D’Lëtzebuerger Studenten-Unioun UNEL weist sech solidaresch mat de protestéierende Lycéesschüler a Frankräich. Si kritiséiert déi schlecht Konditiounen an de Schoulen, verurteelt Gewalt op béide Säiten a warnt dovun, déi ganz Beweegung op d’Ausschreidungen ze reduzéieren. De Generalsekretär Angelo Locatelli erzielt dobäi och vu sengen eegene schlechten Erfarungen als Student zu Stroossbuerg.