei Verbandsspëtzt gewielt. Déi nei Ekipp geet hiert Mandat mam Slogan “Mir wuessen zesummen” un. Zwee vun de fënnef neie Cheffen, d'Aurélie Dell an de Charel Donven, sinn am Studio zu Gaascht, fir e wéineg an den Detail ze goen, wat si déi nächst dräi Joer konkreet wëllen ëmsetzen.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag