"Fäschen", dat si Bündelen aus dënnen Äscht, déi fréier genotzt goufe fir de Bakuewen ze hëtzen. Déi joerhonnertenal Technik gouf virun engem Mount op d'Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen opgeholl. D'Thillenvogtei zu Randschelt ass déi eenzeg Institutioun hei am Land, déi nach reegelméisseg Fäsche mécht.