Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wie verlount zu Lëtzebuerg?
    Den Observatoire de l'habitat huet déi finanziell a wirtschaftlech Situatioun vun de Bailleuren ënnert d'Lupp geholl. D'Christiane Kleer huet e puer Constaten erausgepickt.
    0 min
  • Dréchent: 15 bis 20 Prozent finanziell Aboussen um Mäerterter Hafen
    De Waasserpeegel um Rhäin läit plazeweis am negative Beräich – an der leschter Woch goufen eng sëllegen nei Rekorder opgestallt. Dat huet de Wuerentransport op där wichteger Waasserstrooss staark ageschränkt. Den Impakt dovun ass och am Mäerterter Hafen ze spieren, wéi den Direkter vu Luxport Gilles Braquet eis op Nofro erkläert. Hie rechent mat finanziellen Aboussen an Héicht vu 15 bis 20 Prozent am Verglach zum Betrib an normalen Zäiten.
    0 min
  • Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?
    Och wann am Fussball grad Lännerspillpaus ass, esou suergt ee Club awer aktuell fir ganz vill Opreegung: Manchester City. Den englesche Fussballclub kritt nämlech virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo ganz grave Konsequenzen hunn. Am Raum sti ganzer 115 Fäll an deene sech Manchester City net u gewëss Reegele gehal huet. Dat tëschent 2009 an 2018. De Jo Diseviscourt mat Explikatiounen.
    5 min
  • Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou?
    Et wäert an Zukunft méiglech si fir EU-Länner, Migranten a Flüchtlingslagere baussent der EU ze schécken. Déi néideg gesetzlech Reegelung dofir gouf en Donneschdeg endgülteg adoptéiert.
    Ass Lëtzebuerg un esou engem Modell interesséiert? A wat denkt den Innenminister iwwer de Projet vun engem neie Krisen-Interventiouns-Mechanismus, bei deem och kéinten Asylprozedure kuerzfristeg ausgesat ginn?
    Dat froe mir de Léon Gloden am live-Interview.
    11 min
  • Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi
    Léiert de Martin Rajna elo scho kennen. Den néngten a jéngste Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huet am Opus Interview no der éischter Tutti-Prouf virgëschter verroden, wéi d’Chimie ass a wat fir dësen Optrëtt musikalesch geplangt ass. An dësem Gespréich hate mir och d’Méiglechkeet fir den 31 Joer jonken ungareschen Dirigent bësse besser kennen ze léieren.
    Den Opus iwwerdréit dem Martin Rajna säin Amtsuntrëttsconcert live aus der Philharmonie, haut den Owend um hallwer 8.
    5 min
  • Kritik un EU-Decisioun iwwer russesch Oligarche Fridman an Ousmanov
    Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Mikhail Fridman, deen de Grand Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d’Decisioun vun där leschter Woch bedauert.
    Si géif dee ganze Sanktiouns-System ofschwäche seet iwwerdeems den Europadeputéierten Ivars Ijab. Op där anerer Säit géing Russland alles maache fir d’EU dozou ze bréngen, d’Ukrain net méi ze ënnerstëtzen.
    D’Danièle Weber huet mam lettesche Liberale geschwat.
    6 min
  • Dréchene Summer: Waasserstänn nach ëmmer aussergewéinlech niddereg
    Och Enn September leien d’Waasserstänn a ville Flëss a Baachen nach däitlech ënner dem normale Beräich. Zu Hunchereng ass d’Mierbech zënter Méint dréchen, zu Hesper beweegt sech och d’Uelzecht nach op engem ganz niddregen Niveau. D’Waasserverwaltung rechent domat, datt esou Drécheperioden an Zukunft méi dacks optriede kënnen.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag