Theeme Fridden, Europa an d‘Spiritualitéit hu gëschter déi lescht Etapp vum Poopst Leo zu Metz markéiert. Wéi vill Persoune gëschter zu Metz present waren ass schwéier ze soen, mee de Chiffer wäert net wäit ewech si vun 100.000 Mënschen, déi de Poopst Leo wollte gesinn oder u senger Mass deelgeholl hunn. D‘Carole Schimmer huet dës Impressioune vu Metz aus matbruecht.